Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Goðafoss

 
Goðafoss
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.12.2007
  • Gekuckt:
    25469
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    217 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D50
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=24268]
Kommentar vum Fotograf:
Dat hei as menger Meenung no eng vun deenen schéinsten Prise de Vuen aus menger Serie vun Waasserfäll aus Island. Demnächst waerten der nach e puer nokommen...Ech hoffen se gefällt iech :) Et handelt sech hei em den Goðafoss (Götterwaasserfall). Der Legend no soll hei en Goðe namens Þorgeir (an der germanescher Welt sou eppes wei en Paschtouer vun haut) dei läscht heednesch Götterstatuen an den Floss gehait hun, nodeems em 1000 n. Chr. d'Chreschtentum islännesch Staatsrelioun gin as.
Mechel 26.12.2007 - 16:48
Waat soll een do nach soen? ...
sommerspross10 26.12.2007 - 17:27
ahhh.den himmel urwen gefällt mir immens immens gudd. mee zu denger berouegung, allseicht sin mir awer d wasserfäll and d aan gesprongeN(;
Klot 26.12.2007 - 18:13
Merci dir 2. Naischt ze dinn? closed_eye
Mechel 26.12.2007 - 18:19
Nee nixs ze dinn.
Ledge 26.12.2007 - 19:47
Tiens de Klôty,

wosst guer nët dass du hei och däin Onwiesen dreiws closed_eye)

Hues puer flott Landschaftsopnahmen an der Gallery. Dës ass sëcher eent vun denge beschten Biller och wann ëch bezüglëch Nobeaarbëchtung aanescht geschafft hätt. Mir fehlt ët virun allem u Kontrast. Wanns de gären Landschaft photographéiers géif ëch der rooden e gudden zirkular Polfilter ze kaafen a keen UV oder soss ee Schissi do bezills de vir d'Bildquali ze verschlechterencool
Fir méi Schärft nächst Kéier Blend 8 wielen smile

Ech hu mëch kuerz versicht:
--LINK GELÖSCHT--

Wann ët nët ok ass dass ëch se hei weisen huelen ëch se roof...


Allez vill Spaaß zu Köln closed_eye)
Klot 26.12.2007 - 20:52
Heiheihei smile merci fir dain Komment, muss ganz eierlech zouginn dass deng Beaarbechtung besser as smile Balsam auf deine Seele...ech hun keen UV Filter drop, muss dann mol kucken op en anstännegen PolFilter fannen...hues du eng bestemmten Präferenz vun Marken? Merci awer fir dain konstruktiven Komment, dat nennen ech Photogen wei et soll sin...

Ech fueren reicht e freiden op Köln closed_eye
Ledge 26.12.2007 - 21:06
Ech selwer hu keen Filter mee wees awer dass B&W ganz gudd (deier) ass. Eng Mark di een a baal all Geschäfft fënnt ass HAMA. Domat mëss de sëcher näicht falsch smile Pass awer op dass ët en zirkularen Polfilter ass. Di linear Versioun ass zwa mi bëlleg mee huet e puer Nodeeler. Enner aanerëm ass ët méiglëch dass deng Cam falsch schaarf stellt oder beliicht...
Klot 26.12.2007 - 21:18
Ok Merci fir d'Info kucken mer dei saach dann mol un smile Hama kennt ja jedes Kind smile
Jennifer 26.12.2007 - 21:28
wierklech eng supper schein foto daat muss een soen , och scheinen bloen himmel,mat sonn,an awer puer wolecken genail smile
Klot 26.12.2007 - 21:49
Merci Jennifer bigsmile
steel 27.12.2007 - 09:13
uuuuuauaauauauuauauuuuuuuuu

do wier ech och elo gaer

merci
steel
Klot 27.12.2007 - 12:53
Hehe hopp an de Fliiger a lass smile
big-basti 28.12.2007 - 12:56
deng série aus island ass wierklech ganz flott an am grousse ganzen hun mer all deng fotoen bis elo gefall closed_eye zur foto : as wierklech erem eng wonnerschein langschaft an waaserfäll sin emmer cool smile mjo maach weider sou closed_eye

mfg,Sebastian
Klot 28.12.2007 - 13:06
Merci villmols Sebastien smile freet mech dass meng Photoen dir sou gudd gefaalen, an wei ech mierken bas du net deen eenzegen bigsmile PS: et kommen der nach e puer hehe...
Icro 06.01.2008 - 16:09
do haste awer e guden moment erwescht ,genial Foto gefällt ma

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 472 Gäscht online