Ech proposéieren eng nei Katégorie, 'Méng Kaatz'.
Mee am Eescht, Michili, fënns du selwer déi Foto interessant? Wisou deels de se mat eis? As et eppes bestëmmtes wou der drun gefällt?
mengn en flotten portrait fun dä kaatz hett ma gefall...se huet immens faarwen (giel schwarz waiss an rosa...)
mee sou weis du dei doten foto gemeet hoss bleift nik mei fill dofun iwresch...
vlait nekste Keier dech bessi mei mat da Foto auserneensetzn, bessi op den Kadrage oppassen zbsp...
des geet neemlich nik fill mei wait wei (gloda schons seet) -meng jaatz- GääääHN =/
Merci fia iach kommentarer ej wees dat fotto net immens gelongen ass ee se huet ma awa iajentwei gefall an eppes mat der fotto matdeelen haat ej eijentlej o net welles ken na nit su gud fotto man pobeirn aus dn kommentarer vun denen aanren bessi bai ze leirn
Probéier einfach als eischt op technesch Saachen opzepassen, wéi z.B. dass d'Fotoen riicht sinn, an dass kéng Plaz an der Foto ass dei immens iwwerbeliicht ass (sou wéi hei lénks d'Sonn déi erageschéngt huet)
Dann probéier wa méigleg méi interessant Motiver ze fotograféieren wéi d'Häusdéieren. Et sinn einfach Motiver dei jidferee fotograféiert an interessant sinn se absolut seelen fir déi déi d'Foto kucken.
Dann muss de just nach e bessen oppassen op de Bildopbäu (d.h. net grad d'Motiv an d'Mëtt vum Bild setzen oder sou) an eng interessant (net ganz standardmeisseg wa meigleg) Perspektiv ze fannen, a schonn hues de eng technesch ganz propper Foto. De Recht hängt da just nach dofun oof waats de fir Ideeen drabréngs.
An zu gudder läscht: et ass "ech" an net "ej", daat liest sech och guer net gutt, letzebuergesch ass dobäi guer net sou schwéier ze schreiwen
Merci merci lo wees ECH schon besse mei (ej <<< dat ass reflex well ech su mat kollegen schreiwen xD )
pobeirnen bei mengen nächsten Fottoen op dei saachen op ze passen!
Tréischt dech, déi allermannst kënne richteg Letzebuergesch schreiwen, mee wéinstens sou schreiwen dass een et riit a séier liese kann misst ee maan, et ass just zu engem sengem Gudden selwer, well aanescht da kréien d'Leit d'Flemm fir ze Liesen an da kritt een och kéng Kommentarer, waat jo normal ass.
PS: Eng genial Idee ass emmer nach méi wärt wéi eng technesch perfekt Foto, mee déi technesch Saache sinn oft méi einfach fir se fäerdeg ze bréngen
aah...omei...lo verstin ech d'?' XD
ech wollt domat usech just soen dass et lo lassgeet am Senn fun fotoen roplueden an baileiren......
(waat joh effektiv o schons direkt den Fall as...)
wa keng Kritik un Gloda odersou..... XD