Ech hun haut "Les Couleurs de la Mer" vum Philip Plisson kritt, an déng Foto hei géif och gudd an dat Buch passen. Dat as ee Kompliment fir déch. Eng ganz atmosphäresch dicht Foto. Wann een déi lo mat ± 20 MB kéint gesin amplaaz mat 94 KB ...!
Ech hun des Foto réischt elo gesi, well se an de läschte 4 Kommentarer war. Et as jo eng Opnahm vu viru ménger PG-Präsenz. Elo hun ech mer mol deng Fotoën alleguer eng Kéier am Schnellduurchgang ugekuckt, an ech fannen do ganz vill Schéines, wat nach net esou richteg zu Eiere komm as. Déi Eier soll dir dann heimat erwise gin.