Ech hun einfach gemaacht wéi wann ech zu de Pressefotografen géif gehéieren, mam wäissen Canon 70-200 op der 5D gesäit daat professionnel äus, war och während der ganzer Course innerhalb vun dem Circuit, bäi der Arrivée op de Linn an haat och ké Problem bäi der Präisiwerréchung mat virun d'Tribün ze kommen. Op groussen Coursen gét daat allerdings nët, do léift keng wann s'de nët akreditéiert bass an dech nët äusweise kanns. ma daat ass jo och verständlich. Beim Gala TDF waren se all déi Johren nach ëmmer ganz tolerant, viräusgesaat du pass op wou s'de dech bewegs a gës nët zur gefohr fir d'Coureuren.