Et ass mer zwar emmer nach schleierhaft firwat en sou en Lensbabies brauch fir en Effekt den en och mat Vaseline oder Blur am PS hinkritt...
me bon, deng Foto ass immens, iergendwéi, duerch deng Schärfteverdelung get en vun sengem rietsen Aen richteg fixéiert. Dobäi passenden Hannergrond, exzellent ausgeliicht, wat wëll en méi?
merci, mat vaseline gett et net onbedengt propper, an hun leiwer fotoen wou ech direkt gesin wei et herno ass, an wou ech net nach vill verschaffen muss. geif soen en groussen virdeel dofun ass och, dass een blend kann wiesselen, waat den beraich an stärkt vun der onschärft ennert, waat ganz praktech ass.
denken och dat mat vaseline eichter einfach en onschärften effekt entsteet, mat lensbabies entsteet en wanns de et sou nennen wells aus zum scharfen krees hin bewegenden beweegend onschärft.
ech kenne nët vill vu Portrait, kann awer soen, datt dat do mir ganz gutt gefällt;
eenzege klenge bémol a méngen Aen ass der Fra hiirt rechts Aen, dat nët esou gutt ausgeliicht schéngt
Dat lenks Aen mengs de? Ech fannen zwar, datt "dat daischtert Aen" grad gudd ass. Doduerch get en richteg op dat "hellt Aen" fixéiert an dat fannen ech grad gudd.
Ech hat mir d'Lensbabies mol um Internet ugekuckt an ech haat e bessi Zweifel mee ech gesin heimat dass den Effekt wirklech flott ass. Ganz flott Foto, am groussen Ganzen...
merci, et ass en ganz flott asetzbart objektiv, mee wanns de dech net grad drop spezialiseiers, dann benotz de et guer net oft, mee dann bleiwt et emmer eppes extraes