Wierklech schéint Faarwespill.
Fir mat als eenzeg Liichtquell den Mound gesäit en datt den Raps ower däitlech vun vir beliicht ass (dain Blëtz eben) an do géif ech mer wënschen iergend en Bléckfang nach virun Raps ze hun, den erklärt wou di Luucht hierkennt: Eng Terrasse, en Gelänner, iergende klenge Wupp net natiirleches... iergendeppes wou en eng Liichtquell dohannert vermudden géif.
Oder den Raps net sou staark beliichten resp. déi gréng Stengelen vum Raps net beliichten, sou datt just d'Bléien an dem fantaschtegen Giel liichten an en en Liichtquell vun uewen dofir vermudden géif, den Mound eben.
Bei sou Fotoen kann en jo mat laangen Beliichtungszäiten schaffen. Wanns de dann, soe mer mol eng Minutt laang beliichs, dann kanns de labber mam Blëtz an der Hand ronderemlafen (souguer duerch d'Bild, dat mecht guer näischt) an gezilt déi Plazen beliichten déis de wëlls. Natiirlech muss de drun denken, deng Blëtzleeschtung ze reduzéieren, sou 1/16 vun der Leeschung ass ganz passabel.
Meng Foto "neien Theater" hun ech sou gemet.
Dach! Ech stoung matzen Am Bild fir de Sten unzeblëtzen.
Dat ass jo eben dat fantaschtescht bei Laangzäitbeliichtungen, du fälls net op wanns de duerch d'Bild leefs. Bon, natiirlech dierfs de dech net laang op enger Plaz ophalen an dierfs dech selwer och net ublëtzen.
Ennen lénks beim Sten an en butzeg klengen rouden Punkt. Den ChLo, den demools dobäi wor, mengt, dat kinnt d'LED vu mengem Blëtz sin oder meng rout Jacket déi ech demools unhat.
Me den Fait ass, et gesäit en mech net!