sorry wann ech der daat lo soen...mee fiir mech gett et net vill Senn einfach e puer Stabilo'en op enger Kusch oder engem Stull (erkennen et net direkt) ze fotografeiren, do as dach awer neischt extraes drun ? ODER? (ganz groussen oder well ech hoffen ech gin lo hei net direkt gestengegt, mee ech well och ganz gären deng Meenung heiren)
Puer stabiloen op enger Couch oder puer Blieder an enger Landschaft ... wou ass do de riesen-ennerscheed ? Irrel
bon ok sandra wir fleit wirklesch besser een ganz neutralen hannergrond ze huelen? oder winnenstens am photoshop alles schwarz ze machen? oder fleit een bessen mei ausgefeilt conzept?
wollt awer lo kengem vun iech zwee opt feiß treppelen
Merci iech zwee trotzdeem fir den Kommentar!
Ech wollt mol eppes anescht probeieren wei Blummen an Raupen Ech kennen mech guer net aus fir soueng Biller ze maachen, mee ech wollt mol drop lass probeieren.
Hett awa net geduecht dass Motiv sou krass doniewt wier...
Ok wert dann mol eng keier kuken wei ech daat maachen kann am PS, Laurent du wees jo ech schaffen guer net dodran
Ech sen, am geegesaatz zu aanere Leit, wiirklech, an daat wees du, keen deen geing ugin mat iirgentenger Foto, well alleng aus deem grond datt ech keen genialen Fotograph sen... Mee fiir mech as op deser foto näischt drun. Keng flott Schärften, kee flott motiv (opmannst as et net gudd an szene gesaat)...
Den Hannergrond as och net genial,......... Basta. do kennt eineges beieneen. Meng Foto deis de als Beispill gin hues as och kengesweegs eng richteg gudd foto, mee well ech meenungen well hun, lueden ech se rop. net fiir unzegin. Sou man ech et och bei deenen aaneren a schreiwen meng eierlech Meenung a keen Frendschaftlechen Blabla...
E flott Farwespill, mée pass op deng Blend op, déi ass ze grouss, doduerch fehlt ët un Déifteschärft . Bei Détailopnahmen ass ët och wichteg datt nët nach méi kleng Détailler am Bild stéiern, esou wéi dee schwarze Fleck um Stopp vun der gringer Farw .
E stoff ouni Muster wierkt als Ennergrond och besser, also gëff dech drun )
Villmols merci Flott en Kommentar vun dir zum Bild kritt ze hun. Wert dann kuken nexte Keier daat mat der Schärft anescht hinzekreien.
Geif mech weiderhinn freen Kommentarer vun der ze kreien
Wei de Bobinski hunn ech och ee Problem mam Motiv...di do Foto geif ech - als Ufaenger - eischter huelen fir mat der Blend an sou weider ze spillen...fir Gefill ze kreien weini ee wei eng Astellung hellt....ech maechen sou Geschier och heiansdo doheem, well een un den Astellungen einfach emmer experimenteiere kann.
D'Stabiloen sou sinn einfach langweileg, awer kee Motiv ass ze langweilig! Do musste einfach deng Kreativiteit spille lossen an eppes Spezielles mat de Stabiloen maan!
Do sen ech dem mika senger meenung, deng iddie as net schlecht. Mach eppes draus ganz banal Stbiloen kennen bestemmt zu enger genial fot emgesaat gin, mee daat do as et menger meenung no net...sorrymee ech mengen e kommentar muss jo net emmer "gudd" "schein" a "genial" sen, mee huel daat lo nemmen net beis, mee als Motivatioun
Nee natierlech...wann een eng foto net gudd fend, soll en data genau sou Hannerlossen wei wann en eng gudd fend! Grad eben weis de sees als Motivatioun, mengen sou gett een Saachen gewuer dei een fleit selwer net mengt oder geseit...wat een dann anescht emsetzen kann...
Huelen et ne beis keng suerg