Vun de Farwen hier gefällt se mer. Vun der Kompositioun hier sin ech net esou 100% iwwerzécht, ouni lo awer kënnen genee ze soën firwaat (mee daat klengt Stéck Gelänner riets uewen zum Beispill stéiert mech).
Kann et sinn dass de relativ aggressiv geschärft hues fir dem Mangel un natiirlecher Schärft entgéint ze wierken? (geseit fir mech zum Beispill un den Ecken ennert der Traap derno aus)
Also 1/30 ass fir mech Limit bei 18mm*1.6 (denken jo déi Formel kenns de: 1/mm als Minimum-Verschlosszeit, mee perséinlech brauch ech méi fir en wierklech gudd Resultat). An wanns de een 18-55 benotzt hues, dann ass f/5.6 secherlech och net den Optimum - ech haat un sech réicht ab f/8 gudd Resultater. Mee wanns de keen Stativ derbai haas, dann haas de och net vill aner Méiglechkeeten.
Also, mir gefällt's D'Fuerwen sin jo sws mool hummer, daat as jo kloer. Dann d'Kompositioun, di gefällt mer. Ech probéiren lo mol ze schreiwen wisou, mee ech sin mer net secher ob iergendeen daat soll verstin! Na dann: d'Traap fannen ech scho mol schein geschwongen (gesait einfach gudd aus wi se gebaut as). dann ass net su "lenks kaal an riets wuarm-basta" mee an deen "kaalen" Deel schimmert besen di wuarm Luut eran (boff ech hoffen du wees wou ech mengen, daat kreien ech net erklärt!) an uewen riets daat stéck Gelänner mecht eeben daat nemlecht mat der "kaaler" Fuerw. E schéint Glaichgewiicht sou ze soen
(Nouk ech hoffen du wees waat ech mengen...)
Kleng Fro: wisou hues de dei net fir den contest geholl?
Merci annemie fir deng Analyse Ma daat mat dem Kontrast tescht de Faarwen huet mer immens gudd gefall Freet mech natiirlech dann wann et aaneren och gefällt
Contest? ...kann ech der eierlech gesoot net soen. Wosst zwar daat een um Laafen wier, mee hun net weider drun geduercht. Vlaicht och aus Zäitmangel.
Schéin geométresch vun enger flotter Fuarwenpalette ennerstetzt. Ausser der schon ugeschwatener liiter Onschärft alles an der Rei. Cool mol erem eppes vun där ze gesin