Mech stéiert d'Posterization e bessen, a wat d'Positioun vum Scheld ugeet gin ech dem Sircharles an dem Yoshi Recht.
Ech fannen et awer gudd, dass den Doudekaap sou liichtend roud ass.
Dass Auschwitz Fotoen 'modern' sin kann ech zwar gudd verstoen, d'Motiver léisen oft scho fu sech aus eng Emotioun aus, an dat ganzt da kombinéiert mat engem gudde Fotograf sengem Bléck fir d'Detail oder och vläit fir eng Verfriemung verstärken dat Gefill vu grausamer Beklemmung oder Schock nemmen nach.
Jo stemmt, mee wann keen mat geet! Wichteg dass sou Saachen net vergies ginn. Hues du nees gudd gemeet, och den Doudenkapp roud gefierft, den engem lo richteg ant Aan stecht an zum nodenken unreegt. Iwerens ass se am orginal genee sou gudd gelongen.