Panorama: Mh jo schon, mee wollt se nët nach méi enk schneiden. Vläicht hätt ech nach een Zentimeter vum Himmel kennen wechloossen, mee méi awer och nët.
S/W: Jo, schéin ass et. Sin och Fan dovunner Mee hei fannen ech daat d'Faarwen och eng Grouss Roll hun... 8-))
ech hun perséinlech leider keng Kritik fir dech, sorry ...
ech hun nëmme Luew ...
déi Foto ass an mengen Aan gutt cadréiert, ech fannen ët hei ganz passend dass d'Mëtt an der Mëtt ass (hmm? ass daat kloer?)
déi verschidden gring Faarwdégradéen sin immens flott
déi Int ... jo, déi ass genau richteg do gepaddelt komm, an du hues se och genau richteg mat an d'Szene geholl an gesaat ...
een Bild waat nët nëmmen "bildlech", moleresch schéin ass, mee och eng enorm Rou vermëttelt ...
Du kanns dir nët virstellen wéi gutt se mir gefällt ... an/well se passt genau zu dësen Deeg, mee ech kéint dir nët soen wisou, daat ass einfach daat Gefill waat ech derbäi empfannen ...
Wonnerbar Faarwen, gefällt mer ganz gutt, d'Foto huet bessen eng traureg Wierkung (also op mech mol) ... mee mir gefällt dat ... an dann mat der Innt nach nach herrlech. (p.8)
daat as eng Harmonesch FOTO an mengen AAN ! PAS MAL!! Spieglung as flott!!
mmh also wann ech sichen dann keint ech soen dei leif kleng Innt do mist dei an vun der annerer Richtung geschwommen kommen.. mee bon wei gesot wann ech sichen... war 1 joke!!
flottflott
Merci ChLo!
Ma ech haat d'Foto - nodeems de Mojoo daat selwescht soot wéis du - am Photoshop mol s/w gemaacht an hun verglach. Et ass affaire de gout geng ech soen. Se gefällt mer och gudd am s/w mee ech fannen hei sin d'Faarwen och wichteg.
Foto gefällt ma! Just halt nees dei üblech fro mat der Rumm, geng soen, wann een dei Foto sou an der Hand hällt as se gudd Rumm, mee hei mam weissen Hanergrond passt se net gudd! Zur Foto selwer, also schein Spigelung am Waasser an gudd Faarwen just schued dass et hannen Dreif as, mee daat leid jo och net un dir!!! ))
Kleent ... wier dëss Landschaft S/W, dann géing se wahrscheinlech enger vun deenen immens schéinen handgemolten chineseschen (oder japaneschen? wees ët elo nët méi...) Tuschzeechnungen gläichen ... an dann wier dëss Foto och ganz flott gin, zumols esou wéis du se gestallt hues ...
ech sin awer och denger Meenung, dass dëss Faarwen am Bild esou speziell sin, dass du se och esou loossen solls ... muss! ... )
(... an dofir klicken ech och elo op déi rechteckeg hellblo Case hei uewendriwer ... ...)