Gudd gesin, wor mir mol net obgefall, hun awer lo mol mei genau gekuckt, ech sin mer net secher ob et en Schied ass, keint och eng Reflexion sin vun der Softbox ? An desem Fall wees ech et wirklech net.
nö, nö een Schied ... well ... an ech verstin ABSOLUT NADA vun Beliichtung ... ech denken, dass vun ënnen riets beliicht gouf ... an dann kéint ët éischter een Schied sin ...
an wann ët eng Reflexioun wier ... dann géing ët jo bedaiten, dass seng Zänn an Wierklechkeet relativ gro wieren ... oder?
ech kann mech awer och gewallllllllteg ieren ....
ech verlaangen hei eng "Expertsmeenong"!! .... ))
Ma nee eben net et gouf 1x mat enger grousser Softbox vum Rechts Uwen an engem 45° Wenkel beliich, an vun Lenks an Aan Height mat engem Selwer Prabeli fir Kontrast ze krein. Durfir stellen ech mer wirklech d' Froo wou den Schied hir keim.
Jo richteg! ... waat sin ech doof !!! ...
hun d'Schied bei Nues an Hals guer nët gutt interprétéiert, resp. iwerhaapt nêt berücksichtegt ...
denken trotzdeem, dass ët éischter een Schied "kéint" sin ... wéinst deem 2. Grond deen ech genannt hun ... mee wéi gesoot .... NADA, NADA, NADA ... verstin ech ............. ass esou just een Bauchgefill ... )
Nee dat ass esou, wei ech schon mei ennen geschriwen hun fannen ech dass d' Sarah en immens scheine Mond huet. Ech hun bei der Foto den Fokus ob den Mond gesat fir den Bleck dorob ze lenken. Dat ass mer jo och gelong, well d' Jade direkt den Schied oder d' Reflexion ob den Zaenn gesin huet. (wat allerdengs net gewollt wor , )
Vu que dass ech mat Blend 5,6 geschafft hun, hun ech mir geducht dass d' Dieftenschaerft nach geif dur goen fir dass d' Aan och nach scharf genuch geifen gin, wat och stemmt. Wanns de ganz gut kucks, (Qualiteit huet ebeschen beim comnprimeieren gelidden) geseis de dat och gud un der Platz lenks niewend der Nues, do geseis de fein wei d' Dieftenschaerft zum Aan ofhelt.
Des Foto ass NET nogeschaerft gin an och net gecropt gin.
Mech steiert et guer net dass d'Aan mei onschaarf wierken............... Mee et waar deng aussoe dass d'Aan 100% schaarf mussen sin bei ngem Portrait... waat mer elo gudd gefällt ass den Liichtschimmer deen op vun hannen op sain gesiicht fällt mee en hätt kennen mei staark sin.. waat mer manner gefällt ass den Aarm am Hannergrond deens de nach gudd hannert dem kenn geseis an och uewen hannert dem Kapp
Jo ech wees dass ech dat gesot hun, an stin och emmer nach derzou, et ass jo bei desem Portrait net esou wei wann d' Aan hei net scharf wiren. Durfir hun ech och d' Blend 5,6 gewielt. Haett ech mat oppener Blend geknipst, dann waer den Arm baal net mei ze erkennen gewiecht, allerdengs waeren dann d' Aan och richteg flou gewiecht wat ech net wollt. Ech wollt den Mond betoenen an d' Aan nach scharf behaalen.
Den Liichtschimmer hun ech mam selwer Schirm vun der Seit gemach. Wann ech den vieleicht en halwen Meter mei weit ewech gestallt haett , dann waeren dei Schieter nach mei hart gin. Du wees jo wei et mat Prabelien ass. Wat mei nobei wat mei eng Softluucht, wat mei weit ewech wat mei hart Luucht. Allerdengs ass et zimlech schweier fir dat lo genau ofzeschaetzen.
Nee ech wollt net mei obdreien, Ech hat den Prabelie ob Blend 2,2 an dei grous Softbox rechts ob Blend 5,6.
Ech wollt eng grous Differenz teschend dem Prabeli an der Softbox. Haet ech den Prabelie mei obgedreint, hatt ech misten d' Softbox ob Blend 8 stellen an mat Blend 8 knipsen. Dann waer den Effekt teschend dem Mond an den Aan fort gewiecht, en plus waer den Aarm dann gestachen scharf wat jo ob keen Fall gewollt wir. Et waer dur gang wann ech den Prabeli en halwen Meter zreck gesat haett an schon waeren d' Schierter ebeschen mei hart gin.
Daat ass awer elo ze heich fier mech. Et ass esou dass wanns de den prabeli mei weit wech stells fällt manner staark Luucht op den Mond vun hannen an den effekt deens du wolls probeieren geet ganz verluer. Hannen mei opdreien hätt desen effekt verstärkt, dann häss de mei luuchtspill op den lepsen gemaach. Luc den selwer Prabeli ass eng ganz aaner lliichtquell wei deng Softbox, eng ganz aaner luucht, wanns de dei allenzwee op der selweschter Stärkt hues, werfen se allenzwee ang ganz ennerschiedlech Luucht oof an du geseis emmer en Ennerscheed.
Du hues deelweis Recht an ech hun mech beim Prabeli geiirt.
Den selwer Prableli brengt natiirlech eng hart Luucht wat en mei no beim Model steht also och mei hart Schierter.
Dat ass awer beim weissen Prabelii genau emgedreint. Net den weisen durchliicht Probelii mee den weissen relextions Prabelii. Bei dem ass et esou wei ech gesot hun. wat mei nobei wat mei soft wat mei weit ewech wat mei hart.
Ech hun schon probeiert fir den Prabeli an d' Softbox ob der selwechter staerkt ze benotzen. Wouel verstan selwecht Staerkt dei beim Model ukoennt. Also am Gesiicht mam Beliichtungsmiesser gemoos. Ech fannen dat geseit net mei esou gudd aus. D' Photo get platt.
Mir gefaellt et besser wann d' Sofbox mei hell ass wei den selwer Prabelii.