..gutt emgesaat am SW, mat baal allen Tounwerter wou d'Skala ze bidden huet
..flotten Bildopbau a vu fir bis hannen schaarf, daat ass menges.., gefällt mir ganz gutt esou..!!
Ouni d'Plaz elo gesinn ze hunn....wier e Cadrage am Heichkant nët hei méi adaptéiert ?
D' Growerter sin ouni Zweifel flott, mee ech ka mer awer och déi flott gréng Patine vun de Fielsen firstëllen...fläicht och liicht desaturéiert...
...mee och deng Variant hei huet eppes! An d'Schärft ass super!
Dat kann een esou gesin mam Titel 'passage difficile', awer 'pour mon vilain goût' fannen ech, datt de jorsch mat der 'landscape-Versioun' mat vill Geschéck e puer gutt Regelen vum Cadrage erabruecht huet: ë.a. d'Diagonal, d'Andeelung 1/3tel - 2/3tel horizontal gesin...
@jorsch: top di doten!
Villmools Merci fir är Analysen an Diskussiounen iwwert d'Bild!
Ech hunn de Schloff an alle Variante fotograféiert, Querformat, Héichformat, 24mm, 70mm ... .
Ech hunn se faarweg an sw verschafft.
Mäi Choix ass bei der heiter Variant hänkebliwwen:
- sw well dann d'Struktur vun der Trap besser erauskënnt.
- 24mm well dann de Wee duerch d'Fielsen méi laang a schwiereg wierkt. D'Lach mam Liicht ass wäit ewech.
-Querformat well dann d'Fielsen de Wee nach méi erdrécken.
Doduerch kritt d'Foto fir mech och e staarke symboleschen Ausdrock.
Natierlech ass dat alles adg an ech hätt gär är Meenung héieren!
Schued datt een elo net di aner Varianten ka bei de Kommentar bäiflécken.
Ass bombastich déi Foto ! Besonech déi Fielsen sin immens opp den Saiten. Interesaant wier gewiescht d'Saiten mat den Fielsen méi daischter ze maachen an am Hannergrond deen Spalt nach weider oppzehellen resp. den glow an d'Luccht ze setzen. Dann hess de een flotten Flucktpunkt do. Trotzdem een flott Bild vun dir ! Super !
Merci VeloBen, och fir deng Iddien!
Ech muss deng Interpretatioun vum Bild emol ausprobéieren. Besonnesch dat mam glow kéint spannend ginn, hunn domat nach keng Erfahrung!