dain tonemapping ass uerdentlëch an d'box gaangen, sorry fir déi direkt ausso. folgendes du hues waiss haloen dran an dann och nach dat berühmten hdr-gro am himmel. an dat ass schued, well d'foto soss nämlech funktionéiert
daat mat dem Halo wees ech, kruut et och net richteg eweg!
Daat groot am Himmel fannen ech perseinlech gud. Gro as menges.
Mee iwert den "affaire de gout" fänken ech net mei un mat diskuteieren, well döfir stin genuch "riesen Texter" am Forum.
Mee huelen deng Kritik awa gären un, well wei gesoot den Halo mech och steiert!.
Iwwert den Himmel kann een jo nach diskutéieren, wann d'Haloen mol raussinn...HDR ass wierklech just eng Saach vun Üben an Ausprobéieren, also let's go
ech denken fir déi riesen-diskussiounen am forum sin ech jo deelweis matt responsabel. "affaire de goût" ass nët diskutabel, ass richteg, och wann ech dacks genuch der meenung sin dass et en verleenheets-argument ass, me gutt. wann een sëch dann op technëch fehler beschränkt, sou wéi ech et hei gemeet hun, soen ech der just dass den hdr-gro allgemeng als en no-go zielt, an och naischt ass wat ech lo erfonnt hätt, et zielt eben als en no-go well et als absolut "künstlëch" an eben nët als "künstlerëch" riwwerkënnt an dat ass fir mëch perséinlëch déi kleng subtil differenz fir et als e fehler ze gesin an et eben nët zu enger affaire de goût ze man. me et ass och wéi ëmmer nëmmen main perséinlëchen gedanken zu dëser foto, an jiddereen mëcht domadder wat en wëll
Gefällt mir trotz Halo'en
(daat get deem ganzen nämlech en speziellen Touch deen ech ganz interessant fannen)
Ech hätt wahrscheinlech just dei Bänk ennen lenks eweg gemaach, dei stéiert d'Symetrie am Bild an mengen Aan