Erem eng Top Serie bis vleit op dei eischt dei mer net esou gudd gefällt well bei denen oofgeschniddenen Been ass mir den Espace uewen ze grouss besser bei der fönnefter awer soss sin ech deen absoluten Fan
Mat der eischter hat ech och sou meng Problemer an ech hat verschidden Sachen ausprobeiert mais naischt huet mech wierklech iwwerzeegt. Ech wollt der Guitar nët den Hals ofschneiden, dofir dei vill Loft iwwert dem Kapp. An och dein schein Foarwen vun den Luuchten nët verléieren ... wann ech awer lo sou kucken wier ët villeicht awer besser gewiercht se ze croppen.
Jo dat ass ok ... d' Wëll ee jo awer dat bescht aus engem Bild machen .... villeicht huet een Digital einfach och zevill Meiglechkeeten herno nach drun fréckelen ze goen
Merci Jeanny, ech wees ët och sou lues nët méi ... ech hoffen alt ëmmer rëm ob Kritik an Verbesserungsvirschléi ... villeich léën ech merselwer d'Laat schon ze heich.
Stëmmt Jeanny, ech hun ee bëssen d'Gefill wéi wann ech ob engem Punkt bei den Concertsbiller unkomm sinn wou ët nët méi sou richteg weider geet an ech fannen dass ët baal keen Sënn méi mecht déi Biller héi ze weisen