Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Min Ruz

 
Min Ruz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.05.2022
  • Gekuckt:
    17645
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1 s
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x1060
  • Späicherplaz:
    1254 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=92001]
Kommentar vum Fotograf:
..hei an enger ganz doucer Owesluucht gewisen.
Nicon07 05.05.2022 - 12:32
Millioune mol fotograféiert, ass dat dote Motiv dach einfach nit kleng ze kréien. An d'Luucht pass hei gutt bei d'Motiv a brébgt ee wonnerbare Farfkontrast an d'Bild.
marker 06.05.2022 - 13:35
Sou as ët. Ech hun zanter Joren e grandiost Buch vum Richard Misrach, deen huet vun Oakland aus iwwer Joeren d'Golden Gate Bridge vu S.F. fotograféiert, ëmmer dat selwecht Motiv, vum selwechten Standpunkt an ëmmer dee selwechten Ausschnëtt, an awer nie dat selwecht Bild. Kuck emol.hei
Merci Nico.
Nicon07 06.05.2022 - 20:20
Dat iwwert eng länger Zäit ëmmer dat selwécht Motiv fotograféieren, dat hun ech och eemol gemaach, an zwar 1996-1997, wéi ech mat ménger deemoleger Nach-nët-grad Fra all Sonndeg vu Miersch op Rammeréch bei séng Elteren op Besuch gefuer sin. (Mir hun do um Mierscherbierg gewunnt). Deemols stoung aus Bruch raus a Richtung Sëll ee Biren- oder Quetschebam an de Felder rechts vun der Strooss. Vun deem wollt ech ee Joer laang all Sonndeg an der Mëttestonn vun enger Plaz bei deene läschten Haiser, wou am Summerwee ee Kanaldeckel ass (also liicht rëmzefannen) mat deem selwéchten Objektiv an der selwéchter Brennwäit eng Foto maachen. Mais irgendwann am Fréijoer, koum de Bauer an huet op enger Säit ee gudden Drëttel vun den Äscht ofgeseet fir mam Trakter drënner erduerch ze kommen (du hat ech schon d'Flemm, well du war méng Serie scho futsch, mais ech hun awer weider geknipst) an dunn ass de Bam och nach am August futti gaangen, sou datt en am September scho keng Blieder mi hat. An irgendwann ass en du ganz wech geseet gin. Ech hat awer nach ee Plang B, an zwar déi Eech am Agang vu Sëll wou an der geféierelécher Kéier do rechts ee Wee rageet. Déi Eech ass haut nach do. Am Fong kéint ech mol neess eng Kéier eng Plaz sou sichen an déi iwwert ee Joer fotograféieren.
marker 06.05.2022 - 21:56
Ech denken dat ech hei net esou falsch leien
Point de mire
Nicon07 06.05.2022 - 22:04
Genau!
marker 06.05.2022 - 22:24
Apropos, op enger Ausstellung vum Raymond Clement hun ech emol eng wonnerschéin Serie gesin, an ebenfals vun eng an dem selwechten Sujet den hien iwwer ee längeren Zäitraum fotograféiert huet, an zwar eng Zwillingseech an der Géigend vu Bourglënster.
Nicon07 07.05.2022 - 14:48
Dat ass de Klassiker. Do huet den R.C. och hei op PG Emule fonnt.

Hei z.B.:
summer...

de Baam

Summer


An ech mengen et sin nach Fotoen hei, déi ech awer lo direkt nit fanne, well se vu Usere sin, déi schon eng länger Zäit net mi aktiv hei sin.

marker 08.05.2022 - 16:10
Flott, flott! Dës schéin Opnahmen ware bei mir schon an de Vergiess geroden, vu dat esou Leit wéi ënner anerem de galileo leider schonns zanter laangem keng Biller méi hei gepost hun.
Merci villmools fir d'Weisen!
Salome 10.05.2022 - 14:18
eng schéin Landschaft, Bretagne as ëmmer neess eng Rees wärt
marker 12.05.2022 - 15:31
Dat stëmmt. Merci gesot

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 284 Gäscht online