Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Uergel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.09.2019
  • Gekuckt:
    40275
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/10 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    29 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1920x1280
  • Späicherplaz:
    963 KB
  • Originaldatum:
    2019:06:24 10:24:43
  • Fotoapparat:
    NIKON D850
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Tamron 24-70 f2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90117]
Kommentar vum Fotograf:
D'Luucht hei an der Kathedral zu Como (Italien) huet perfekt op d'Uergel geschéngt.
t-ren 04.09.2019 - 17:27
Flott dei 3 Zonen an hir Beliichtung
Johny 05.09.2019 - 09:45
Merci.
marker 05.09.2019 - 07:45
Sou wéi ee Spot, wéi d'Luucht durch d'Kuppel op d'Uergel straalt. D'Beliichtung gouf gutt gemeeschtert, an d'gewielte Perspektiv mat den no uewen zoulafende Linnen, déi den den Adrock vun der Héicht ënnerstëtzen gefällt mir ebenfalls.
Johny 05.09.2019 - 09:47
Eigentlech verréckt dass hautesdags esou eng Foto ouni Problem ass an enger eenzeger Beliichtung hinzekréien.
Merci.
marker 05.09.2019 - 17:46
Jo, d'Technik an der Fotoindustrie huet enorm evoluéiert a mecht eis d'Liewen méi einfach, ..d'Maîtrise dovunner virausgesat (..woubäi net zwangsleefeg eng besser Foto resultéiert.)
D'Endresultat ass dat wou et drop ukënnt, an do zielt aleng Kreativitéit an d'Emsetzung vum fotografesche Wëssen, an dat fannen ech hues Du hei an dengem Bild gutt zum Ausdrock bruecht.
Johny 06.09.2019 - 09:57
Do kann ech der nëmmen zoustëmmen. D'Technik ass "just" en Outil fir eis, sou wéi en Handwierker den Hummer notzt fir en Nol anzeschloen smile Wann en net riicht schloe kann, nëtzt den décksten an deiersten Hummer ëm och näischt.
Jean-Jos 07.09.2019 - 22:24
Merci fir se esou grouss eropgelueden ze hun, et ass e Genoss déi Detailler an däerer Luucht ze bewonneren. Très bien!
Johny 09.09.2019 - 08:57
Gär geschitt closed_eye
a Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 279 Gäscht online