Ass daat den Oeschinensei (ech wor nach ni do, geet wahrscheinlech vu Kandersteg aus) eng immens schéi Plietzchen, zemols ëm déi Stonn, wa manner oder guer keng Leit do sin. Excellent mise en scène a cadrage, d'coupure vun der Spigelung duerch de Bootssteeg mat de Booter get dem ganzen e ganz spannenden surrealisteschen touch den eng drett Dimensioun bei DEEM Liicht.
Mäi Jong vu 16 Joer war dëse Summer mat de Scouten do zu Kandersteg an si waren och bei den Oeschinenséi an op d'Bluemlisalp rop. Hie war sou begeeschtert dovunner, datt mir eis virgehollhun, Mamm a Papp, och eemol dohinner an d'Vakanz ze goen. Di Biller, déi hien eis vun do mam Handy geschéckt huet, maache Loscht op méi!
Eng grandios Wanderung , och als Famill gëeegent geet ab Kandersteg mat der Seelbunn bis bei den Oeschinenséi, ab do erop iwwer de Pass vum Hohtürli "mat Blüemslisalphütt" bis op d'Griessalp, a vun do mam Bus nees zrëck op Kandersteg. Ustrengend mä net besonnesch geféierlech, am Guide geet riets vu 6-7 Stonnen, waat an der Regel awer net duer geet, "wann een méi oft stoe bleiwt an eng Foto mecht".
Oh Merci fir den Tipp. Da géif ech et mol maache, wéi mäi Jong a séng AVEX, déi op der Bluemlisalp an der Huett iwwernuecht hun. Vlaicht kritt een als Fotograf da jo een owendlécht a muergentlécht Alpeglühen ze knipsen...
Op jidde Fall, da kann's de den Tour an zwee deelen. Ech hun dës Wanderung virun e puer Joer wéi beschriwwen an enger Kéier zesummen mat menger Fra a ronn 8 Stonnen gemach, an d'Vue op d'Gletschern vu Blüemlisalpmassiv an Doldenhorn ass grandios.
Jo, et ass den Oeschinenséi bei Kandersteg, wou ech elo scho bal zanter 35 Joer regelméisseg een Ofstiecher machen wann ech am Berner Oberland ennerwee sin, neierdings och mat e-MTB.
Et ass eng grandios Platz, déi ech Dir op jidde Fall ka recommandéieren, ausser d'Vakanzenzäit, da wimmelt et nëmmen esou vu Leit an et gesäit bal aus wéi op engem Volleksfest
De spéiden Hierscht fannen ech optimal, ...d'Bild hei ass Mëtt Oktober gemach gin, d'Natur huet dann herrlech Faarwen, d'Luucht ass meeschtens kloer, an als Fotograf hues de dee grousse Virdeel dat d'Seelbunnen an d'Sessellifter hire Betrieb fréi astellen, an domadder d'Touristen och fréi verschwonne sin
Villmools Merci Georges, fir däi Kommentar zu dësem Bild.
Spéiden Oktober ass fir méch als "En saignant" awer noemmen da gudd, wann d'Vakanz do Enn Oktober fällt an Allerhellegen Freides oder Samschdes. Soss goett dat naischt. Et sief, september 1-14 wier och net mi su vill lass do.
Verstinn, als Enseignant ass deng Fräizäit natierlech predestinéiert. Ech ka lo net prezis no Datumer soen wéin, a wéini..., ...mat Vakanzenzäit hun ech allgemeng d'Summerméint gemengt, do ass dee Séi total iwwerlaf. Asiatesch Touristen fënn's de awer d'ganzt Joer iwwer, an och net grad wéineg, souguer elo am Oktober. Mä wéi scho gesot, wann d'Seelbunnen zou machen sin och déi veschwonnen an et ass Rou
Awer emol dovun ofgesinn gin ech primär an d'Bierger fir ze fotograféieren, a wann een déi touristesch Trampelpied bis hannert sech huet hun d'Leit sech och séier verluer, ausser ewéi hei op der Riffelalp, do waren des Touristen eng wëllkom Requisite.
Perséinlech ass fir mech de spéiden Hierscht awer déi schéinsten Zäit, besonnesch wéinst dem Liicht an de Faarwen.