Ech wor mer net 100%secher mam Cadrage an wollt nach onbedengt den Bendchen vum Hut drob. Dun wollt ech den Kenn awer net ganz drob setzen soss waer et nees en normalen Cadrage gewiecht, hmm ech wees net, ech fannen dass en awer och esou wei en ass eppes huet.
Ps. Dat vun menger Fraa krut ech schon oft gesot . Et ass naemlech och nach ze fein fir mech ,
Waat hues de fier een Schirm, mat waat hues de en calibreiert. Ech hun en Eizo opdeem se eng Gretz ze donkel ass, op mengem laptop och an op mengem Imac ass se ok mee do ass den schirm awer och zimlech luminös. Meng ecran'en sin mam Greta mac beth eye1 calibreiert.
Sou do sinn ech vir mech grendlech ze blameieren :o) As u know I'm a Laie an Studiophotographie )
Den Kadrage ass originell, d'Beliichtung ass op mengem Schirm tiptop...dat eenzegt wat mir lo opgefall ass ass den Schied ennert der Nues, ech fannen en verlängert Nues optesch, ech wees net wats du elo an dengem Equipment hues vir dat auszebesseren oder op du dat sou gewollt hues ?!?
Tip top an merci fir deng Meenung. Du blameiers dech an mengen Aan gur net.
Den Schied ass gewollt. Haet ech den net wellen hun haet ech mat der Softbox vun fir drob gebriedert an scho wir alles glat wei en Nonnebauch Nee, den ass gewollt an och normal durch den selwer Prabeli vun lenks uwen.
Ech wollt an dem Fall eng Foto mat vill Kontrast an Schierter. Ob aneren Portraien vun mir ass dat net den Fall.