Exzellent S/W Konvertéierung, schéin Tounwärter an eng gutt Schärft mat villen Detailer. Staark wat do mat ''ur'' aler Technik, virun allem wat d'Optiken betrëfft nach alles méigeleg ass.
Merci Marc, richteg d'Agfa Isolette II mat daer Optik brauch sech guer net hannert Hasselblad oder Rolleiflex ze verstoppen. Awer....verstoppen kanns di wonnerbar kleng liicht handlech Mëttelformatknips(!) an enger Boxentaesch
Ech sin ëmmer neess, nach geschter beim retour aus dem Labo (Garer Quartier II) op en neits iwerrascht gin, wéi schaarf di kleng Lens ass, a si begeeschtert, vu der klenger Agfa
Scans du selwer? Wa jo, mat wéi engem Scanner? Oder léiss du d'Negativer auswärts scannen?
Wéi méchs du dat, fir datt s du keng Stëbskären a keng Fuseme matscans? Dat mécht méch verréckt, wann ech méng Negativer selwer a méngem canon 9000F MkII scannen, an et sin ëmmer neess Parasiten drop.
Nee, ech scannen net selwer wéinst deenen vu dir genante Grënn a Problemer, besonnesch bei s/w Negativen hun ech gelies wier et la mer à boire, wëll do, am Géigensaatz zum Faarwnegativ, anscheindend keng software fir d'éliminatioun vum Stëbs get. Do versteet een dat d'Scannen am Labo (am XL Format) bal 3x de Präis vun der Entwecklung aus mécht. Mee bon et gönnt een sech jo soss guer näischt méi an dësen Zäiten