Eng Smartphone-Foto op eisem Wandertour vun Einsiedeln op Biberbrugg. Am Fong wollte mir méi wäit goe, wéi just di 7 Kilometer, mais an deem Niwwel geet een net wäit an der Schwäiz spadséieren. Et gesäit ee jo näischt...
E reeneregen oder niwwelegen Dag ass heiansdo eng richteg Beräicherung fir Fotoe ze machen "soulaang et net deeglaang unhält"
Esou gesinn gefällt däi Bild mir gutt, besonnesch wéinst där niwwelger Atmosphär an déi naass a wieleg Blieder um Wee ënnersträichen den Androck vum Hierscht.
Deeglaang unhält... genee dat war et jo. Sonndes ;oies nach wonnerschéin, an dunn am Laaf vum Daag ëmmer méi gro. Vu Méindes bis Mëttwochs Reen, Reen an nach eemol Reen, an iwwert 600 müM Niwwel. Donneschdes, wéi mir heem gefuer sin, dréchen a sonneg, fir ze baschten.
Ech sin och mat dir d'accord, datt Niwwel séng flott Säiten huet, mais an de Birger, wann een de Wee net kennt...
Merci, Rosch. Effektiv brauch een an den Niwwelfotoen ëmmer eng Präsenz, ob Mënsch oder Déier, ass irrelevant. Beem sin do fir Strukturen ze gin, an d'Liewewiese fir "Animatioun". Gudd, datt ech hei méng Fra a mäi Jong bei mir hat...
Atmosphaer ass gudd... Wann een do sou an de Bierger (obschon dat hei fir d'Schwäizer Flaachland ass) ënnerwee ass, an et huet ee kee Schimmer, wou ee grad ass a wéi et ronderem ausgesäit, dann ass da Wuert Atmosphaer een Euphemismus...