Dat Bild huet och esou eng gewëssen Dynamik/Spannung.... Et gesäit aus wéi wann e geng ganz konzentreiert Nolauschteren an ob den nächsten Asaz geng waarden... Fir emch ass do eng Dynamik...
Merci fir däi Kommentar theom, ech verstin wats du mengs, du kenns wahrscheinlech eng Reih vu ménge Biller an do sin däerer och dobäi wéi's du dir Spannung an Dynamik bei engem Batteur virstells.
An der Fotografie gëtt et awer méi Art a Weisen Spannung opzebauen, wéi just durech d'Bewegung, z.B. mat Linnen, mat der Opdeelung vun der Bildfläch, mat der Bléckrichtung (wéi ech d'Foto liese kann, z.B. vun ënne lénks no uewe riets), mat de Kontraster, . . .
An dësem Beispill vum Boris Dinev sin et z.B.:
- déi parallel laafend Diagonalen vum Batteur an dem Stick lénks mam Noutepult, déi mat dene wéi e Krëschtbeemchen opgereihten Cymbals a Spannung stin,
- d'Bléckrichtung wéi uewe beschriwwen, awer och de Bléck vum Batteur an d'Richtung vun engem anere Muséker, wou ee sech d'Fro stellt, wat elo geschitt . . .
Ee Gléck, datt jiddereen Fotoen emmer mat aneren Aen gesäit, dat mécht eisen Hobby méi spannend.