Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

d'Asymetrie,

 
d'Asymetrie,
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.12.2017
  • Gekuckt:
    30321
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    5Min
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    17mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Den schléit alt emol an
  • Beliichtung:
    Sou wéi se as
  • Gréisst:
    800x498
  • Späicherplaz:
    113 KB
  • Originaldatum:
    24.12.17
  • Fotoapparat:
    Jo
  • Programm:
    B
  • Objektiv:
    An och
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:
5.6 hätt ech missen an änneren op 8.0-11.0 dann wier d'Schärft besser gin, Sorry

Fir anzesetzen: [pg_img=88941]
Kommentar vum Fotograf:
an der Symetrie.
rosch2014 30.12.2017 - 07:45
Schein duergestallt.
kokopelli 31.12.2017 - 19:56
Merci
Jean-Jos 30.12.2017 - 19:44
Du weess firwats de se esou kleng eropgelueden hues.
Wanns du déi doten 5 Minutten beliicht hues, dann häss de Spilles mat Blend 9 an ISo 1600 eng ëm d'Halschent reduzéiert Beliichtungszäit kënnen erauskréien an e vill bessert Resultat. Ech weess nët mat wat fir engem Fotoapparat datt's de fotograféiers, mee haut kann ee relativ problemlos bis 1600 oder 3200 Iso goen, ouni zevill Rauschen dran ze kréien.
Ofgesin vum Schäerfteproblem, fannen ech dës Foto richteg staark durech d'Symmetrie, d'Luucht an déi herrlech sw-Ëmwandlung.
kokopelli 31.12.2017 - 20:05
Se as esou lang beliicht well ech hei keng Leit wollt drop hun(ND3) fir déi voll pracht vun der Tube Statioun ze weisen, hätt se nach missen méi lang beliichten bei BL9-11, dann wir eventuell d'Schärft besser gin. Dat 17-40 f/4 schaft bei oppen Blend net ganz guttsad

Ech fannen et wéis du sees mat 1600 oder am allgemengen mat héigen ISO'en ze Fotograféieren och interessant well oft huet een Sujet'en wou en starken Grain richteg gutt dozou past. Allerdengs dann meeschtens S/W, well an faarf gefällt mir perséinlech d'Rauschen net esou gutt.

Merci Jean-Jos an e gudden Rutsch an d'Neit Joer......
kokopelli 01.01.2018 - 20:42
Eppes wéilt ech nach gären wëssën Jean-Jos, wisou sollt ech se méi grouss eroplueden, gët ët dofir iergend e grond? As net béis gemengt awer wéi ech fannen eng berechtëgt fro.
Jean-Jos 02.01.2018 - 22:09
Dir och e gudde Rutsch!

Merci fir déng Explikatiounen.
Normalerweis lueds du déng Fotoen ëmmer méi grouss erop, 1000px an der Breed, heiandsdo esouguer 1500. Wat eng Foto méi grouss ass, wat d'Onschäerft méi staark opfällt, dofir hat ech geduecht du häss se bewosst nëmmen op 800 px eropgelueden, ech mierken durech déng Fro, datt dat nët esou ass.

Déng Erklärung zu der langer Beliichtungszäit ass absolut plausibel.
kokopelli 10.01.2018 - 19:59
As gärgeschitt, an ech hoffen du hues d'Joer gutt an mat flotten Biller ugefangen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 356 Gäscht online