Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mama Schoof

 
Mama Schoof
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.07.2017
  • Gekuckt:
    24331
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x1000
  • Späicherplaz:
    389 KB
  • Originaldatum:
    2017:07:07 20:05:07
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    NIKKOR 24-120
Kategorie: Déieren »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88404]
Kommentar vum Fotograf:
Photoshooting an der Wis.
Mäin ganz gedëllegen Model: D'Mama Schoof.
pitchul 12.07.2017 - 20:13
Fott Foto vum engem flotten Deier smile
Paul-H 13.07.2017 - 00:04
Merci villmols!
Raypics 13.07.2017 - 00:04
Ech muss mol eppes lass gin. Et schengt hei en Trend ze gin Fotoen eropzelueden dei keng Detailer mei hun oder onscharf sin! A wann ech dann nach sou Saachen liesen wei "jo se as net ganz scharf mee geet awer nach duer" dann gin ech rosen. Wann eng Foto net dei bescht meigleg Qualiteit/Schärft/Detailer huet ma dann lued se net hei erop! Ech schwetzen mol net dovunner dass daat Schoof lo net schein as oder iwwert den Inhalt vun der Foto. Daat geet vleit duer fier um Facebook an der Anfängergrupp awer menger Meenung no hun sou Foto'en neischt hei ze sichen. An et as jo net dei eischten Keier dass een sou Sachen hei geseit. Wann ech mer d'Wochenphotoen vun fierun nach Meint oder Joeren ukucken dann geseit een awer wei weit mer hei komm sin. Daat do wier et soss net hei gin. Oder Leit dei sech hei umelden an sech jo fier d'F... neischt soen loossen bzw. mol net op eng Kritik äntwerten an monter weider posten. Ech sin selwer nach en Ufänger an hun nach ganz vill ze leieren mee daat do kann et jo awer net sin. Ech hun och schon genuch Foto'en gemach dei eigentlech net schlecht sin mee z.B rauschen wei Sau, Fokuspunkt setzt net 100% oder et as soss iergendeppes...mee dann posten ech se net! A wann eppes sollt sin dann soot mer et an ech leieren dorauser. Dann as se eben net gudd genuch fier op des Seit. As jo net schlemm. Sou wollt daat lo mol lassgin...ouni lo iergendeen Streit wellen ze provozeieren.
Paul-H 13.07.2017 - 00:14
Ech verstinn lo wirklech net firwats de desen Kommentar enner des Foto geschriwen hues, erklär mol?
Raypics 13.07.2017 - 00:23
Steet alles do. Mei deitleg kann ech lo net gin. Qualitativ as se net ze gebrauchen. Se rauscht, se huet keng Detailer, se as net scharf.
pixelman 13.07.2017 - 15:24
Paul, et ass eng schlecht Foto, ech schreiwen elo net nach eng Kéier daat selwecht, steet alles am Raypics sengem Comment !
Paul-H 13.07.2017 - 21:06
Gudd, hun mech am postprocessing vergalopéiert, an zousätzlech zevill gecropped. Gesin ech lo och an. Ech loossen se awer drop, "Sarkasmus on"endlech mol rem eng Foto wou eppes drenner geschriwen geschriwen gett "Sarkasmus off", wann och negativ. Et ass net déi éischt an secher och net déi lescht Foto déi ech hei zerappt kréien. Ech kann awer dofir nach roueg schloofen. Waat mech awer liicht stéiert ass dass desen Kommentar graad ennert deser Foto kennt, well hei gett qualitativ nach wesentlech schlechteres rop gelueden wél déi heiten. Doriwer raus, ech hun et schon op op enger aanerer Plaatz geschriwen: Fir mech zielt och den Ausdrock an d'Stemmung vun der Foto. Menger Meenung no huet des Foto daat. Gesin awer an dass bei enger idealer Foto alles soll stemmen. Ech huelen d'Kritik un an betruechten dest och net als "Sträit" mee ech géif mer wënschen dass dann och méi positiv Kommentaren enner qualitativ gudd Fotoen (natierlech net nemmen mengen) geschriwen gin. Nemmen sou kennen mir photogen "retten", falls daat iwerhaapt nach erwenscht ass ? Wann ech liesen dass e Comitésmember schreiwt dass den site net sou wichteg ass wéi d'Clubaktivitéiten (wéi eng????) dann maan ech mer sou meng Gedanken.
gunman 13.07.2017 - 20:10
Ech ginn dir 100 Prozent Recht bei deem waats Du schreiws.
Besser hätt ech et och net kennen soen.
Wann Photogen esou weider mecht, dann ass et geschwenn eriwer.
Déi Décisioun fier zouzelossen, dass hei jiddfereen seng Photo eroplueden kann, ouni dass en Gremium doriwer décidéiert, daat war an mengen Aen en katastrophalen Fehler !
Vill gutt Photographen hun dowéinst Photogen schons den Reck gedréint (Schluck an nach aanerer).
Et ass wéi am Enseignement: keng Noten, keng Kritik, Compenséieren etc, etc. mais nemmen net d'Wourecht iwert daat waat een geleescht huet, well soss ass et gesch...
Paul-H 13.07.2017 - 21:11
Siehe meng Entwert uewen un den raypics an pixelman. Zousätzlech dozou muss awer gesoot gin dass den Schluck wéinst perséinlechen Differenzen mat engem aaneren Member , déi hei öffentlech ausgedroen gin sin, hei näischt méi roplued an net aus aaneren Grënn.
Eric_1989 13.07.2017 - 17:17
ech hun mir dei foto gud ugekuckt an fannen wei den raypics seet sie ass onscharf smile
Paul-H 13.07.2017 - 21:17
Tatsächlech ! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 405 Gäscht online