Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Safety first....

 
Safety first....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.01.2017
  • Gekuckt:
    28327
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    567 KB
  • Originaldatum:
    2017:01:01 15:06:44
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87734]
Kommentar vum Fotograf:
Zu Esch um Schlassgoart gesinn, an - ouni wëllen déi ominös Sproochendebatt unzekuerblen - et huet mech erstaunt, dass do d'Warnschëld ob Däitsch ass...

tormi 23.01.2017 - 15:06
daat ass wei op der treierer Autobunn richtung Staadt wann d'Warnhinweiser op franseich do stin smile
jaya-the-cat 24.01.2017 - 08:27
Merci fir däin Kommentar...
Nicon07 23.01.2017 - 16:26
Ouni lo eppes ze ënnerstellen, mais vu datt eng Foto jo ëmmer just Ausschnëtter weist, kann et net sin, datt am Hors-cadre rechts net wäit vun deem Schëld hei ewech, och nach eent op franséisch hänkt?
Oder, aanere Point de vue: et kann ee séch froen aus wéi enger Zäit dat Schëld do staamt: 60er Joeren? 70er Joeren?
Bref: Fir méch ass dat doten elo net außergewéinléch, well am Schlassgoart an zu Esch/Schëffléng hu jo awer zu ARBEDs-Zäite vill "Letzeboia" closed_eye geschafft.

Zur Foto: Mir gefällt se gudd, well do eng manifest Ironie dra matschwéngt. Deen ofgebliederte Botz , déi Rëss an der Mauer, dat Ganzt a brong-groen Téin, an Oppsitioun zum rechtsen Drëttel, wou eis Nationalfarwen subtil séch weisen. Jiderengem ass et iwwerlooss, dat fir séch ze deiten...
Mais wat och nach witzeg ass, ass den Hydrant, wéi wann ee mat Waaser kéint eng Mauer (een Haus?), dat an ee Koup fällt, ophaalen.

Gudd gesin!
jaya-the-cat 24.01.2017 - 08:30
Merci fir däin ausfeierlechen Kommentar. Also et hänkt (zumindest am Joer 2017) keen Schëld ob Franseisch derniewrt, ech well awer net behaapten, dass dat nie esou war. Scheld staamt wéis du et vermuts wahrscheinlech aus den 60er zu enger Zäit wou effektiv am Schassgoart wahrscheinlech Lëtzeboia do majoritär aktiv waren...

Ech wollt effektiv, dat Wuert Secherheet der delabreierter Mauer geigentiwwerstellen. Schéin dass du fënns dass dat gelongen ass.
pixelman 24.01.2017 - 08:54
Flott Detailer. Kontrovers och di futtis Mauer an den "avertissement" !
jaya-the-cat 24.01.2017 - 11:32
Merci fir däin Kommentar. Genau dei Kontrovers wollt ech weisen...
jorsch 25.01.2017 - 18:05
Den Hydrant ass schief, d'Mauer bréckelt, just d'Schëld selwer gesäit nach enegermoosse stabil a sécher aus. Flott fonnt!
jaya-the-cat 26.01.2017 - 09:07
Merci fir däin Kommentar

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 342 Gäscht online