Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Illusioun ? Né!

 
Illusioun ? Né!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.08.2016
  • Gekuckt:
    37896
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    43
  • Beliichtungszäit:
    300sec
  • Blend:
    f7.1
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    252 KB
  • Originaldatum:
    08/2016
  • Fotoapparat:
    Fujifilm XT1
  • Programm:
    B
  • Objektiv:
    10-22
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch
2. Kategorie: Digital Art »» Allgemeng
Extras:
eng Pëll well ech de Knéi wei haat

Fir anzesetzen: [pg_img=86824]
Kommentar vum Fotograf:
Den espace deen, deen ais net d'Wourescht seet ...
Mir liewen gaeren an Ilusiounen ... oder mir liewen nemmen an der Illusioun ...
Des Foto ass mool keng Illusioun well se villeicht en se sech net kenn approprieren mamm Verstand ...
Eppes waat net verstaanen ass, ... get oft net denatureiert ... fir dass et an eng Ilussoresch Welt eran passen muss...
Pit 16.08.2016 - 22:45
Cool, gefällt mir.
gtaddei1 16.08.2016 - 23:48
Firwaat?
Villmols merci ...
Conley 21.08.2016 - 01:29
Schachmatt! Bei Amazon muss een, mengen mëttlerweil 15 oder 25 Wierder schreiwen. Dass Kritik iwwerhaapt Akzeptéiert an verëffentlecht gëtt. Hei kann en just e Punk maachen an Foto, an't WF wielen! Top Excellent Wonnerschéin. Sinn dach just Komentaren fir sech beléift ze maachen!
gtaddei1 21.08.2016 - 11:41
Näischt geint de Pit... mé Conley ... du hues recht ... Et muss een emmer nees weisen dass een existeiert (Gesetz vum Net an dei SocialNet... ) fir dass een och considereiert get...
Mé ech mengen eierlech net dass de Pit daat mecht ... hai an do fennt een keng Wieder ausser just en "super" oder en "wow" fir auszedrecken dass en Bild (oder soss eppes) engem Gefall huet...
De Kommentar ass oft flott am zesummenhang vun Bild-Beschreiwung well dann get och d'intentioun vum Fotograf besser beschriwen ... an d'Bild gret an sengem Filosofeschen Kontext gesaat ... (seff daat elo just nemmen Doku oder soss eppes) ...
Dei beschten Fotoen sin emmer am zesumenhang mat der Intentioun vum Artist...
Conley 21.08.2016 - 13:55
Ech hunn och näischt géint de Pit oder een aneren! Du hues just eng Fro gestalt? Wann een keng Wierder fënnt ass dat awer keng Schan dat éierlech ze schreiwen. An de Froen stëller duerch eng Äntwert ze respektéieren.
gtaddei1 21.08.2016 - 19:19
Gin dir Rescht ... (hun och net verstaanen dass du eppes geint de Pit haess... absolut net smile )
An och esou eng Dialektik ass extrem Interessant well se d'Kummunikatioun erreichert ...
Conley 16.08.2016 - 23:01
Mir gefält däin Bild bis op e pur Klengegkeeten ganz gutt! De Cadrage ass no de Regelen, di fir mech net onbedéngt ëmmer wichteg oder richteg sinn. Hei passt dat awer ganz gutt. Gro téin am Gebai ginn der Foto mat de Linnen eng schéin Kloerheet. Den Hannergrond ass ganz schéi mat de Wolleken. An trotz der flaacher Fassad ass eng gewëssen déift am Bild. Schwaarz ass genuch dran, awer net ze vill. Wäiss, do ass nach e bëssen Loft no uwenn. Präsens an't Kloerheet wier dann villäicht nach besser. Den deel vum Gebai deen do nach eraus luest, huet mech am Ufang gestéiert. Mëttlerweilen géing ech nach gären méi dovunner gesinn. Dann bleiwen dann awer just als Konstruktiv Kritik. Liichter nach e bëssen un passen, an e pur wäiss Pixelen am Gebai ewech stempelen.
gtaddei1 16.08.2016 - 23:48
Merci fir den kunstruktiven Komment...
Du hues Recht ... waat den Kadrage ungeet ... e bessi onventionnel... mé daat woor gewollt...
Waat dei hell Téin unginn ... do ass en luesen iwergang vun allen GroTé!in an deenen verschidden Zonen respekteiert ... an et ass grad deen méi Doucen Kontrast deen dobai entsteht dén mech usprescht... Ech haat mir d'Fro gestallt op ech net mei hell Téïn dran machen sollt ... mé haut haat ech daat neidescht Gefill net dozpou...
Waiss Pixelen ass net esou schlemm dei gin guer net op de Papaier eriwer...
Den 3 D Effekt kennt durch d'GroTéïn an net durch d'LinnenVolumen vum Gebai...
Den Titel ass virun der Béa do gewiecht smile
Des sin flott Komment ... Meci
Conley 17.08.2016 - 22:46
Wann ech wéilt Recht hunn, géing ech bei dëser oder och bei aneren ganz gudden Fotoen vun ganz gudden Fotografen seeche keen Komentar méi schreiwen! Et geet mir dreem eppes ze Léieren. An dat kann een nëmmen wann een sech mat enger Foto beschftege, an dann probéiert eng Konstruktiv Kritik ze schreiwen. An hoffen, dass déi dann och analyséiert gëtt. An eng éierlech äntwert kennt!
gtaddei1 18.08.2016 - 08:24
Et ass genau daat waat ech emmer probeiert hun mat ze deelen ... oft ass net eng analyse neidesch well d'Bild , subjektiv gesin, engem net direkt eppes seet oder well se einfach nix besonnesch duerstellen well...
Eng Foto analyseieren ass komplex! an dei dei sech dofir Méi gin et ze maachen sin extrem ze bewonneren!
Eng Eierlech Arntfert ass de Respekt deen een huet virun der Kritik an dem
"Kritiker".
m-otiv 16.08.2016 - 23:27
Wow daat ass ganz grousse Kino...
gtaddei1 16.08.2016 - 23:42
Merci Vito ...
Focus 17.08.2016 - 16:52
Ech gehéieren zu deenen déi se effektief nach net versteet. Wéi as deen Flou lénks enstannen? 5Minuten beliicht? mat Grofilteren, an och nach nuerts. Resultat as op jidde Fall grandios.
gtaddei1 17.08.2016 - 18:28
Hallo... Merci fir de Komment ...
D'Illusioun duerzestellen andeems een d'Gefill gin well vun der existenz vun der "ambiance temporelle" , daat heescht dass d'Zäit dei och op desem bild ze "gesinn" ass net verstaanen gin kenn mé just nemmen "contempleiert" gin kenn ...
Waat ass de contenu temporel an enger foto... eng questioun dei waerend enger Austellung zu Bekerech den 19.10 waert abordeiert gin. Eng Frostellung dei vun 3 Säiten waert diskuteirt gin: 1- Literatur, 2- Konscht en general, 3- Photographie en particulier...
Merci villomols...
PS: à propos et woor geint 4 Auer mettes den 14 August... Ganz lang pose well keng Loft do waar... Fir flou ass am foing hannert dem gebai , fir ass vis à vis ---> dofir Illusioun
ornitho 17.08.2016 - 19:00
Resultat vun Vangenheet an Präsenz an engem Bild illusionnistech deurgestallt...Deng Offstuffungen vun den Grohtein gefallen ma ganz gud bei deier Foto oder besse gesot Illusioun !
gtaddei1 18.08.2016 - 08:26
Merci Gianni...
Ech hoffen dass de am 14-10 op Bekerech kommen kanns.
jorsch 18.08.2016 - 09:48
Du hues et hei fäerdeg bruecht aus eppes ganz Einfaches eppes ganz Spannendes ze maachen. De komplexen, wann net e bësse verwirrenden ( illusoreschen? ) Dosage vum Liicht, mécht eppes ganz Besonnesches aus dem scheinbar banale Sujet.
Gefält mir exzellent.
gtaddei1 18.08.2016 - 22:00
Ben deng Wieder ... sin esou ewei dei meescht Kommenten elei enorm Waertvoll dass se d'Bild verblatzen
Maimonides 18.08.2016 - 21:32
Pourquoi une illusion, Gennaro?
Ce n'est tout de même pas un fer à gaufres.

Serait-ce quelque chose?

Une idée, un rêve, une nuance, peut-être?
Une platitude mise en relief
par même pas 1 millimètre
de profil au tiers inférieur?

Et les cauchemars de l'esprit d'Aladin
nous rappellent que les illusions de l'un
ne sont pas forcément celles de l'autre:
elles ne sont ni universelles, ni cosmopolites
ni intemporelles.

Exzellent Foto.
gtaddei1 18.08.2016 - 21:58
Oh Charles ... la composition de ton texte vaut plus que 1000 x la composition de cette image ... mais permets moi stp de manquer d'humilité et de me permettre le luxe de l'illusion que ces mots aient été inspirés par la "contemplation" de cette platitude mise en relief... Je te remercie pour ce jet de poésie ... qu'a su donner à cette illusoire icône son inconsistance.
Oh combien j'apprécie que l'illusion est tellement subjective que les âmes qui tendent à se faire des illusions
Merci de coeur !
Maimonides 19.08.2016 - 20:16
"Platitude", Gennaro,
sëcher net am Sënn vun "Banalitéit",
mais am Sënn vum platte "Plakat"
wat dann awer e Relief kritt
duerch deen ganz klengen
"ugepëchtenen" Profil
am önnischten Drëttel.
gtaddei1 20.08.2016 - 09:18
Haat daat och esou verstaanen... smile
Maimonides 20.08.2016 - 22:01
Sérénade et sarabande
https://www.youtube.com/watch?v=pxzEffekCl8
Maimonides 20.08.2016 - 22:47
Oder och nach dat hei:

https://www.youtube.com/watch?v=8VWy8yll3jA
Maimonides 20.08.2016 - 22:55
Dest och nach, éventuell:

https://www.youtube.com/watch?v=szNJ6DqrqoA

gtaddei1 21.08.2016 - 11:34
smile
Légères et futiles
Non encombrantes
Aérique... Oniriques? et en même temps réelles... en soi
Maimonides 21.08.2016 - 22:42
Ceci aussi,
un peu plus compliqué, Gennaro:

https://www.youtube.com/watch?v=MPz4WElbtZI
gtaddei1 18.08.2016 - 22:01
Armand... Merci fir de Fav... an och dennen aneren ...
wann e fav fir dei gudd Kommenten och meiglech waeren dann...
JADE 21.08.2016 - 13:31
"L'oeil ne voit que ce que l'esprit est prêt à comprendre "
Henri Bergson - philosophe
an 2 Stonnen gin d'Kopien opgehuewen closed_eye

tjo, waat soen ... ech sin net esou philosophesch opgeluecht (verstin nix dovunner smile ass mir ze héich) ... awer däin Bild kucken ech elo emol einfach graphesch, an ech kann emmer nemmen widerhuelen --> du hues een gutt Aan, an esouguer 2 oder villäicht och méi!!
smile
gtaddei1 21.08.2016 - 19:17
Hallo... sin emmer frou wannste mech mat der Eier staerkst dech an den Komment-Vollek vun "mengen" Fotoen ze hun...
De Bergson hueste jo wuel net par hasard ziteiert ... eben well hien sech mat der Perceptioun jo wuel e bessi oofgin huet... An d'Vue ass en fin de compte perceptioun... mé elo ... jo virun deem ech unfaengen mat schreiwen ... waat mengt een ennert Esprit ... ? smile

Vum Grafeschen Standpunkt ... ass d'Foto eng Planitude... awer net Plakativ... sie inviteirt villeicht an eng contemplativ visioun... (Jozef Bury an nach e puer anerer) ... fir villeicht ausserhalb vun den Linnen (au-dela) ... eng Ambiance ze fannen ... dei den Esprit matkritt awer den Intellekt net versteht ... mé mamm Aan gesin get... unhappy

Hun e Brell mat doubelem Foyer, ma chère, daat hescht och eppes ... unhappy
JADE 13.09.2016 - 19:24
do! ... hun daat alles verpasst hei ...
nodeems ech d'Gehier haut nawell hun missten unstrengen ... soen ech nix zu denger Äntwert, G., ass mir erem een Niveau ze héich bigsmile
gtaddei1 14.09.2016 - 01:04
Och hai glewen ech dir net
Maimonides 21.08.2016 - 22:24
Et si l'oreille
voulait faire
la même chose,
JADE?
JADE 13.09.2016 - 19:25
hei och ... kann net méi iwerléen haut bigsmile
Maimonides 13.09.2016 - 20:00
https://www.youtube.com/watch?v=6oBIJTnqXMg
JADE 13.09.2016 - 21:10
ma daat kënnt gutt bigsmile
gtaddei1 14.09.2016 - 01:04
Iwerleen net! Fillen jo! smile
JADE 15.09.2016 - 00:57
fillen ... daaaaaaaat kann ech ... gutt smile
gtaddei1 18.09.2016 - 00:11
ma dann hueste alles ... wann daat fillen alt net zefill Sënnlech ass smile
JADE 18.09.2016 - 00:42
ma, esou just racontable ... bigsmile
gtaddei1 18.09.2016 - 14:58
oohhh du ...
mischii 25.08.2016 - 23:28
Bon, mol als éischt, ech haat en Noexamen an der Philo op première,
als zweet
daat Bild gefällt mir onheemlech gutt,
fir mech schwieft di Architektur an de Wolleken,an et sin awer kloer Linnen do , déi een op de Buedem zréck brengen
gtaddei1 27.08.2016 - 17:05
Merci Mischii...
Nioexamen an der Filo ass net schlemm...
En effet .. d'Illusioun ass jo eng aner Realiteit awer interpretativ... esou ewei mir zB "anerer" gesin

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 343 Gäscht online