Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

colonnes philharmoniques

 
colonnes philharmoniques
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.04.2015
  • Gekuckt:
    18197
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    799 KB
  • Originaldatum:
    2015:03:28 16:46:58
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82552]
Kommentar vum Fotograf:
Entrée vun der Philharmonie ( Architekt: Portzamparc ) mat Spijelung am Bureausgebai géigeniwwer.
Sutebe 02.04.2015 - 16:36
Gefaelt me vun den linen hier wierklech gut .. Gif maengen dass se ouni Spigelung nach mei stuark wier ass och esou schons gut..

Gif ech gaer am S/W gesin
Maimonides 02.04.2015 - 20:11
Genau esou Sutebe.

Am S/W wärt een den Daach, lénks vun de Säilen, nach besser gesin.
Sutebe 02.04.2015 - 20:28
Jo daht kann sin dass et am Sw nach mei erausstecht ..

Kriss mat PS d'spigelung jo awer eraus .. Ass just en bessen arbecht
jorsch 02.04.2015 - 22:36
Merci Sutebe a Maimonides fir äre Kommentar an är Ureegungen.

Hei meng Iwwerleeungen:
1) Ech hunn d'Bild am SW ausprobéiert. Mir huet di heite Versioun besser gefall wéinst dem Kontrast vum dezente Gréngtoun an de Fënsteren mat dem waarme Toun op de Sailen.
2) D'Spijelung sollt en zousätzleche Reizpunkt duerstellen, ouni deen d'Bild just aus vertikalen an horizontale Linne besteet. Ech hat gemengt et wier doduerch méi spannend.

Mä ech si frou aner Meenungen ze héieren an ech wäert mol probéieren, d'Spijelung ewechzestempelen fir ze kucke wat dat gëtt.

Sutebe 03.04.2015 - 06:27
Gif sohen dass se ouni spigelung fier et mat dem FraSi sengen wierder et ze sohen mei grafesch wierkt smile Gif dei 4 fensteren wou d'spigelung ze erkennen ass einfach mat 4 Layeren vun fensteren ouni zwee hellegkeetsstuffen iwerdecken .. Den ganzen lenken block deen mei hell ass dann mat enger mask eenzel an de hellegkeet unpassen an gut ass smile 5 min arbecht smile
FraSi 02.04.2015 - 22:12
Wundervoller grafischer Ausschnitt, perfekt ins Format gesetzt!
jorsch 02.04.2015 - 22:45
Dein Kommentar hat mich gefreut, Frasi!
Conley 02.04.2015 - 23:24
Spigelung déi mécht Bild dach e réischt besonnesch. Géing nach hei probéieren se nach méi eraus ze schafen, op elo am s/w oder och am Faarwegen!
jorsch 03.04.2015 - 15:22
Merci Conley fir däin Avis.
Ech hat gemengt, d'Spijelung géif Spannung an d'Foto bréngen, an ech si frou datt nach een dat esou gesäit. smile
Jeanny 03.04.2015 - 07:08
wonnerbar an Bild gesaat jorsch, kennt ech mir och an sw virstellensmile
jorsch 03.04.2015 - 15:22
Merci Jeanny.
SW hunn ech probéiert, dann awer déi faarweg besser fonnt.
Jean-Jos 04.04.2015 - 15:35
Ëmmer erëm spannend!
Flott Georges.

!Dës Foto ass net méi am System!
jorsch 07.04.2015 - 14:37
Ah, ech gesinn, du has schonns ähnlech Iddien! Bei dir gefält mir di 5. besonnsch gutt, si ass scho bal abstarkt.
Merci Jean-Jos fir de Kommentar an d'Weise vun denge Biller!
He-Lx 04.04.2015 - 20:23
E Klassiker
BG Henri
jorsch 07.04.2015 - 14:38
Jo, do kënnt een net derlaanscht.
Merci Henri.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 377 Gäscht online