Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Divertimento 003

 
Divertimento 003
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (10.09.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.09.2013
  • Gekuckt:
    22617
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    40
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    400x535
  • Späicherplaz:
    136 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Architektur  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74749]
Kommentar vum Fotograf:
op spezielle Wonsch vum gogo
bopa 07.09.2013 - 16:59
Hei de Kommentar vum gogo bei Divertimento 001:

Du hues mei där Biller soos de, vläit wëlls de nach eng weider roplueden.

Hat deemols d'Foto net kommentéiert, ech muss zouginn se gefaellt mier perséihnlech net, si koennt och net wierklech un hei, dofier wollt ech mol virschloen dass de nach eng weider roplueds, z.b. den Divertimento 002?

Digital Art ass hei de richtegste Choix dens de maache kanns denken ech.
gogo 11.09.2013 - 09:54
Hui, sin erstaunt iwwert d'Diskussiounen déi dës Foto awer ausgeléist huet, interessant waaten aaner Läit heizou denken.

Well de Bopa jo op meng Iddi hin se ropgelueden huet, denken ech, sin ech zumindest him eng méi Explizit Diagnose vun der Foto schëlleg.

Zu mengem Deel: ech fannen se awer ganz ok, et ass mol ëtonguepes anneschtes an a mengen Aen och eppes erfreschendes hei um Site ze gesinn.

Allerdengs wann lo all Zweeten hei solch Fotoen géiff roplueden dann wier et ganz kloer zevill, mais daat heiten hei empfannen ech als erfreschend, et erkennt een Formen, Formen déi symetresch sin, et gesäit een di douce faarwtéin an et stellt een sech froen bei der Foto, ob een message derhannert ass oder net, sou wi een daat am Musée géiff maachen.

Ech si menger Meenung no, kee ganz grousse Kenner waat Konscht ugeet, ech gin och zou dass ech d'Architektur vum Guggenheim Museum méi interessant fonnt hun wi dem Picasso séng Biller déi dranner stoungen, mais och do waren Tableau'en wou läit Minutelaang gekuckt hun, déi hu saachen gesin wou ech net gesin hun, an daat ass jo och gudd sou.

Waat ech net sou flott fannen, ass dass hei d'Diskussiounen sou schnell hëtzeg eskaléiert sin, daat ass bëssi schued, do misste mer alleguer heinsdo méi open sin, zumols fir näi Iddien, well fier ze streiden komme mer jo net hei op dës Plattform, mais fier Fotoen ze weisen, kucken, konstruktiv kommentéiren an dann ass et net flott wann mol een mat enger näier Iddi koennt deen sou roof ze botteren, waat soll deen dann denken? an waat ass deem seng méiglech Reaktioun? Soll deen dann séng Foto'en ärem Goût unpassen? An wou geet dann d'Kreativitéit an d'Diversitéit hin?

Fazit:
Och wann ech net den Divertimento 001 mam 003 sollt vergleichen, 003 fannen ech em Längen besser, ech gin zou ech géiff mer se net an d'Stuff ophaenken, mais ech fannen se wi gesoot ganz ok an interessant, an ech géiff mech fréen wann dann nach een Divertimento 004 géiff kommen an ech wier frouh wanns de dëch net ënnerbottere losse géiffs.
bopa 12.09.2013 - 02:12
Merci fir de Kommentar an - virun allem - fir den Encouragement. Am Fong loossen ech mech net su séier ënnerkréien, mee dat hei war schonn heftig! Ech denken, dass ech besonnisch fir dir an deenen aneren déi sich fir dat Bild intresséiert hunn, eng Freed ze maachen, och spéiderhin nach deen een oder aneren Divertimento wäert roplueden. Bis dohin, all Gudddes a Merci !
Maimonides 07.09.2013 - 17:04
Le charme anodin
d'une courbure discrète...

Di do giff och dem Jean LEYDER gefalen.
gi87 07.09.2013 - 17:34
Sorry, mee hei hätt Esh Kamera mol net ausgepackt, wat gesais Du hei, wat wells Du ons hei weisen mat dm Bild ?
Maimonides 07.09.2013 - 22:04
Fir deen honnersten Äisvull, Gianni,
schleefs du awer Alles op den Terrain,
an du knipps dann awer och nëmmen
dat wat ass: neischt Neies also.

Wann dann mol 1 eng Kéier
eng oder méi Iddiën huet,
da bass du sëcher net deen
deen se ënnerbottere muss.

Oder dach ?
gi87 07.09.2013 - 22:37
Hunn Ech et wickleg néideg Dir hei drop ze Äntweren Maimoides ?
Spills Du elo den hellegen Messias hei, an kanns de bopa mol net selwer Äntweren loossen ? Fannen Du lees Dech e bëssen ze weit aus dem Fënster hei eraus vir keng grouss Saach !
Wann s Du mengs Biller net gutt fënns, dann ass dat däin Béier, deenen engen Gefalen meng Biller, aneren net, wat mäi ewéi normal all.
An Ech hat ma erhofft dass de richteg zielen kanns, mee hunn da just konnten 7 zielen an menger Gallery.
P.S. näischt Neies ? Soll Ech eppes Fotograféieren ewéi dat heiten ? Wat erkennt en hei ? Konscht ? Fänke ma elo un hei ewéi déi Leit déi an de Mudam ginn an eng Wäis Wand un kucken an hin a Wech sen ? Sorry, mee et ginn Limitten, an Ech hun meng Meenung hei dem Bopa geschriwwen, an wat hien doraus mëscht ass seng Saach! an net Deng Saach !
Mee hei vergläichen Ech net seng Fotografien mat mengen ! Nee Ech gesinn se als normalen onparteieschen Mënsch, an se Gefält ma net ! Well Wann ma elo Biller no Qualitéit, Schäerft etc.. missten vergläichen, do verléieren da vill Schlappen hei soss, mee dat wëllen ma hei sécher net, an dat bréngt och bei wäitem naicht am Verglach zu enger Éierlecher Meenung !

Maimonides 07.09.2013 - 23:03
Dat wat ech geschriwen hun, gi87,
stëmmt genau.
Wat e "Messias" seet,
stëmmt bal ni.

"Qualitéit, Schärft, etc,"
ouni Fantasi, si just
Kritären vun engem gudde Cliché !
An där hu mir genuch.

"mee dat wëllen ma hei sécher net"...

Ween ass "ma" ?
gi87 07.09.2013 - 23:36
Dann loossen Ech Dech an dengem Glawen, Ech wäert Dir hei awer net zoustëmmen, ewéi aner Leit mat deenen Ech den Owend zesummen sutz, an um bopa senger Foto sinn ma ons och Eenz alleguerten, also sinn Ech net den Eenzegen, an deng Perséinlech Attack op all meng Biller, ass net ok, mee Flemm dreifs Du mir hei sécher net an Maimonides.

An wgl. Ech weess net obs Du Schoulmeeschter bass oder waars, mee géi eis net op Schlappen mat denger Orthografie, ween Schreiffeeler fënnt kann se selwer halen.

Maimonides 07.09.2013 - 23:43
Ween ass "eis" ?

Du brauchs mir iwerhapt net zouzestëmmen, gi87. Ech repektéieren gidferengem seng Meenung. Dat selwicht huelen ech dann och vun deenen aaneren un.
gi87 07.09.2013 - 23:48
Man Ech och net ! Da fänk mol un meng Meenung ze respektéieren an këmmer Dech ëm deng Biller an net ëm dem bopa seng wgl., looss hien hei äntweren !
Maimonides 07.09.2013 - 23:54
PG ass nun eben mol e site wou iwer Biller diskutéiert get. Wa gidfereen sech nëmmen em sech selwer géif këmmeren, da wär et hei awer fir ze schloofen.
gi87 08.09.2013 - 00:13
Bas e stëtonguepler, la preuve de Kommentar beim Bigvood senger Foto. Mee hun e Printscreen gemach vun den Diskoussiounen an wert deen elo mol weiderleenden un dei Richteg Persoun hei um Site, wëll dat tolereiern Ech net !
Maimonides 08.09.2013 - 00:29
Lies mol léiwer wats du do geschriwen hues.
A lies mol nach eng Kéier dat wat ech geschriwen hun.
Vu mir aus kanns du dat rouig weidergin...un di richtig Persoun.
gtaddei1 08.09.2013 - 11:40
Hey.. dir streit jo...
Gianni... De Charel ass net é Steppler ... an du bass net é NET creativen...fir mech...
De Charel verteidegt gleichzäitesch eng Freihét... an du enf Subjektiv Beauté...
Dem Bopa seng Foto geif ech net an meng Kummer setzen ... awer deng an dem Charel schons...
De Bopa wa irgendwei provokativ an hien amüseiert sech elo wou dir iech elei de Kapp anschloot.
De Gunman och... ass negativ
Fannen et get ëtonguepes ewei eng NEutral Kritik... verschidden Art an Weisen Sujet'en am Bild ze fixeieren... Dofir gin et 1000 ten vu Bicher dei die verschidden Richtungen beschreiwen...
Mé eppes fehlt mir... De Picasso virun déms hien de Kubismus duerchgeboxt haat huet hien bewisen dass hien moolen konnt ... De Günter Eich virun déms hien seng Schizofrenesch Litteratur opgestallt haat , konnt hien genau mat der Däitscher Sproch emgoen... Ass daat och elei applicable , op deser Foto ?
gi87 08.09.2013 - 12:40
Mat da Stëtongueplerei heuste jo gesin beim Bigvood, annecht kann Ech dat net ausdrecken an dat wor e faux pas vum Mainmonides, an den mussen assumeieren elo, en hätt solten hei bleiwen an net bei en annerem seng Foto goen an do Provozeieren, ass net ze Excuseieren.. Wann hin alles esou gut versteht oder gesait, dann hätt hien hei besser gehat mir dat ze Explizeieren ewei mech hei ze attakeieren Gennaro.. Soit, Ech hun och mein Temprament, mee obemol ass schluss, an Ech fänken es geschwen a secher un wiekleg hei genuch ze hun..

Zu Dir Gennaro, explizeier mier wgl was Du hei gesais, wat gut, wat schlecht ass, Ech man just Natur Biller, mir fehlt eng gewessen Vue an esou Biller, an esou Kritiseieren Ech hei net als Fotograf, mee als einfachen Mensch den nix mat da Fotografie ze din heut bei dem Bild...

Ech hun am mengem 1te Kommentar hei eng Froh gestallt, hun nach emmmer keng Äntwert krutt hei...
gtaddei1 08.09.2013 - 20:17
Gianni , et ass eng fenster , mat plafong an eng mauer drenner... Mengen ech mool.. Mee et ass eng aquarellfarwteinung, dofir douce, flott kontraster, an daat schwarz steiert net , och wann et relativ ausgedehnt ass...
Gianni, deng Naturfotoen sinn schweier ze iwertreffen.
Weeste, ech hun lang gebraucht bis ech iergendwei e Sënn fir aaner fotoen entweckelt hun ausser HDR... Dofir hunn ech op erfahren fotografen geläuschtert, an do eben meng conclusiounen gezunn. Naturfoto ass eben eng Dokufoto... an deng sinn national geofraphics reif!
Ech hun dir jo proposeiert aus der Anonimiteit eraus ze kommen ...
gi87 08.09.2013 - 21:33
Ok Gennaro, domader kann Ech mol eppes unfänken, dee Bleck dofir hun Ech net, an sen mol frou dass en mir hei seeet waten an dem Bild gesait, soumader kreien Ech en annert Gefill vir soueppes..
Merci Gennaro !
Maimonides 08.09.2013 - 16:45
Genau esou, Gennaro.
An deng lescht Fro ass
eben dat wouriwer misst
ganz cool diskutéiert gin.
Maimonides 08.09.2013 - 15:56
Also du wärs mir jo sëcher net soë wëllen
op wat ech hei äntweren därf, gi87.
gi87 08.09.2013 - 21:34
Ech well geur naicht, just meng Rou oder eng Konstruktiv krittik an keen Dolsch an de Reck hannerecks ! Mei net Maimonides !
gtaddei1 07.09.2013 - 19:36
Photographie ... mat der Luucht moole , wann ech mech net ieren... dofir ass des eng Foto.
Ondefineiret Sujet awer dofir Fuerwkontrast dei guer net esou schlech neienén passen...
Dofir ass des foto hai um site berechtweartecht...
Provokatif fir illustrativ fotografen... interessant fir dei mei Abstrakt gaeren hun...
Maimonides 07.09.2013 - 22:08
" interessant " Gennaro,
an " provokativ "
ass jo dat wat mir gäre gesin.

Ech warden op deen nächsten Divertimento.
gtaddei1 08.09.2013 - 11:32
Dei méscht schengen awer net Divertititi ze sinn.
An genau daat , waeret et nemmen mei oft interessant an provokativ...
An de Komment huet op d'Provokatioun inviteiert ... Interessant
Maimonides 08.09.2013 - 15:40
"Di meescht" interesséire mesch net, Gennaro.
Wann et net erlabt ass hei Ongewintes ze weisen
dann hale mir awer op.

Eise site ass net censuréiert,
dat giff just nach feelen.
gunman 07.09.2013 - 20:36
Virunt der "Liberaliséirung" vun desem Site wier déi doten net ugeholl ginn, oder ieren ech mech ...?
Maimonides 07.09.2013 - 21:49
an dës scho guer nët:

vum gunman:

En Alien
gi87 07.09.2013 - 22:38
Et akennt en awa weinstens hei wadet ass Maimonides !
Maimonides 07.09.2013 - 23:35
Eng Foto kann emmer nemmen dat weisen, wat do ass. Di klassisch weisen eben exzellent Postkarten. Di net su klassisch, awer desto méi interessant, weisen déi Saachen di do sin esou wi nach keen (oder net vill) se gesin hun. D'Esthetik muss awer stëmmen.
gunman 08.09.2013 - 18:13
Belleg belleg...
gtaddei1 08.09.2013 - 20:07
Ah jo? Waat de Charel schreiwt stemmt awer uergendwei!
Net jidderen ass creativ. Soss waeren al Zeitungsfotoreporter ewei den Lachapelle....
Mee daat ass jo net meiglech! Awer dofir soll een awer sech amüseieren loossen ... wan et net zefill an den Aan wei deet!
Maimonides 08.09.2013 - 21:33
Deier deier...
gunman,
wär och net besser.
Miau 08.09.2013 - 20:37
d'Fotografie huet vill Aspekter, jidfer Fotograf huet seng eegen Preferenzen, Natur, Street, Fligeren, Auto'en, Porträt, Landschaft, Sport, Baubuden...etc, a wann een ee wèineg an der Matière wullen geet dann fënnt een garanteiert irgendwou eng Ausstellung mat Biller wi de bopa seng a wann een dann den Ensemble gesäit kritt een eng ganz anner Vue op der Saach "dans l'art tout est permis" oder gëtt a Fro gestallt dat Fotografie Konscht as?
Maimonides 08.09.2013 - 21:56
All Neies wou een kann driwer diskutéieren, Miau,
ass ëmmer welkomm.

Merci, dir.
bopa 09.09.2013 - 01:25
Sinn iwwerrascht iwwert di Polemik, di mäi Bild "Divertimento 003", dat ech op Wonsch vum gogo ropgelueden hunn, hei op Photogen ausgeléist huet. Heimat wëll ech mech dann formell bei all deenen entschëlligen, déi mäi Bild "Divertimento 003" bruskéiert oder schockéiert huet. Dat war net meng Absicht.

Ech wollt dann awer vun der Geleeënheet profitéieren, fir eng ganz kuerz zousätzlich Erklärung zu deem Bild ofzeginn: Et handelt sich bei dem Bild "Divertimento 003", genau wi beim Bild "Divertimento 001" ëm eng akstrakt Kompositioun mat fotografische Mëttelen. Et ass keng figurativ Reproduktioun vun iergendengem Sujet, nach ass iergendee Message an deem Bild verstoppt. Wann sou Biller - déi menger Meenung dach ganz gutt an d'Kategorie "Digital Art" passen - net op Photogen erwënscht sinn, hunn ech guer kee Problem domat, keng sou eng Biller méi ropzelueden, ... obschonn ech iwwerzeegt war, sinn a bleiwen, dass duerch d'Emanzipatioun vun der abstrakter Molerei ipso facto der abstrakter fotografischer Bildgestaltung di selwicht Wertschätzung oder dee selwichte Stellenwert zoukomme soll.
Miau 09.09.2013 - 09:52
...ganz genau...
VeloBen 10.09.2013 - 20:13
Um iphone gekuckt huet se mer net schlecht gefall , well se esou schlicht an den Formen an cool Faarwkominatiounen war. Elo um groussen fannen ech se net esou gut. Do rauscht et mir zevill an déi puer Detailer déi nach aus dem schwaarzen Hannergrond opptauchen lenken opeemol off.
Ech verstinn d'Idee hannendrun mee hätt kéinten technisch besser emgesaat gin. Mee bon...
bopa 10.09.2013 - 23:17
Du hues Recht, VeloBen. Ass mir och opgefall. Hunn se vun engem Mac ropgelueden. Um Mac ass dee schwaarzen Hannergrond uniform schwaarz ouni weider erkennbar Strukturen. Um PC gesäit den Hannergrond effektiv knaschtig-gro aus mat ellene "Verschattungen"op der Säit an an der Mëtt. Dat giff jo dobäi passen, dass se och um iphone besser war ?

Hun se ë bësse retouchéiert a nach eng Kéier nei ropgelueden. Hoffen si ass lo besser !
VeloBen 11.09.2013 - 19:50
Wesentlech besser!
bopa 12.09.2013 - 01:58
Freet mech smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 307 Gäscht online