Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Berchtesgadener Alpen

 
All Fotoen an dëser Serie:
38059 Thumbnail
38060 Thumbnail
Berchtesgadener Alpen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.08.2013
  • Gekuckt:
    29752
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    34
  • Originaldatum:
    23/08/2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D4
  • Objektiv:
    Nikon 14-24mm
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=74472]
Kommentar vum Fotograf:
Hei 2 Fotoen di mueres ganz fréih an den Berchtesgadener Alpen a Bayern gemat gi sinn.

Eng Foto besteet aus enger Beliichtungsreih vun 3 Fotoen di am PS verschafft gi sinn.

Eng vun deenen zwou well ech als Poster erausprinten.
Ka mech awer net entscheeden wat fir eng.

Drop klicken w.e.g.
Op fir all Kritik!

Schluck 26.08.2013 - 12:52
Mach der d'Liewen nët sou schwéier .. print déi zwou closed_eye Sinn allenzwou immens schéin. Déi 1. gefällt mer besser vun den Foarwen hier.
Abacab 26.08.2013 - 18:21
Merci Schluck!
jo di 2te ass eng hallef Stonn méi späit gemat ginn an op enger anerer Plaatz.
Hunn selwer nach keen Fav., bei der 1ter fannen ech eff. d'Faarwen méi flott, a bei der 2ter d'Linnen vun de Bierger.

Merci och fir de Fav. bigsmile
BigVood 26.08.2013 - 13:11
Super gelong!
Déi 1. ass mäi Poster-Favorit: dat Faarwespill ass einfach iwwerwältegend.
Ganz grousse Kino dat do!
Abacab 26.08.2013 - 18:22
Merci villmools Laurent, dat freet mech wann se engem Naturspezialist ewéi dir gefält closed_eye

En decke Merci fir den Fav. bigsmile
gi87 26.08.2013 - 13:16
Allenzwou Marc !!! Do sen Sau flott Opnahmen, bravo !
Abacab 26.08.2013 - 18:23
2 x en decke MERCI Gianni bigsmile bigsmile
JC1967 26.08.2013 - 13:18
Ech gin jalous....Quatsch, ech sin jalous. Geneis d'Vakanz closed_eye
Abacab 26.08.2013 - 18:26
Hues eigentlech kee Grond dofir, well e Stëck vun dier war dobäi closed_eye

Et wollt zwar net esou richteg um 04:30 Auer aus EISEM Bett klammen, mee op der Plaatz war et dunn awer och begeeschtert bigsmile

En decke MERCI och fir den Fav. bigsmile


Scyv76 26.08.2013 - 13:29
Immens flott déi 2, vir mech aawer tendentiell éichter n°1 smile
Abacab 26.08.2013 - 18:28
Merci villmools Yves, fir deng Appréciatioun bigsmile
m-otiv 26.08.2013 - 13:45
mir gefällt die 2t am beschten
Abacab 26.08.2013 - 18:31
Merci Vito,
verstinn deng Appréciatioun, bei der 2ter gefale mer d'Linnen vun de Bierger och besser.

En decke MERCI fir de Fav. bigsmile
m-otiv 27.08.2013 - 10:55
net nemmen....1st fannen Ech zevill Saturéiert....die 2t gefällt mir do Exzellent. An de waarmkaal Kontrast tescht Blo an Giel ass top....Kudos
Abacab 27.08.2013 - 15:00
Thanks Vito bigsmile
MsJarryman 26.08.2013 - 15:19
Ass schwéier soen, se sin béid absolut TOP.
Abacab 26.08.2013 - 18:32
2 x en decke MERCI MsJarryman, dat freet mech dass se daer gefalen bigsmile bigsmile
Pixelman 26.08.2013 - 16:13
einfach e Genoss ze kukken, décke Fav.
Abacab 26.08.2013 - 18:32
En decke MERCI René, freet mech! bigsmile bigsmile
gemu 26.08.2013 - 18:08
Grandios di zwou, fir mech di éischt och wéinst den Faarwen, exzellent Aarbecht !
Abacab 26.08.2013 - 18:40
Merci villmools Georges !
Ech mengen eist fréih't opstoën di läscht Woch huet sech op alle Fall gelount!

!Dës Foto ass net méi am System!

De Fav. denger Säits freet mech bigsmile
gemu 26.08.2013 - 22:54
Fréi opstoen lount sech eigentelch ëmmer, et wees een et just net esou lang een nach am Bett léit smile
M-Knipser 26.08.2013 - 18:39
Dei éischt as och mein Favorit,dei zweet as och super,
dei zwou Printen ass dat einfachst,exzellent Aarbecht!!!
Abacab 26.08.2013 - 18:43
Merci villmmools fir deng Appréciatioun M-Knipser.
D'freet mech wann se der gefalen bigsmile
jorsch 26.08.2013 - 20:48
Zwou Top-Landschaftsfotoen!
Di zwou si gutt, villäicht hunn ech di 1. liicht léiwer.
Hei kann de Bléck vun de Grieser ganz vir nahtlos duerch d'Natur bis bei d'Bierger am Hannergrond, de Wolleken an d'Sonn spadzéieren.
Och d'Faarwe si super.
Printe kanns de allerdéngs roueg di zwou! smile
Abacab 27.08.2013 - 14:31
Merci villmools fir deng Analyse an de Fav. jorsch bigsmile bigsmile
Paul-H 26.08.2013 - 21:18
Déi heien zwou Fotoen sin een vun de Grënn fir regelmässeg op des Säit kukken ze kommen ! Groussen Kino wéi schon een hei geschriwen huet. Ech géif och einfach déi zwou printen !
Abacab 27.08.2013 - 14:33
Dat freet mech, dass des Biller der gefalen.

En decke MERCI Paul bigsmile
ToPo 26.08.2013 - 23:46
Super Fotosaarbecht! Nr1 gefällt mir besser... smile
Abacab 27.08.2013 - 14:36
E super MERCI ToPo!

Et léit bestëmmt u mengem dengem gudden Apparat bigsmile
ToPo 27.08.2013 - 22:01
closed_eye
TC 28.08.2013 - 09:41
Ech fannen déi 2 Fotoen super Marc!
BlackLizzard 28.08.2013 - 19:07
Déi éischt ass ganz gut an déi zweet perfekt. Top Job.
Keup 30.08.2013 - 13:51
Flott, déi 2 gefaalen mer.
marker 02.09.2013 - 21:31
..staark Serie Abacab, woubei ech eng liicht Preferenz fir d'Gesamtopnahm hun..!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 419 Gäscht online