Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La Perfektion

 
La Perfektion
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.09.2011
  • Gekuckt:
    56755
  • Favoriten:
    10 (Wen?)
  • Kommentarer:
    78
  • Beliichtungszäit:
    30 sec
  • Blend:
    f 18
  • Brennwäit:
    16mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    216 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 1DMK4
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    16-35 Canon
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58950]
Kommentar vum Fotograf:
Augen haben alle Menschen,
zum leben sie sehr wichtig sind,
zeigt man ihnen täglich Böses,
werden sie vor Angst oft blind.
Pit 17.09.2011 - 14:46
Motiv ok, mir perséinlech gefällt déi Vignette awer net esou.
gtaddei1 17.09.2011 - 14:48
Dei kennt vum Filter ...
Ech hunn dei necht eweschgeholl
Pit 17.09.2011 - 15:03
Jo, kennen ech och, hunn een Filter op en Zoom geschrauft, an mam Weitwénkel hunn ech dann eng Vignette...
Maimonides 17.09.2011 - 14:52
http://www.youtube.com/watch?v=cWnmCu3U09w

...an dat seet bal Alles, Gennaro.

Gaga 17.09.2011 - 15:44
Also Sprach Getetaddeus....eh oder Zarathustra! closed_eye

t'Foto as geraat esou emouvant wei den Intro ....

Mier gefällt dat hei all proportiounen verluer gin ... an daat mecht se aus.
Maimonides 17.09.2011 - 15:51
...plus de repère...

Genau esou, Gaga.
gtaddei1 17.09.2011 - 16:51
Merci dir 2 Jongen
Den Intro passt super dobai ...
Dass d'Proportiounen verluer ginn wouer ... mé ganau ewei du daat och gesoot hues Gaga , ass hai mei daat Etheresht waat mech mei interesseiert huet ewei daat Matierellt.

Also sprach Zarathustra ... vum F Nietzsche ... mei den Text ewei d'Symphonie déén mech emotionneiert mé et ass just nemmen eng Moos vun eppes waat an beiden Fäll super ass

Maimonides 17.09.2011 - 22:59
...space odyssee...,
Gennaro,
...remember...

Den Stanley Kubric
hat do näischt Ronnes am Kapp.

Den Zarathustra, ok,
mais vun engem aneren Strauss
gehéiert dat hei awer och derzou:

http://www.youtube.com/watch?v=bUwCkKIYY80&feature=related

An d Geschicht vum "Monolith" och.

Fir mech
eng Foto déi
ënnert d'Haut geet.
A wéi !!
gtaddei1 19.09.2011 - 12:51
Charel, entschellesch meng Ignorance ... ech kreien net alles mat ... Setzen ech op enger decker Pipiline?
Zora 17.09.2011 - 14:59
He's back, waat ass daat fir een Monument? Flott Foto
gtaddei1 17.09.2011 - 16:52
Merci Zora
Et wat effectivement e flotten an emotionnante Moment

He's back... Merci dét mech grinsen vun Frét

Merci och fir de Fav
Zersch 17.09.2011 - 15:50
Flott Foto gtaddei1 ! Verstin den Titel just nët , oder setzen grad um Schlauch , mat "Erleuchtung" o.ä hätt ech mech besser zurechtfonnt bigsmile
gtaddei1 17.09.2011 - 16:56
Né wollt absolut mech net an d'Spirituellt verleieren , just nemmen 2 Krés Strukturen dei sech vis à vis befannen kommen... 2 Perfekt Strukturen ...
De Beton sinn mir ... aist Aan, D'Sonn ass Luucht an Hëtzt
D'Strahlen penetreieren d'"Aan" an beliichten ... jo.... beliichten eppes .... smile
Zersch 17.09.2011 - 18:08
Huch elo as et mer dronken , mais ech hun dech verstaan bigsmile Merci fir Erklärung closed_eye
gtaddei1 17.09.2011 - 19:17
Ech ginn et zou... et ass schn e bessi komplex... hun ich missen 2 mol liesen fir mech selwer nés ze verstoen...
smile
Maimonides 18.09.2011 - 00:08
An de "k" ass de Klou
am Titel !!
gtaddei1 18.09.2011 - 10:56
Den Deitsche K
Emmerhin ... et ass bei Volterra an der Toscane
klex 17.09.2011 - 16:25
haat mech lo su direkt heidrun arennert, d'sin puer szenen wu immens ähnelen an dem film:

http://www.youtube.com/watch?v=6G5pyFhmAqE

flott bild awer, wou och emmer dat ass smile
gtaddei1 17.09.2011 - 17:00
Dé Film ass Angoissant (daat waert och de But vum Filmmaker sinn)
Awer waar eng Idée.

thx Klex
bigmama19420205 17.09.2011 - 18:21
immens smile
gtaddei1 17.09.2011 - 19:15
Hey villmols Merci
Thx och fir de Fav
BAPAX 17.09.2011 - 18:35
Fannen dei immens flott gelong, an och d'Vignette passt menger Meenung no ganz gutt.
gtaddei1 17.09.2011 - 19:15
Merci och
Nicon07 17.09.2011 - 19:03
Staark!
gtaddei1 17.09.2011 - 19:15
Merci villmols an och fir de Fav
SBCriss 17.09.2011 - 19:37
Mega!
gtaddei1 18.09.2011 - 10:55
Thx fir de Mega
Schluck 17.09.2011 - 22:46
Immens !! Stargate ?
gtaddei1 18.09.2011 - 10:55
Merci ,
Stargate... lightgate!
Schluck 19.09.2011 - 09:08
Déi ass einfach ërem nëmmen flott ... super Emgesaat, eng verdengten Wochenphoto
gtaddei1 19.09.2011 - 09:10
Merci so
An thx fir de Fav
Miau 18.09.2011 - 10:57
Perfekt
gtaddei1 18.09.2011 - 11:03
Merci...
Geif soen dass d'Flaren awer e bessi steieren ... mé e weisst net wei daat besser maachen.
Dei Rayon faalen richt op d'Objektiv an eng Aaner Positioun haett der Kompo net gudd gedoen (no menger Ménung)
Maimonides 18.09.2011 - 15:39
An dann, Gennaro,
misst een awer och nach,
onbedéngt,
vun deem ellipteschen Sonne- "Fleck"
um Buedem schwätzen.
gtaddei1 18.09.2011 - 16:58
Wou?
Maimonides 18.09.2011 - 22:04
Rechteckeg zum vertikalen "O", Gennaro,
horizontal um Buedem
ass ee grandiost Liicht,
esou schéin
dass ech de Schiet
vum Buschtaf bal net gesinn hat.
Oder ass et eng Null ?

E "Fleck" war just eng "façon de dire".

closed_eye
gtaddei1 18.09.2011 - 23:47
Et ass ée Kréssmile
Charles , d reflexiounen vum Liicht um Buedem haat mech och erfaasst.
Abacab 18.09.2011 - 11:29
Gefält mer och ganz gutt di doten!
gtaddei1 18.09.2011 - 16:58
Merci villmols!
gi87 18.09.2011 - 18:34
Einfach an dach sou genial, Flott!, einfach schein an de Farwen, brengt eng schein stemmung eriwer !
gtaddei1 18.09.2011 - 23:55
Merci fir dein komment!
crici 18.09.2011 - 20:15
Wirklech genial dei Foto smile
gtaddei1 18.09.2011 - 23:56
smile
Ze fill... De genial!
crici 24.09.2011 - 22:20
Ech mengen et eecht mam genial closed_eye
gtaddei1 24.09.2011 - 22:22
glewen dir ... et mecht schon plaiseier wannse gefaellt
crici 24.09.2011 - 22:23
Freet mech wann et dech freet bigsmile
gtaddei1 24.09.2011 - 22:24
Waer jo undankbar
smile
Miisamm 18.09.2011 - 23:44
Maximum! tongue
gtaddei1 18.09.2011 - 23:56
Vu waat?
JADE 19.09.2011 - 00:34
vun votes tongue

sees du ons nach an waat fir engem Eck vun onsem Planéit daat ass? smile ... an eventuell ween den Artist ass?
gtaddei1 19.09.2011 - 01:11
Ah Super merci jidderengem..
Daat motiveiert nés e puer mei fotoen ze maachen.
Wei gét et?
Mir ... jo et gét , merci

Fir op deng Fro eng Aentfert ze gin...
http://www.maurostaccioli.org/volterra/Tour_Staccioli.pdf
hmm et ass op Italienesch.. mé du misst eppes matkreien
Miisamm 19.09.2011 - 10:10
Vun allem, passt alles di schein Sunstars vum Objektiv, an deem "Stargate", d'Faarwf vum Himmel d'Vignette, d'Luucht vun der sonn um Buedem, an d'Bierger am Hannergrond. Alles zesummen get mindestens de Maximum smile
gtaddei1 19.09.2011 - 10:26
Thx villmols ... Flott justifikatioun ... gefaellt mir
Kelly1 19.09.2011 - 11:47
Es gibt ein schlafloser Auge das uns immer beobachtet...
Das Bewusstsein.

Leider , zum Schluss, gibt es keine Prinzipien ausser dem Bewusstsein .
MarcGerard 19.09.2011 - 11:57

wat wells de eis dan DOMAT soen?
xD
gtaddei1 19.09.2011 - 12:49
Jo do muss en Kompatibiliteit Problem opkomm sinn!
Kelly1: Da ist irgendwie ein Problem aufgekommen
endorphine 19.09.2011 - 11:51
schein. smile
gtaddei1 19.09.2011 - 12:50
Mengste ....
Merci villmols
Nicon07 19.09.2011 - 13:14
Tiptop, datt et d'WF gin ass. Ech hat se och gestëmmt. smile
gtaddei1 19.09.2011 - 15:06
Merci villmols!
Zora 19.09.2011 - 15:11
Wei gesoot, he's back, gratuléieren mol heibigsmile
gtaddei1 19.09.2011 - 16:23
Merci Zora... et hoffen das ech nach eppes opweisendes kenn eroplueden ... ech hun mir daat elo op deser Foto wierklech net erwaard.
mischii 19.09.2011 - 19:31
félicitatiounen, dëst Bild huet et verdengt
gtaddei1 19.09.2011 - 23:37
Merci villmols Michèle
Jean-Jos 19.09.2011 - 22:54
Gennaro, schéin.
...mach och nach de "frankophonen" eng Freed a schreiw 'La perfection' (ech sin eigentléch soss nët esou pingléch mat der Sprooch, mee dat läit den Owend bestëmmt um Renate Axt devil )
gtaddei1 19.09.2011 - 23:36
Ech hun d'Renate virum mir leien smile
Et dét mir léd mé ech hun nés deng Adresse verluer (pardon 1000 x)
Kenn ech daat elo mol endlech gudd machen smile smile
Houll-art 19.09.2011 - 23:05
Ass zwar schon gesoot ginn, mee och mäin éischte Gedanken war "Stargate"....

Gratulatioun !
gtaddei1 19.09.2011 - 23:36
Merci
He-Lx 20.09.2011 - 13:22
Wonnerbar d'Sonn emrengt.
Felicitatioun zur Wochefoto!
gtaddei1 20.09.2011 - 14:13
Merci villmols!
Baba 20.09.2011 - 19:53
Supper Bild. Gefällt mier immens. Wor och mein fav closed_eye
gtaddei1 21.09.2011 - 12:35
Villllmols merci fir alles smile
ZerberuZ 20.09.2011 - 22:00
ahei ... den cheffe ass back, an direkt kann ech em gratuleieren smile
gtaddei1 21.09.2011 - 12:35
smile
NikonD80 21.09.2011 - 16:14
Gratulatioun och vun mir, di ass effektiv staark smile smile
gtaddei1 24.09.2011 - 22:21
Thx very
Jeanny 22.09.2011 - 18:30
gratuleieren dir zu desser flotter Foto Gennaro,
gtaddei1 24.09.2011 - 22:21
Merci Jeanny, geschwenn kennt eng Aaner

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 243 Gäscht online