Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Charly
Carlo
Derbäi säit dem 25.04.2006
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
  • Läschte Login: 24.09.2017 - 13:40
  • Schléift meeschtens zu Lamadelaine
  • Ass gebuer den 18 Juni 1965
  • Interesséiert sech fier Photographie, eis Border Collies, Hiking, SciFi, Draachen
  • Ass am Moment Informatiker
  • Fotograféiert am léifsten Landschaft
  • Online-doheem: http://captalumina.com
Technësch gesinn ...
  • Vertraut am Material op Nikon
  • Schafft mat der D600 (DSLR)
  • Fotograféiert mat 24Mpix
  • Nach gehéiert him:
    AF-S Nikkor 18-35mm 1:3.5-4.5G ED
    AF-S Nikkor 24-85mm 1:3.5-4.5G ED VR
    AF-S Nikkor 70-200mm 1:4G ED VR
    AF Nikkor 85mm 1:1.8D
Neist Fotoen
     
OK-Photography 05.01.2007 - 19:54
EIDEL!??? get et dach nik!
keen empfangskomitä an GUERNIKS...hmmmcool

dan schreiwn ech halt mol eps: ALLES GUDDS AM NAIEN JOER!
woila...universal neutral an emmer gudd hehecool
Charly 09.01.2007 - 21:50
Merci an Prost!
Nicon07 05.01.2007 - 20:04
Huet nach keen déch hei op photogen begréisst? Lo bass du scho sou laang hei derbäi. Ech maachen dat dann elo mol hei ganz offiziell, awer och a méngem perséinléchen Numm, well ech fannen, datt déng läscht Optrëtter hei um site et der Wert sin, dir e puer léif Wieder ze schreiwen. Déng Landschafte gefaale mir immens gudd, (Landschafte si jo och am Fong méng léifste Motiver), an déng Kommentarer kommen och gudd u bei mir. Wat ech awer elo ganz witzeg fannen, dat as, datt ech bei eis am Bësch viru kurzem d'Stämm vun Dännebeem fotograféiert hun, an déi geschter wollt ennert dem Titel "Elefanteféiss" eropluëden, an du gesouch ech däi Sequoia. Du wollt ech net esou frech sin, a méng derniewent setzen, besonnesch wou déi jo a kenger Hisiicht mat déngem Mammutfouss konkuréiere kënnen. Mais si kommen awer elo eng Kéier. Bref: ech si frou, déch "virtuell" kennegeléiert ze hun, a feeë méch ob weider schéi Biller a flott Kommentarer vun dir.

MfG
Nico
Charly 09.01.2007 - 21:54
Merci och hei fir den Welkom, Nico. Daat mat den Kommentarer ass emmer eng schwéier Saach, mee ech probéieren ëmmer sachlech ze kritiséieren, d.h. meng ganz subjektiv Meenung (als soch erkennbar!) neutral virzedroen. Am Zweifelsfall gin ech léiwer guer keen Kommentar oof. Ech gin och guer net gären eng Bewertung oof, well daat ass esou eng Saach wéi en Concours an ech sin guer nët gären an enger Jury ...
spako 09.01.2007 - 15:42
Deng Fotoe gefaale mir wiirklech immens gudd! Du hues eis scho wonnerschein Landschaftsopnahmen gewisen an deenens du weis dats de een Aen hues fir deng Sujete flott festzehaalen.. ech hoffen op nach vill daerer Fotoe vun dir a free mech schonsmile
Charly 09.01.2007 - 21:47
Merci fir däin Luew! Op ménger homepage kanns Du schons méi vu mir gesin, mee ech wärd och hei nach eeniges posten.
elmuzo 14.01.2007 - 12:49
Huch... lo awer nohuelen... Häerzlech Wellkomm bei eis Photogeniker.
fischy 27.03.2007 - 20:36
smile schottland schengt nawell net di eenzeg passioun ze sin...traveller around the world closed_eye wannste erlabs kucken ech mer deng fotoen mol mi genee un, do kann een eppes baileiren...cool
Charly 27.03.2007 - 21:13
Merci! Kanns och rouech op mengem site kommentéieren, oder einfach just kucken. Souvill reesen ech eigentlech och nët. Ech wor bis elo 14 mol mat an ouni Famill an Schottland an dräi mol ouni Famill an den amerikaneschen Westen.
fischy 27.03.2007 - 21:25
cool huelen mer eng keier en nometteg zait fir fotoanalysen ;). du wars jo bestemmt schon op highland games an gathering etc? vlait suguer den edinburgh military tattoo??? (ey daat kennt no der premiär un d'rei cool*grinds* ) kann een herrlech fotoen do man, op jiddefall. schon ganz alben voll doheem (zwar net vu mir...dumdidum...cool) probeiren photographie mol seriö do uewen aus.
Charly 28.03.2007 - 09:42
Highland Games, jo, mee ops d'et gleews oder nët, no 14 Joër Schottland wor ech nach nie um Tattoo. Mir sin nët esou fir Stied (sin och emmer nëmmen em Edinburgh an Glasgow erëm gefuer). Mir gin ëmmer an den Nord-Westen. Manner Leit a méi Landschaft closed_eye
Kammi 04.04.2007 - 11:24
merci vir deng kritik, freen mech iwwer all verbesserungvirschlag
du hues vill flott fotoen hei, dofir huelen ech deng kritik och gäer un, wells du eben bessen mei dovun verstees wei ech
greiss carmen
kanufla 21.04.2008 - 16:34
Meetings kuken goen smile geet em SINGSTAR OWENT smile
buRRito 21.04.2008 - 19:57
deng fotoen beandrocken mech immens! smile gefaalen ma alleguer deck gudd!! closed_eye
Charly 22.04.2008 - 11:51
Merci! Du hues awer och e puer ganz flotter hei.
Kiichiii 04.07.2008 - 21:52
Hallo gei mol den lagerfeuermeeting kuckensmile
Kwitchibo 28.11.2008 - 01:13
Ech mengen awer das de mei kucks weis de denks wann ech deng Fotoen esou gesin...

as net beis gemengt mein Kommentar!!

mbG

den Marc

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 607 Gäscht online