Ech sin een ziemlech extremen Perfektionist.. well neicht hei roplueden wat mir selwer net gefällt oder wou ech drunn zweifelen. Wann ech bis 100% zefridden sin (wat zwar net den Fall war bei der Plomm, mee dat war eben och op Ufroo vun verschidden Leit ech sollt mol eppes hei weisen..) dann setzen ech se online. 100% zefridden sin ech zwa nie hehe.. mee ech well emmer den Maximum raushuelen.
Waert mech an der Ouschter Vakanz bessen mei intensiv mat mengen leschten Fotoen beschäftegen an dann mol kucken wat sech ergett.. An nooer Zukunft leeschten ech mer dann och nach eng Spiggelreflex.. dann mecht dat Ganzt nach mei Spaaß
Ech sin den Moment amgaangen dem Steffen eng Freed wellen ze bereeden.. oohmei.. meng Maquette ass dono jo dach rem net propper genuch.. uiui
An muss der direkt derbäi nach eppes soen . Um Ufank wous de Fotoen ropgelueden hues (also um Ufank vu photogen och), hun déi meescht Fotoen vun dier mer net sou gudd gefall, technesch waren se zwar an der Rei, mee awer. Huet sech awer emmer méi geännert ... Ech denken Photogen bréngt eis alleguerten eppes (Meng Fotoen vum Ufank sin jo och heinsto naja gewiecht, och wann ech der lo rem vill geläscht hun )
Ok, wär jo lo besse fies, da schriewen ech alt na eps...
Ass mer schon, an ech mänge net just mär, opgefall dat deng Fotoen mat der Zäit emmer besser gi sin wann een sou den Ufank kuckt an daat waat lo heinsdo kennt...naja, heinsdo sin da emma nach puer komescher dabäi, mee bon :P
Ass awer scho flott sou ze kucken wéi sech daat ganzt entwéckelt. Hues jo oft puer äusgefaalen Iddien waat Fotoen ugeet a waat och fir vill Diskussiounen suergt, awer och waat Techniken ugeet (Stativ mat op e Marathon huelen oder sou) waat dann och heinsdo fir skeptesch Blécker, a vill fies Remarken (oft vu méner Säit) suergt :P mee iergentwéi schéngt jo awer alles eppes ze bréngen... wi ee gesäit... a mat de Fuarwe klappt et jo an teschenzäit och ganz gudd Ass och emmer rem flott mat der Fotoen ze maachen (suguer wann ech 2 Blezer hätt) Majo, wollt daat awer mol gesoot hun! Hoffen hun dech net zevill geluewt, net dats de nach e falscht Bild vu mer kriss :P
Eyyyy Marc!! HUn ech gewonnert dat ech hai na naischt geschriww hun... an dat et hai sou eidel ass, bei sou engem fotograf (wei schon den Mogway soot) wonnert mech esou zimmlech...
Mjo... du hues wierklech mega fortschretter gemaa... ech hun souguer gezweifelt ops du net deng fotoen klaus wei eng aaner persoun och hai um site sou gudd hun mer puer vun dengen fotoen gefall...
Bon... ehhmmm----...---- What else to tell ya... do not really know...
So... I Don't Live Twice... remember, and show me more of your god damned pictures...
Muahaahaaaaa.... ma noo der wakanz wäert et rem su richteg goen.... kaafen mer entlech en L objektiv, dann wäert main projetan engem guden mount lass goen... muahaha... ech wäert awa och main fotoapparatmat antwakanz huelen an spuenien... wäert scho klappen... sin der welt na erhaalen
Mjo merci dass de laanscht komm bass... sniff sniff...
hallo ech wua elo mol op deng Säit laanscht luussen an ech sin deck begeeschtert vun dengen Fotoen...besonneg deng Gallery aus Egypten huet mech faszineiert, nemën weider sou!
reinschleicht.... sich umschaut... oooh ech hun dir jo nach guer naischt geschriwen!! ...
Moin gesot hehe war cool dech op der fouer ze begeinen :-p schengs jo effektiv och en mellen ze sin *g* ...ech wees naischt ze zielen... hmmm... gesin eis um stau cya... du "fan vu mengem ava";-p
An der Rei Leider gesäit een vill ze oft där Leit, déi mengen se wieren richteg Gangsteren wann se englesch schreiwen, an sou eppes mecht mech geckeg. Mee ech wees dass daat bei dir net de Fall ass, huet jo en Notzen daat ganzt!
Halloo
Hm, ma et sinn irgendswéi deck vill der Patéen mat Prabbeli am Grapp ronderem gerannt, virgeschter. ;)
Nee, mais ech hunn meng puer photoen namol duerchgekuckt, mais den eenzegen den drop as, as den vum NordliichTV, den andauernd virun mer stoung a gefilmt huet, an mir den Bleck op den Grand-Duc verspeert huet.
Dat wars du awer lo net, oder? (ech sinn zimmlech schlecht am Leit remerkennen,
zumools, wann ech se sou na nie begeint hunn)
Naja, wann ech eng fonnt hätt, hätt ech der se gescheckt oder sou. ;)
Mh, wat ech awer nach wollt soen:
ech fannen dFoto road to heaven superschéin!
Eddüüü.
thx nach eng keier fier den hinweis op mein lapsus. hun deng fotoen och mol gekukt an man e groussen beckleck virun dengen bäitreich. do kann ech mär nach eng gudd scheiw rofschneiden.
Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.
Ab do konnt een sech ganz einfach um Site umellen an seng Photoen der Community weisen, fir Kommentaren, Luef oder Kritike vun anere Memberen ze kréien.
Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.
Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen as den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag).