Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Sou, lo maan ech emol hei en Thema op well ech eng Kritik hun un engem Deel vun eise User! An fir hinnen et kloer ze maachen soen ech et hei.
Kuckt emol dës Foto:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=15891
Ech wees jo, se ass net mega krass hefteg gail an blabla, MEE et geet hei emmer nach drëm Kommentarer zur Foto ze kréien. Ech krut do 6 Kommentarer woubäi ee ganzen wirklech em d'Foto geet! Sorry meng léiw User, mee daat kann net sinn. De Recht vun de Comments ass net mei wei chat, an daat just well ech e klenge Witz matt an mäi Kommentar bruecht hun ... ? Et ass eng normal Foto wei dei meescht vun denen aneren och, an ech wëll Kritken zur Foto liesen, mee net nemmen bei menger, bei allen aneren Fotoen! Bei Fotoen vu Meetings ass et eischter normal dass ee bessen "chat" mee awer op kee Fall bei ganz normale Fotoen.
Et huet a läschter Zäit emmer mei zougeholl, an wann dat sou weidergeet kënne mer jo eis geschwenn matt Luxusbuerg zesummen dinn. (Fir déi déi Luxusbuerg net kennen: ass dee gréissten Chat hei am Land) Sie hätten zwar secher näicht dergeint, mee ech awer!
Also ech géif ierch hei net nemmen bieden mei opzepassen waat der schreift, mee en Opruff maachen dass erem Kritiken geschriwwen gin, fäerdeg. De Site huet soss kee Sënn.
PS: An sou eppes soll een motiveiren fir un engem groussen Update weiderzeschaffen? den steet am moment schéi roueg kann ech ierch just soen.
__________________ 404 - Not found
|
|
12.03.2007 21:30 |
|
|
Olivier
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Ech sin en täter... wäert mech besseren...
Merci Johny!
Hues och vollkommen recht...
|
|
12.03.2007 21:41 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
***schummm***
ech haat och main "onkonstruktive"Päfferkaer beigluecht...
mee ech gin der och Recht... ganz berauschend fannen ech et och net wann ech lauter Comments kreien an dei meecht sin mol net iwwert meng Foto... da soll een daat och bei aaner Leit si loossen :-)
|
|
12.03.2007 21:51 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von CK
PS.: waat mer och opfällt, sin an läschter Zeit all déi "witzeg" Opriff waat dann geschitt wann een op d'Foto klickt fir se méi grouss ze machen. Sorry. Not funny.) |
Jap! Dat nervt mech eierlech gesoot och, obwuel dat mir nach relativ egal ass, well ech esou Kommentarer net mei liesen. Mee amplaatz mat engem, wei soll ech soen, net witzegen Opruff dropp opmierksam ze maachen dass een soll dropp klicken fir se schaarf ze gesin, soll een se einfach, wei ansech ugerooden, mat maximal 800 Pixel Breed resp. Héicht eroplueden, dann kann een sech net nemmen esou Auteur Kommentarer spueren, mee et spuert och nach Traffic. Mee een beschtemmtenen User deen esou Kommentarer emmer derbäigeschriwwen huet, wäert dat jo elo netmei maachen.
Zum Thread selwer nach: Ech mengen deenen meeschten ass obgefall dass an der läscht emmer mei gewitzelt gëtt, wat oft flott ass, mee an der läscht hellt et Iwwerhand, an dat stéiert heiernsdo, wann een eigentlech nemmen Kritiken well. Wei den Johny soot, bei Meeting- oder Just For Fun - Fotoën fannen ech dat ok, ech mengen do erwaard een sech och net vill mei, mee bei aaneren sollt dat awer eigentlech net den Fall sin, well soss verléiert den Site un Wäert.
|
|
12.03.2007 22:04 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Sin do ganz denger mehnung och wann ech selwer och rem heinsdo bessen unfenken mat chatten
Oder och wann alt erem een Streit lassgeht bei enger Foto, fannen ech dass deijenech Useren dann einfach iwer pms weider madenen schreiwen, well daat nervt och zimmlech!!
(Also wann ech daat richteg ferstaanen hunn huet dess foto jo omfong neicht domadder ze din-->http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=15614
well mengen do geht et net mei wierklech em d'foto
mee do wollt ech dech och schon froen johny op mer do sou kennen weidermaachen oder op et net awer besser wier do opzehaalen!)
|
|
12.03.2007 22:10 |
|
|
patty
Tripel-As
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 175
Herkunft: Dudetown
|
|
och schelleg
Oli mier mussen eis do wiekelech besseren!
@ Charel:hmm hoffen net mee daat ass sou eng ''witz/blödsinn vun meeting foto) mengen do ass daat awer eischter normal?! mee ass awer schon heffteg wei oft dei schon gekukt gouf an waat do alles geschriwwen gouf!
__________________ -->Patty<--
|
|
12.03.2007 22:15 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Also eichtens mol gin ech dem Johny hei voll recht. An den CK och...2 saachen dei onbedengt mol gesoot hun missen gin mee dei iegentwei na keen gesoot huet well deen dann den buhmann war. Also gudd dass een den eichten schratt gemeet huet.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
12.03.2007 22:17 |
|
|
Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
jop CK, dat stëmmt, déi dénger nerven
mee déi kann een zum gléck och einfach ignoréieren ...
__________________
|
|
12.03.2007 22:35 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Mojoo
Mee een beschtemmtenen User deen esou Kommentarer emmer derbäigeschriwwen huet, wäert dat jo elo netmei maachen.
|
do hues du recht !
brauchs dech weinst - déem - User nët mei opzeregen !
|
|
12.03.2007 22:37 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Jop
.
|
|
12.03.2007 22:39 |
|
|
Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
bass jo net nemmen du knolles. do hun sech anerer schon ustiech gelooss ;D
__________________
|
|
12.03.2007 22:39 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Mojoo
Jop
. |
bas du dann lo - happy - ?
wann jo, dann wées ëch nämlech, dat ëch weinstens äppes gudd gemaach hun !
|
|
12.03.2007 22:49 |
|
|
annemie unregistriert
|
|
@ Johny: Aie aie Captain! Wou's de recht hues... ;-) Bon bei just for fun an meetings ass dacks net vill aanescht ze soen... mee allgemeng aawer dach...
ech probéiren anengems mol rem "normal" comments ze schreiwen
Ech ginn mech schon elleng dofir drun fir net ze riskéiren mat drun schold ze sin wann mer deen mega coolen update net kreien ;-p
@Patty: beim Treverer senger Meetingfoto fannen ech daat ganzt aawer schon zimmlech limite wann net schon krass! well do kritt een fangeren wei beim pg-down (scrollen elleng huet scho kee wert mei), an wierklech vill sen erget et net mei 0:-)
|
|
12.03.2007 22:52 |
|
|
patty
Tripel-As
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 175
Herkunft: Dudetown
|
|
@ Annemie: ech liesen do schon guer net mei 10 minuten net obgepasst 20 nei kommetarer....
__________________ -->Patty<--
|
|
12.03.2007 22:55 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Knolles
bas du dann lo - happy - ? |
Dorëms geet et elo net! Ech hun keen Interet driwwer ze diskutéieren dass du näicht mei eroplueds. Ech hun keng Loscht mech iwwert deen Klimbim ze äusseren, an hei wäer souwisou net dei richteg Plaatz dofir. Ech sin happy dass ech keng Kommentarer mei wei "wann éen klickt, dann bliedert hien virun !!"; "wann éen klickt, dreint hien sëch ëm :-)" etc. ze liesen, jo!
|
|
12.03.2007 22:58 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
|
|
Ech wonnere mech elo awer sou lues dass all déi Leit, déi hei un der Diskussioun deelhuelen an Saachen ze "bemängelen" hun, dach den Owend immens aktiv hei sin (Leit déi dem Site hei schon de Kuerf gin hun) wann et drëm geet Fotoen eropzelueden!!!
An do stellen ech mer Froen...
Ech selwer hun och fier mech d'Décisioun geholl fier nët méi aktiv hei op PG ze sin ( .... Johny du wees waat ech mengen!) mee ech stellen mer ganz eescht Froen iwert verschidde Leit hier Konsequenz!
Déi Saach mam Chat an dass et hei um Site ëmmer manner ëm d'Fotoen selwer geet ass iwregens ee vun den Grënn vierwaat ech mech zréckgezunn hun...
Wollt op dëser Plaatz awer och all deenen Leit Merci soen, déi Kommentaren zu méngen Fotoen gemach hun!!!!
Hoffen et geet rëm iergendwann ëm d'Fotoen!
Bis dann
Dan
|
|
12.03.2007 22:58 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
Themenstarter
|
|
Aaaalso:
1. Sinn ech GANZ iwerascht weivill positiven Feedbacxk ech op esou eng, eigentlech, negativ Aussoo kréien. An daat och nach vill vu Leit, wéi den Dan selwer soot, dei dem Site scho mei de Réck gekéiert haaten. Ech gesinn daat awer absolut als gutt un, op kee Fall als schlecht.
2. De Grond wisou sou Leit lo den Owend rem bessen Motivatioun vläicht hun, ass jo awer kloer: Se hun lo hei am Thread gemirkt dass sie net alleng sinn matt hierer Meenung, genee sou wei et och mir gaangen ass. Daat ass och gutt esou, an ech si just frou wa Leit wei CK oder mmphotos rem mei aktiv sinn, daat wëssen sie selwer och.
3. Et geet bei dem Thema hei net em de Knolles, daat gëlt suwuel fir dech selwer, Armand, wei och fir dei aner. Ech wëll zu dem Thema hei näicht liesen, et gehéiert net heihin (mee eigentlech genee sou weineg bei eng Foto)
__________________ 404 - Not found
|
|
12.03.2007 23:05 |
|
|
|