Ochiniwa
Eroberer
Dabei seit: 13.08.2006
Beiträge: 62
|
|
Wann ech eng Photo am Photoshop opmaachen ass d'Saturatioun verännert. Irgendwei benotzt den Photoshop eng aaner Astellung vun den Fuerwen waat eigentlech e Problem ass well esou baal ech se am Windows Explorer oder am Zoom Ex Browser (vun Canon) opmaachen ass d'Saturation eng aaner. Och hei op Photogen ass se aaneschters, just den Photoshop passt se un.
Desen Problem ass rezent an secherlech irgend eng Astellung, hun mech mat der Anleitung duerchgeploot an näicht fonnt... irgend en Tip???
|
|
06.11.2006 20:54 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Wanns du deng Foto am Photoshop als *jpeg oofspäichers, an du kucks dir se dann am Image Viewer un (oder soss engem Programm), ass d'Saturatioun dann dei nemmlecht weis du se am Windows Explorer oder am Zoom Ex Browser gesäis? Oder vergläichs du d'Foto emmer wanns de d'Datei am Ps op hues an nach net endgülteg oofgeschpäichert hues?
Dat ass menger Meenung noo, neemlech normal. Meng Foto gesäit oft am Photoshop selwer aaneschters aus, wei d'oofgespäicherten Datei duerno. Den Kontrast ass aaneschters, an/oder d'Saturatioun zum Beispill och. Ech kann mer fiirstellen dass dat awer och mam Mode, an deems de deng Foto stoën hues, ze din huet, sief daat RGB oder CMYK. Probéier dat eemol.
|
|
07.11.2006 11:50 |
|
|
Ochiniwa
Eroberer
Dabei seit: 13.08.2006
Beiträge: 62
Themenstarter
|
|
D'Saturatioun ass am Photoshop emmer aaneschters wei an all aanerem Programm. All aaneren Programm weist d'Saturatioun zelwescht un, just net den Photoshop. och nodeem ech d'Bild ofspäicheren ass d'Saturatioun ausserhalb vun Photoshop aaneschters. Daat steiert enorm well ech mat Photoshop alles astellen a dann gesäit et an all aanerem Program schlecht aus :/
|
|
08.11.2006 21:25 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Mh komesch. Ech hun nach um Internet noogesicht, mee leider näicht fonnt. D'deet mer leed dass ech der net weiderhëllefen kann.
Vielleicht mëllt nach een sech hei.
|
|
08.11.2006 21:38 |
|
|
ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
Also, Ochniwa, ech hun dee Problem och. De Photoshop huet iergendsweich aaner Informatiounenen. Bei mir senn d'Faarwen am PS vill mei blatzeg, wei wann ech se am iPhoto, Vorschau oder soss engem Programm kucken. Dat nervt mech och, besonneg wann ech eng Foto am iPhoto gudd fannen, ass se am PS guer net mei sou flott. Ech hun leider och keng ahnung, firwat dat sou ass. Mee Fackt ass, datt den PS dat eben sou mecht. Ob et lo de PS ass, deen richteg fonktioneiert, oder op et dei aaner Programmer senn, dei d'Informatiounen richteg remgin ass lo d'Fro.
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
08.11.2006 22:49 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
Zitat: Fakt as datt de Potoshop daat sou mecht.. jo..daat as Fakt...
Fakt as awer och datt de Photoshop daat mecht waat dier him soot... an daat mus net emmer richteg sin...
|
|
08.11.2006 22:52 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
.
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von Mogway am 09.11.2006 14:28.
|
|
08.11.2006 22:56 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
hmm steht neicht an der help datei? oder am google hun jidenfalls keng ahnung an ass mir souguer nach iergendwei egal well adobe waert schon wessen waat se machen an vueque datt ett mir nemmen opgefall ass datt meng tiff mein onscharf sin wei meng jpeg pf....midd verwirrt an deelweis flemm....miep....miep disconnected....
|
|
09.11.2006 14:50 |
|
|
luxra76
Grünschnabel
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 6
Herkunft: Bascharage
|
|
Salut,
ech hat mol en ähnlechen Problem, an do hat ech äus Versehen dem Photoshop gesot hien soll d'photoen beim opmaachen an en aneren Faarwprofil emwandelen (wees net méi wat fir een) an dat war e Faarwprofil den de Browser net richteg uweisen konnt. Check mol an den EXIF-Donnéen mat wat fir engem Faarwprofil deng jpg'en ofgespäichert sin.
Raoul.
|
|
10.11.2006 08:10 |
|
|
|