Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
ech sin zwar keen FAN vun Pimpampelsachen mee dei as secher besser wei verschieden annerer um site!
|
|
13.10.2006 20:49 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
D'Leit kommen emmer rem matt der Leier "jidferee seet se wir gutt":
Froo mol Leit déi och Ahnung an der Fotografie hun, net Leit déi just äntweren se wir gutt well se entweder net vill vun der Matière kennen, oder just soen se wir gutt well se keng Loscht hun sech ze rechtfertegen wann se géife soen se wir net gutt. Et muss ee, wann een Leit em Meenunge freet scho wëssen vu wem een eppes oofhëllt a vu wem net...
Fir eise Site zielt d'Leeschtung vum Fotograf an et ass eis wichteg dass ee gesäit dass een sech Gedanken drem gemaach huet, wéi d'Foto ka gutt ginn asw. Bei deser Foto stëmmt just d'Schärft an d'Faarwen, mee daat ass net esou waat zielt.
Du hues uewen suguer nach de rout Knosp (Komme grad net drop wéi een déi nennt), nach oofgeschnidden ... sou eppes mierkt een, wann ee sech wirklech Gedanken drëm mecht.
Fier mech ass daat do net wirklech eng fotografesch Leeschtung an dofier hun ech se och net aktivéiert.
__________________ 404 - Not found
|
|
13.10.2006 22:53 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du soos jo net "se ass super", just se wir besser wei verschidden aanerer um Site. Daat waat ech geschriwwen hun war éischter just op säin Statement "Jidfereen den se geseit seet sie wir super!" bezunn.
__________________ 404 - Not found
|
|
14.10.2006 00:54 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Du soos jo net "se ass super", just se wir besser wei verschidden aanerer um Site. Daat waat ech geschriwwen hun war éischter just op säin Statement "Jidfereen den se geseit seet sie wir super!" bezunn. |
mmhh war éischter ....
naja egal...
|
|
14.10.2006 00:55 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du soos jo net se wir super, an ech ka mer net virstellen dass iergendeen bei eis um Site, den och bessen wees waat Fotografie ass, géif soen se wir super.
Et ass jo net weiwann d'Foto lo schlecht wir .. mee bon ech hun genee genuch erklärt wisou ech se net aktivéiert hun.
__________________ 404 - Not found
|
|
14.10.2006 01:09 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
Themenstarter
|
|
Also ech wees selwer dass ech net grad den beschten Fotograph sin, mee dofir wel ech meng Fotoen jo drop setzen, fir dass ech verschidden Menungen respektiv Kritik kreien an net nemmen vun enger Säit! Jidfereen huet seng eegen Meenung, jidfereen fent aaner Saachen besser!
An heinsdo gesin ech awer och hei Fotoen wou ech mech froen waat do den Hannergedanken dovun wuel war an waat un denen sou speziel soll sin! Mee nuje, do kann ech näischt änneren.
Wollt des Foto lo awer mol hei dran setzen an hei d'Leit fir hier Meenung/Kritik froen... Hoffen daat as lo net schlem!?
An zum Beispill daat mat der Knosp hues de ma net gesot wous de ma se refuseiert hues! Iwwrens, nennt een Spakelter dei rout Knosp!!! ;-)
Dann probeieren ech dei nächste Keier mein Bescht, opwuel, ech gleewen net dass ech dest Joer nach eng keier een Kiewerleck firun d'Lenz kreien...
Trotzdem nach eng keier Merci fir den Tip!
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
14.10.2006 05:07 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
"Fier wanns du nët sëcher bass op eng foto gudd gin ass. Stell se hei eran."
setz rouhech deng fotoen hei rann ass jo geduecht fir feedback ze kreien wann een net secher ass op se gudd genuch ass fir photogen
|
|
14.10.2006 12:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@Masterpii: Jo well daat fir mech derbi gehéiert, eng Foto ze maachen mat méi Iwerléung virdrun, eben grad well daat dann engem opfällt. An ech kann net all Foto déi ech refuséieren Detail fir Detail 'auserneen' huelen well soss maan ech jo soss näicht méi wéi just op PG hänken
__________________ 404 - Not found
|
|
14.10.2006 13:18 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Hei as erem en typescht "Photogen" Beispill.
Op der enger Säit gët andauernd gesot dass Photogen duech Kommentarer vun Useren dozou bäidroe soll, dass besser fotograféiert gët.
Op der anerer Säit gin dann awer esou Fotoen wéi di heiten mat komeschen Erklärungen refuséiert (nët gudd genuch, näischt Besonnesches, ...). Dat hëlleft dem Masterpii secher nët!
... An ech kann net all Foto déi ech refuséieren Detail fir Detail 'auserneen' huelen well soss maan ech jo soss näicht méi wéi just op PG hänken ...
Firwat hues du dann d'Kommentar-Fonktioun erfonnt?
Em wat geet et dann elo hei? Nëmme gudd Fotoe weisen oder vläit awer progresséieren?
... Froo mol Leit déi och Ahnung an der Fotografie hun ...
dat gefällt mer. Hei um Site schéngt Ahnung ganz speziell definéiert ze sin.
|
|
14.10.2006 15:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du bass gutt am Wieder am Mond emdréinen ... respektiv an de Comments.
Wa mer all Foto aktivéieren, da kréien d'Leit an 3 Deech gehirlos d'Flemm fir Kommentarer ze schreiwen. An bei sou Fotoen wou Motiver drop sinn, déi een immens oft gesäit, ass et dach scho ganz normal dass d'Foto muss e bessen sech vun denen aaneren ennerscheeden, fir dass se iwerhaapt eng Chance huet Kommentarer ze kréien.
Wisou mer de Leit awer soen wisou se net geholl gëtt? Well ech selwer et ze vill onperséinlech fannen wann een einfach NEE seet, ouni soss eppes. Ausserdem hun ech net nemme gesoot se wir net speziell genuch oder sou, mee ech soot em dass den Päiperléck ze vill an der Mëtt ass, an dass ee sech bei su engem Motiv eben méi Gedanke muss maachen.
Et geet net drem 'gudd' Fotoen ze weisen, mee et ass sou dass mir déi hei äussortéieren wou een gesäit dass sech net genuch Gedanke gemaach gi sinn em d'Foto selwer. Well 'knipsen' ka jidfereen, daat wees du och.
An daat matt der Ahnung, do wees du OCH rem ganz genee dass wann ee Leit freet dei wirklech sech net fir Fotografie interesseiren, 99% vun denen emmer nemme soen 'jo se ass schéin'. An genee op sou Kommentarer därf een seng eegen Meenung vun senger eegener Foto NET opbauen.
PS: obs de et gleefs oder net, et hun och scho ganz vill User mer gesoot dass wa se eng sou ähnlech Fotoe refuséiert kritt hun, dass grad daat se méi motivéiert huet fir besserer ze maachen. an rood mol waat ... genee daat ass et waat mer wëllen erreechen domat.
__________________ 404 - Not found
|
|
15.10.2006 00:54 |
|
|
Neckel
Routinier
Dabei seit: 08.06.2006
Beiträge: 396
|
|
Hun är kleng Dikusi bessen verfollegt, an jo ...
Eta ss natiirlech am Ufank schweier, mee wei ech hei hin komm sin war et genau tselwescht, kruut och su munch Foto refuseiert ... an dat, helleft, wei den Johny well soot, ze motiveiren, an fir henno dem Admin do et ze weisen, dass een awer eps kann ...
An ausserdem, wat helleft engem su " informativ " Kommentarer wei schein Foto, Wonnerbar Foto, absolut null ... Leider geseit een dat awer all Daag hei ... Nuje ...
Gleew mer Masterpii, aller Anfang ist schwer, waart nach puer Wochen, dannn verstees de dat, an dann fänkst de och su lues un dei Blüdech Ufängeren richtesch ze kritiseiren ...
Well lo net soen dass ech lo besser sin, mee ech mierken awer, zenter dass ech hei um Site sin, dass ech vill beigeleiert hun, an och, behaapten ech mol einfach, mech klor verbessert hun ...
@Patrick ... fir dat een beileiert an sech verbessert, leid et net nemmen un Photogen, an hirer Astellung, mee och um Fotograph, respektiv User, well em den geet et ....
An wann dem et wichtesch ass eps beizeleiren, soll en sech dann och dementsprechenmd drun gin, an motiveiert, an iwwerluescht Fotoen man ...
|
|
15.10.2006 19:41 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
Themenstarter
|
|
Also merci na eng keier fir är keng ahnung wei ech et nennen soll, erklärung ennerstetzung root?!! sin jo och net mei grad en bluddegen ufänger, mee wees och selwer dass ech na net gudd sin, mee tipps sin emmer gudd an kann een emmer beileieren a Jidfereen huet och mol eng keier kleng ugefang! geng mol soen wann ech dei nächste keier eng foto refuseiert kreien sin ech net sou seier ausser mir! an kucken einfach na eng keier genau iwwert foto an probeieren se besser ze maachen!!
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
15.10.2006 23:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Tiptop esou
__________________ 404 - Not found
|
|
15.10.2006 23:34 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
|
16.10.2006 01:06 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
Themenstarter
|
|
eng Fro hun ech awer nach emmer! Kent dir mir bei menger aanerer Foto dei ech hei am forum hun firun hellefen? geng mech immens freen!!! Merci am firaus!!
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
16.10.2006 01:12 |
|
|
Olivier
Haudegen
Dabei seit: 03.11.2005
Beiträge: 511
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Sorry... mee... kanns lo net all fotoen vun dir emmer nemme haidran stellen... doofier ass et dann awa o net geduet, fier all foto dann hai eran ze stellen...
|
|
16.10.2006 18:21 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
Themenstarter
|
|
daat as lo dei eischt Foto dei ech hei dran stellen fir ze froen waat ech kann änneren wanns de dei vum Rheindall mengs?!! As daat lo schlem? hun geduecht den Forum wir dofir geduecht?!! Des hun ech dran gesat, well ech wessen wollt waat un däer net sou gudd axs dass se refuseiert gin as!!
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
16.10.2006 22:35 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
masterpii du hues recht
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
16.10.2006 22:43 |
|
|
|