Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Waat ass hei lass ???? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Waat ass hei lass ????  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
micky-maus
Jungspund


Dabei seit: 27.11.2011
Beiträge: 22

Waat ass hei lass ???? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hallo alleguerten....

Sinn 1Joer 1/2 hei dobai ann hunn immens vill Leid hei kennengeleiert.
Leid mattdeenen een flott schreiwen konnt awer och epees geleiert hunn ann sech dofier interesseiert hunn engem eppes ze weisen ann erklären.

Mat groussem Bedaueren hunn ech Geschter gesinn daat den Gaga sech elo hei ganz ofgemellt huet, och Zora huet sech ganz zereckgezunn....

Weem seng Schold daat ett ass, wees ech nött, hunn mech nach nie hei ugegraff gefillt, opwuel ech schonn vill Kritiken hei ginn hunn oder kritt hunn.....

Schued, daat hei Useren ann der Roserei fortlaafen, dofier meng Froo unn jiddereen hei:
waat leeft hei schief.....?
oder woer daat nach emmer esou hei?, firum November 2011 wou ech nach net dobai woer ?

M.b.G.: Fränk
28.05.2013 10:34 micky-maus ist offline E-Mail an micky-maus senden Beiträge von micky-maus suchen Nehmen Sie micky-maus in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

PG gëtt et säit 2005 an ëmmer war et esou dass Leit komm sin a gaange sinn, dat ass och ganz normal. D'Grënn sinn oft verschidden, déi eng well se keng Fotoen méi maachen, anerer aus Zäitmangel, anerer well et en einfach net méi ganz sou gutt gefällt. Dat ass awer net "schief" mä an enger online community ganz normal. Ech kann der sou direkt op manst 15 Leit opzielen wou et extrem schued ass dass net méi sou aktiv si wéi alt an de läschte Joren smile

__________________
404 - Not found
28.05.2013 11:46 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
icylady
Grünschnabel


Dabei seit: 05.02.2012
Beiträge: 6

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

et ass ëmmer schued wann Leit ginn, an daat och nach an der Roserei. Ech beobachten daat déi lescht Méint, (seit ech rem aktiv sinn well mir virdrun den Filter nii eng Chance ginn haat eng Foto ropzesetzen) als Fra an enger gemeschter Community.
Et ass wouer datt ab und zu haart matteneen emgang ginn get, ech schwätzen lo net vun den Ufänger, mee vun Leit déi gudd Foto'en maan an schons Referenzen sinn fir eis Ufänger. An mengen Aen ass et sou, wann een der selbstherrlech ausdeelt, dann muss een op der aaner Sait och können astiechen. Datt et sou geet oder souwait kënt, muss jo eigentlech guer net sinn, et misst dach och méiglech sinn ziviliséiert matt Respekt engem eng Kritik riwerzebrengen.
An wann een matt engem senger Foto naischt kann ufänken, dann léist een et sinn an kuckt déi next.
Et ass eng Freizeitbschäftigung déi souvill Freed mecht, do kann een dach dann och frendlech sinn, bleiwen an een aaneren deem daat och matt souvill Freed mecht, matt Respekt behandelen.
Ech behuelen mech eigentlech sou wéi wann ech deejenegen virum mir stoen hätt, an do mecht an seet een och net egal waat.
mbG Icylady
28.05.2013 12:28 icylady ist offline E-Mail an icylady senden Beiträge von icylady suchen Nehmen Sie icylady in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Du hues vollkomme Recht Johny.

Ech muss en awer och soen, dat e Bestietnis nëmmen esoulaang gutt geet, ewéi Toleranz tëscht den zwou Säiten do ass. Fir déi Zwou ! Säiten gëllt, wann ee sech well erklären, muss dem aneren och nolauschteren ouni direkt aggressiv ze reagéieren ... et muss net ëmmer Alles op d'Woschuel geheit, an stur op enger Behaaptung festhalen ginn. Och an engem Forum, den jo eng Gesellschaft spigelt, geet et nëmmen mateneen fir eecht geholl ze ginn, an en eventuellt Ziel ze erreechen.

Fortschrëtt geet net iwwert Regelen déi nëmme "stur" agehale ginn ... dann ass menger Meenung no en Rëckgang a Siicht a net ze evitéieren.

Wann eng Koppel duerch net schwätzen an Sturheet net méi mateneen kann, dann ass just den Affekot de Gewënner, obschonns et wahrscheinlech ass dat déi Zwee duerno awer glécklech duerch d'Liewen ginn.

Ech weess awer och aus Erfahrung dat heiansdo esou eng kleng Paus kann guttgedoen. smile

Meng Gréiss un all Useren


edit: sorry icelady dat war iwwereneen gaangen

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 28.05.2013 12:48.

28.05.2013 12:47 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech fannen den suraki huet absolut recht an dem wat e seet

an Johny, et as ken geheimnis dass den Suraki, Gaga an ech super eens gin, trotzdem wëll ech lo nët sou verstanen gin wéi wann ech lo ouni nozedenken, hien protégéiren an mëch géint pg oder wen och ëmmer stellen.

nëmmen zumindenst den leschten éclat ass eis jo all bekannt, an ech denken sprochlëch sin extremst fehler gemeet gin awer op 2 saiten (mat 2 saiten mengen ech den user an den comitésmember den involvéiert wor). an et géif mëch freen wann dat och ganz genee sou kinnt festgehalen gin ouni dass mer lo hei streiden.

fir mëch ass dat bei dësem abgang den schlësselmoment gewiercht an hätt kinnten évitéiert gin.
28.05.2013 13:03
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et ass menger Meenung no wéi bal ëmmer: Et gouf alles erëm ze perséinlech opgeholl, vill méi schlëmm wéi et eigentlech war. Dun ass et an d'Extremt gedriwwe ginn, wat net grad hätt musse sinn, an sou kënnt et zu sou Situatiounen.

Ech fir mäin Deel behaapten mol och mat iech z.B. allen 3 ganz verstänneg kënnen ze schwätzen, och wa mer Meenungsverschiddenheeten hunn, an déi allermeescht Diskussiounen sinn och ganz interessant. An dësem Fall ass de Marco awer zimlech wäit gaang, an dat alles just well en dee Kommentar bei seng Foto geschriwwen huet, wat ganz schued ass (well seng Foto war en plus nach gutt!).

Ed: Mir diskutéiren och gär iwwer "Regelen", soen net dass mer eis stur mussen dorop behaapten wat aktuell besteet, awer hei waren et der just 5 déi einfach an iwwersiichtlech sinn, an och nach ni iergendeen eppes drun auszesetzen hat.

Meenungsverschiddenhette kommen ëmmer erëm op, och tëscht User & Comité, mä verschiddener muss een einfach kënnen akzeptéiren (vun zwou Säiten!) als Mëttelwee.

__________________
404 - Not found
28.05.2013 14:03 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech ënnerschreiwen dat sou, wéi's de et sees.
aus eegener erfahrung wees ech, wéi schwiereg et ass den richtegen toun online ze fannen.

ech gesi mëch hei och definitiv just als observateur, den béid saiten neutral probéiert ze bewerten, vu dass ech béid saiten privat kennen a gutt eens gin matt hinnen.

trotzdem fannen ech dass een iwwer een kodex kinnt nodenken, dat soll jo nët verhënneren dass een kritiséiert asw.

ech hu mer e grousse spass gemeet (an leschter zait) vill ze liesen an relativ wéineg ze soen. global gesin fannen ech awer dass verschidden comments (an do as nët nëmmen eng persoun gemengt) enner aller clarinette sin an ech denken nët dass et géint d'liberté d'expression verstéisst wann jiddereen e bëssen méi géif nodenken iwwer den brach oder nët-brach den en vu sëch gët.
28.05.2013 14:37
OK-Photography OK-Photography ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech ennerschreiwen dem Johy seng äntwert:

Zitat:
PG gëtt et säit 2005 an ëmmer war et esou dass Leit komm sin a gaange sinn, dat ass och ganz normal. D'Grënn sinn oft verschidden (...) Dat ass awer net "schief" mä an enger online community ganz normal. Ech kann der sou direkt op manst 15 Leit opzielen wou et extrem schued ass dass net méi sou aktiv si wéi alt an de läschte Joren
Et as effektiv schued ze gesinn dass Saachen hai um Site emmer rem WAIT iwwer Fotografie rausginn, wubai et eigentlech déi ass, déi eis haihinner bruecht huet.d'Problemer vun enger Community am INTERNET sinn bekannt, et get ze wéineg perséinlechen Kontakt an geschriwwenen Text get séier falsch interpreteiert.Méi einfach wier et déi Energie an den Fortschrett vun der Fotografie (der eegener, an där vun aneren User) stiechen - daat ass emmerhin den primären Zweck vum Site.Fir all Formen vun Kritik, Diskussioun, Unreegungen an Iddien get et den Forum, oder, nach vill besser: eis Meetingen. Do kann een emmer nach am Beschten iwwert eppes schwetzen, an do huet bis lo och nach nie een gejaut "Ech sinn raus!" Augenzwinkern

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
28.05.2013 15:00 OK-Photography ist offline E-Mail an OK-Photography senden Homepage von OK-Photography Beiträge von OK-Photography suchen Nehmen Sie OK-Photography in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mat Kodex mengs de Verhalensregelen, oder wéi?

An eise Konditiounen schreiwe mer drann wat verbueden ass asw, hei gréisstendeels awer Saachen déi extrem sinn. Zevill virschreiwen wéi wee sech ze behuelen huet, wëlle mer awer och net onbedingt. Ma et ass allgemeng schued dass ville Leit den néidege Respekt feelt vis-à-vis vun aneren (also och lo global op vill Kommentarer bezunn)

__________________
404 - Not found
28.05.2013 15:00 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ johny an oli:

ech ka ken denkfehler entdecken ;-)

an trotzdem:
et kennt een sëch jo ënnerteneen, an ech denken dir sidd op déi selwescht iddi komm wéi ech an hutt iech d'méi gemeet bei verschiddenen leit nozefroen virwat se nët méi posten. an d'äntwert wor dacks déi: ke bock méi op eng bestëmmten sort vu comments. zielt och deels fir mëch selwer, an dat wat mëch am meeschten erstaunt huet, wor dass ech déi ausso do och vun engem comités-member krut.

wat seet eis dat? mir kucken no an dulden dass e puer ondisziplinéierter eis d'leit verdreiwen... selbstverständlech sin ausrutscher ëmmer méiglëch, me déi diskussioun hei ass al, mir schwätzen hei nët nëmmen vun ausrutscher.

ech denken ech hätt maint lo zum thema gesot. dir denkt vlait eng kéier driwwer no ...
28.05.2013 15:18
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat ass eng top Diskussioun déi ech ganz gäre géif am realen diskutéiren, net am Forum. Well gleef mer, dat ass eppes wat wäit geet, an ëm dat alles hun ech mer schonn extrem vill Gedanke gemaach an verschidden Szenarioen virgestalt smile

Ahjo ech kann dat iwwregens ënnerschreiwen mat "kee bock méi op verschidde Comments", bei mir ass et allerdings mat doduerch dass ech President sinn. Well et ka jo lo wirklech net sinn dass de President vu photogen eng Foto, déi kloer en Experiment war, roplued, an déi ass guer naischt. Da kënne mer direkt alles zou maachen, oder? (Jo ass, sou Comments krut ech smile )

__________________
404 - Not found
28.05.2013 15:22 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Frendschaft fleist aus villen Quellen, am Rengsten awa aus dem Respekt ! Hat och verschidden Diskousiounen hei, an awa Respekteieren Esh dei Leit, an hier Arbescht, an dobaussen kann een sech an Aen kuken ouni mussen sech käpp anzeschloen, an hei um Site sollet och net anescht sen vir richteg, mee non..

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gi87 am 28.05.2013 15:52.

28.05.2013 15:34
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Waat ass hei lass ????

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH