Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » [Foto] Rendez-vous » Asbestgefor an der CT? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Asbestgefor an der CT?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
krautheim
Jungspund


Dabei seit: 11.03.2007
Beiträge: 22

Asbestgefor an der CT? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun zoufälleg mat engem Matarbeschter vun enger Firma geschwat, déi sech haptsächlech em Asbestsanéirung an der Industrie kemmert. Vun him krut ech d´Bestätegung vun enger Vermutung déi ech schon méi lang hun: d´Centrale Thermique (CT) zu Esch as zimmlech stark mat Asbest (amiante) kontaminéiert. Asbest as agesat gin fir d´Réier a Leitungen ze isoléieren an war als Brandschutz an den Iewen dran. D´CT as an engem desolaten zoustand an op ville Platzen as déi Isoléierung futti a setzt Asbeststéps fräi. An denen läschten Joerzengten hun Kofferdéif am ganze Gebai gewütet an allméiglech Materialien erausgerappt ouni drop opzepassen, dat Materialien aus Asbest dobäi beschiedegt gi sin.

Ech gesin dat nach emmer Leit d´CT besichen gin an sech wahrscheinlech dem Risiko net bewosst sin. Ech war och méi wéi eng Kéier do, ouni Mondschutz. Ech hun zwar emmer drop opgepasst net zevill Stéps opzewirbelen, mee ganz bewosst war ech mir dem Risiko och net. Asbest as wann en a fester Form gebonnen as net problematesch; riskant get et wann Asbestisoléirungen oder-plakken beschiedegt gin an déi Faseren an d´Loft fräigesat gin. Dess Warnung gellt net nemmen fir CT, mee fir eng ganz Rei vun aalen Industriegebäier déi sech lues a lues an hier Bestanddeeler opléisen.

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von krautheim am 04.02.2013 20:23.

02.02.2013 18:18 krautheim ist offline E-Mail an krautheim senden Beiträge von krautheim suchen Nehmen Sie krautheim in Ihre Freundesliste auf
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et ass zwar gutt den leit déi Gefor en bëssen bewosst ze maachen, mee net wierklech eppes neies.
Asbest gouf fréier bal iwwerall als Isolatioun benotzt, bis se eben rausfonnt hunn dat den Stëpps net terribel gesond wier.

__________________
Anti-Signature
02.02.2013 20:52 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech stemmen dem Bob hei zou.
Wanns de 1Stonn duerch t'Staat bei Berufsverkeier gees, hues de wahrscheinlech mei Dreck ageotemt.
Aspest as eng Gefor an Gesondheetsschiedlech, wann een länger Zeit domat a Kontakt as. Dei komplet iwerdriwen Art a Weiss wei hei dermat geschaft get (kuckt ierch emol un wei sou "desamientagen" duerchgezun gin... daat as einfach Geldmacherrei. Do gin Schleisen gemach, kuerz begrenzten Schichten mat Secherheetsgezei wei an engem Hollywood-Virus-Film etc... . Fier eben sou Firmen an och eisen Kontrolbureauen Suen an Arbescht ze gin. Sorry fier dein Kolleg, mais as meng fest Iwerzeegung Augenzwinkern
Den Shantideva as elo villeicht t'Ausnahm well hien, den Gerüchter no, och des öfteren Nueten do verbrengt, mais een deen elo 1x de Mount an t'CT geht (an fier waat ze knipsen iwerhaapt... ah jo, dei "deja-vue" Urbex-look-alike-fotoen ....) deen geht dommader net onbedingt en Risiko an. Ob jiddefall bestemmt net mei wei een P&Ch Arbeschter deen 8h den Daag op der Autobunn schaft (den super-Partikelfilterstepps as jo lo NACH mei Kriebseregend wei deen gudden aalen Dieseldamp aus eiser Zeit, well se fill mei kleng sin an nach mei deif an t'Longen kennen goen)
Et as gut dats de villeicht de Leit daat emol firun Aan hälls, mais een deen do ronnderem geeschtert geht aaner Risiken an wei daat, punkto Secherheet an Stabiliteit etc ... ausserdem as t'CT mettlerweil saugut belleft. großes Grinsen (Also ech soen elo net dat en Arbeschter deen Aspest zerseet keen Mundschutz brauch, mais deen brauch en och bei aaneren Materialien.)

Trotzdem, ech fannen et gut esou Themen hei unzeschwätzen dei net direkt mat Photo ze din hun, mais awer interessant Gespreicher kennen brengen an vill Info un Leit dei se awer mol kennen gebrauchen.

PS: Wous de der och Suergen kanns machen as zb mat Microfaseren. Et gin Fuerscher dei ganz stark firun deem ganzen Dreck warnen. Et muss een sech bewosst sin dat do Faseren produzeiert an,an eis Liewensreim gesaat gin, dei elo nach mat kengem Filter kennen (en gros) erem erausgeholl gin aus dem Drenkwaasser zb. Dat dei bestemmt net gesonnt fier eisen Kierper sin, leit jo op der Hand. Mais sou laang keen daat beweisst produzeieren mer daat ganzt awer mol eng gros fier mol erem epes neies um maart ze hun.
03.02.2013 21:07
Maimonides Maimonides ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mésothéliome pleural.
03.02.2013 22:03 Maimonides ist offline E-Mail an Maimonides senden Beiträge von Maimonides suchen Nehmen Sie Maimonides in Ihre Freundesliste auf
krautheim
Jungspund


Dabei seit: 11.03.2007
Beiträge: 22

Themenstarter Thema begonnen von krautheim
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech si schon der Meenung dat een net ze oft soll gréisser Quantitéiten vun Asbestfaseren anotmen, an aal Industriegebäier wéi z.B. d´CT si Platzen wou éichter méi grouss Mengen unzetreffe sin. Ech well hei keng Panik machen, sin awer der Mennung dat eso ue Forum och soll fir d´Bewosstmachung vun eventuellen Risiken déi beim Fotograféieren op méi ongewéinlech Platzen kennen optrieden sollgenotzt gin.
03.02.2013 23:12 krautheim ist offline E-Mail an krautheim senden Beiträge von krautheim suchen Nehmen Sie krautheim in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser


images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

lo hat ech scho gemengt urbex wier a gefor smile
wanns de kanns, änner däin thema dach w.e.g. an "CT=Asbestgefor" oder sou, ëm

edit:
ech hun elo däi leschten zuutz nach gelies: mach wéis de mengs, mee asbest as net eng gefor fir urbex, mee eng gefor fir d'gesondheet. ech soe jo coh net "urbex as a gefor, well wann een an en déiwt lach fällt, da kann een sech wéidoen, oder schlemmer"

versteess de wat ech hei mengen?

op der anerer säit: urbex as niemols a gefor, also as et wurscht wats de schreiws Augenzwinkern

__________________

04.02.2013 17:13 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
krautheim
Jungspund


Dabei seit: 11.03.2007
Beiträge: 22

Themenstarter Thema begonnen von krautheim
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci Marc fir de Kommentar. Hun den Titel geännert.
04.02.2013 17:32 krautheim ist offline E-Mail an krautheim senden Beiträge von krautheim suchen Nehmen Sie krautheim in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » [Foto] Rendez-vous » Asbestgefor an der CT?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH