jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
|
|
Wéini ass een en gudde Fotograf? |
|
Wéini gellt een als gudde Fotograf? Wéini mecht et "Klick"?
An kann jiddereen e gudde Fotograf gin?
|
|
13.07.2011 14:25 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
|
13.07.2011 14:36 |
|
|
DarkRoom
Mitglied
Dabei seit: 08.03.2011
Beiträge: 28
|
|
ma dann défineier emol "gudde Fotograf" !
gudd well en alleguerten d'Techniken perfekt beherrscht ?
gudd well en een Aa fier Fotoen & Gestaltung huet ?
gudd well en souwuel d'Techniken perfekt beherrscht ewei och en Aa fier Gestaltung huet ?
gudd well seng Fotoen aanescht sin ?
gudd well seng Foteen vun der Norm & der Traditioun ofweichen ?
gudd well ... ???
also : défineier emol waat fier dech en gudden Fotograf ausmecht
|
|
13.07.2011 17:02 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
daat dooten as dem "jekyll" seng Fro aanescht gestaalt....
Erfahrung !?
Du kanns Erfahrung/Skill an allen Bereicher hun, oder sust an Eenzelnen...
Du kanns den Top sin, zB an da "Landschaftsfotografie" mee dann an da "Portraitfotografie" krisste neischt ob Blaat....
Fazit vir mech,Jidereen kann een guden Fotograf gin, wann En et eben well, dohannert bleift, bessen Talent a Chance, an bei verschidden Saachen mol vleit ob Anerer lauschtert.
Jekyll dein "klick" kennt net vun haut ob muer.... :-)
|
|
13.07.2011 17:23 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
Wann ech dierft main pefferkaer baileen: vlaicht as gudd eng falsch kategorie? Secher gett et sou eppes wei eng gewessen Technik gudd beherrschen mais as d'Photographie wierklech nemmen technik?
|
|
13.07.2011 20:29 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
... fléicht wann en net méi well oder muss gutt sinn ?
|
|
13.07.2011 22:05 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
@suraki: Gudd äntwert!
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
14.07.2011 01:01 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
Zitat: |
Original von dr_kim_veis
mais as d'Photographie wierklech nemmen technik? |
ass en gudd fro ... ech mengen dass d'photographie eppes ass waat iwert technik eraus geet.... waat eng gewessen ausso, eng gewessen philosophie, haltung par rapport zum photographéirten huet.
ech wees mol net op et DEN "gudden photographe" par excellence get. ech mengen et gin esou vill verschidden approchen zur photographie, dass een fir all approche en ideal, en genre vun gudden photographe get. et gin also esou vill gudd photographen wéi en genren gett. mir perséinlech geet et bei der photographie virun allem dorems zefridden ze sin mat dem wat ech maan. daat muss och laang net all mensch gefaalen. sech selwer trei bleiwen an sengem stil, sein stil also mol fannen, an doduerch och op déi eng oder aaner art an weis unique ze gin, dass een sech kann aus der ganzer masse vun photographen erauskristalliséiren, an sierf et nemmen duerch verschidden détailer.
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
14.07.2011 12:34 |
|
|
ZerberuZ
Jungspund
Dabei seit: 09.08.2010
Beiträge: 17
|
|
weini ass een en gudden fotograf ?
wanns de matt der selwer an dengen biller zefridden bass an spaas drun hues
|
|
14.07.2011 18:21 |
|
|
m-otiv
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
Kann d'Fro nach méi Vague sin w.e.g.?
Wéini???? waat fir eng äntwert erwaards Du dir?
an 3 méint? an 7 joer?
Wéini ass een e gudde Chauffeur, wéini ass een e gudde Musiker, wéini ass een e gudde Kach? wéini ass een e gudde Mensch?
Photographie ass eng aktivitéit matt 753 enner-kathégorien..
Du kanns een perfekten Teschniker gin an e puer méint, teschnik léiert een, awer komplett "NULL" kréativitéit hunn...an dann bass du awer keen gudde Fotograaf...
Du kanns vun teschnik "Null" Aahnung hunn, an awer emmer die bèschten Street momenter erwëschen...
Also verstinn Ech deng Fro net...
An der Musik huet den Bob Dylan sech matt 3 Accorden zum Weltstar gemaach, den Paul McCartney kann keng Nouten liesen....
An dann gin et Virtuosen wéi den Satriani, Steve Vai etc di pur Teschniker sin...
Eppes ass secher: ohne Schweiss....
|
|
14.07.2011 18:29 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Dann huelen ech G fir Glanz.
Et bleift nach:
F + T - G = Null
;-)
|
|
14.07.2011 22:43 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Amateurs worry about gear
Pros about money
Masters about light
wann 1 an 2 der egal ass an dech sust nach em lucht kemmers sou wei dei richteg grouss maestroen dann bass de en gudden
)) loool
naja, lo mol spass bei seit.
D'Fro an sech kann een net beäntweren, ass emmer affaire de gout zumindest waat compositioun, emsetzeung asw betrefft.
Technik ze beherrschen ass natierlech keen fehler, mee en technik fanatiker ze ginn ass quatsch. An daat hunn nach emmer ganz vill leit net gechecked.
ech geif soen daat wichtegst ass dass d'Leit rsp deng fotografen kollegen (an domat mengen ech net deng buddies) der meenung sinn dass de gut bass. dann bass de um richtegen wee.
Leider ginn et der hei vill ze vill dei mengen sie wieren gut , obwuel se mol net eng scharf foto hinkreien, trotz 10000 eur material
an nee, ech haalen mech net fir en gudden fotograf
|
|
15.07.2011 09:19 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
Et kéint een och folgendes rechnen:
G = M + F
M (Motivatioun) = Fr , T an S
ech ka mäer absolut net firstellen eng eenzeg gudd foto ze man ouni M! an der theorie kann een M och ee vun den 3 valeuren entzéihen. egal wéieng vun deenen 3. de problem: M bleiwt dee moment net éiweg bestoen.
S (e Senn dra gesin) ka villes sin. Entweder et as fir e Message ze verbreeden, oder einfach nemme fir jonk mossen am dessous ze gesin déi alles fir ee man an dobäi nach grinsen. et kann och de besoin e gefill, gedanken oder eng erkenntnis mat der welt ze deelen, oder einfach nemmen de wonsch berühmt a räich ze gin.
T (Technik, oder besser gesot "Know How") as a méngen aa'e vill manner wichteg wéi Fr oder F. du brauchs net méi wéi eng gudd gewunnecht a blenden, verschlëss, ISO-Wäerter a Brennwäiten an dacks ennerschat: perspektiv. Material braucht et net méi wéi iergendee fotoapparat wou souwuel de sensor wéi och 't optik net grad low-quality sin an am beschte fall e computer mat engem mindestens mettelméissege bildbeaarbechtungsprogramm.
Fr (Freed) as immens wichteg, a léisst sech amfong net definéieren, well et ee mënschlecht gefill as. mee wanns de Fr hues, weess de et. Fr wiesselt sech am verglach zu T onreegelméisseg of am gewiicht. während T sech lues a lues verbessert kann Fr Stänneg op- an oflafen. dat hänkt ganz elleng vun déngem séngem sozialen emfeld a vun déngem momentane liewensstandpunkt of. wat net heescht dass ee gudd liewen an ee gudd sozialt ëmfeld eng gudd Fr mecht.
F huet een an sech oder net. F kann ee fidderen mat anere leit huere gudden oder schlechte fotoen. mat filmer, bicher, biller, musék an engem senn fir beobachtung. deen dag wous de eppes gesäis wat soss kee gesäit, wou kee versteet firwats de drop gekuckt hues a firwat dass de et witzeg, komech, intressant oder einfach schéi fënns weess de dass déng F present as. fidder se! koper alles wats de gudd fënns, ouni et ze kopéieren.
@jekyll:
wanns du WELLS gudd sin, da geff der fir 't alleréischt bewosst dass de schlecht bass! net andeems de déi aner all besser fënns, mee einfach nemme schlecht fir dech. wann dee moment déng Fr bleiwt, klëmmt déng M. soubals de erausfonnt hues wat däin S as kanns de mat e bëssen T an vill Fr+F ganz flott fotoe man.
__________________
|
|
15.07.2011 10:18 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Ech géing dat aanescht formuléieren: NET: Sief der bewosst, datts du SCHLECHT bass. Dat demotivéiert an du hues keng Loscht méi nach irgendwéi Fortschrëtter ze maachen. Mais, du muss au départ souvill Selbstwertgefill hun, datts du dir sees: Ech kann eppes, et ass zwar nach an de Kannerschung an ech muss nach vill bei aanere kucken an üben, awer no an no, lues a lues gin ech besser. Ech gi vläicht ni gudd, mais sou wéi an der Geschicht vum Achill an der Deckelsmouk kënns du ëmmer méi no un däin Ziel, och mam Risiko, et ni ganz ze ereechen. An dann: Wann ee bis selwer den Discernement huet, séng eege Kompetenzen realistesch anzeschätzen, da muss ee bescheide bleiwen. An duerno kënnen all di Gläichungen, déi hei viru mir opgestallt goufen, hir Wirkung weisen.
Ah jo! Fréier hun déi, di haut unerkannte Künstler sin, fir unzefänken, di grouss Meeschtere vun hirer Zäit kopéiert, fir séch duerno ze "affranchisséieren". Haut ass copy-paste jo manner gudd ugesin (mat Recht, wann een dat mécht zu séngem eegene Viirdell), mais et ass, géif ech mol soen, nach ëmmer net falsch, ee Meeschter nozemaachen. Wann ee bescheide bleift.
An drëttens: Et gëtt näischt Neies méi ënnert der Sonn, an dat net réischt zanter geschter. D'Motiver änneren, keen Zweifel, mais wéi een se künstleresch verwert a wéi d'Rezeptioun dervub ass, dat entsprécht an alle Generatiounen enger Zort Konsens, enger onbewosster kollektiver Ästhetik, déi net ee fir alle Mol gülteg ass. Dat erklärt och, firwat verschidde Künstler zu Liefzäiten durchgefall sin an haut als Referenz an der Konschtgeschicht zielen.
A+, Nico
|
|
16.07.2011 09:48 |
|
|
Miau
Mitglied
Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25
|
|
RE: Wéini ass een en gudde Fotograf? |
|
no vill, ganz vill schlecht Foto'en a no vill, ganz vill Kritiken di Du akzepteiert huest ...
|
|
17.07.2011 21:43 |
|
|
Miau
Mitglied
Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25
|
|
RE: Wéini ass een en gudde Fotograf? |
|
erfrëlech, mat 75 Joar nach ee Grünschnabel zu sin...
|
|
19.07.2011 12:04 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
|
19.07.2011 13:17 |
|
|
|