Quaffit
Jungspund
Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg
|
|
Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! |
|
Heimat as dann Photogen fir mech gestuewen, well wann ech esou idiotesch Begrënnunge kréien dass meng Foto net ugeholl gouf well ech mit angeblech net genuch Gedanke gemaat soll hun waat ech hätt kéinte besser maan, da platzt mir ganz einfach de Colis!
Wouhier wellt den bornéierten Mensch den sech déi Aussô erlabt wëssen waat a mengem Kapp virgeet wann ech eng Foto maan? Ech haat mir erlaabt zwou Fotoen anzestellen, déi ech mam iPhone an enger immens beléiwtener App gemaat hun. Déi wou interesséiert sin, können se hei kucken: http://gallery.me.com/quaffit#100299
Waat hätt ech do kéinte besser maan??? Lo so mol een mir wéi en seng DSLR an där Héicht iwert dem Buedem dann besser positionéiere kann wéi ech mäin Handy an der Hand! Schreiwe kann een mir op FaceBook oder quaffit@gmail.com well hei sin ech ab a kommen net méi erem!
Et sin iweregens déi zwou éischt Fotoen de Moment am Album, mam Titel "The Beauty of the Dandelion"...
Ech hun es einfach saat wann ech ausserdem liesen dass muench Leit aneren direkt dohinner balleren hier Foto wier onscharf obwouel se mol net richteg gekuckt haaten. Esou war et mir och gang, dofir haat ech déi Foto erem geläscht. All aneren Mensch den ech gefrot hun, soot mir sie war do scharf wou se scharf sollt sin.
Sorry, awer ech hun es genuch hei! Ech hun déck d'Gefill hei zielt een nemmen dann eppes wann een eng méigelechst deier Ausrüstung huet awer wann een eng Foto mat engem Handy mecht dann as een ennendurch. Dobäi kent et net op d'Geschier un sondern op den den domat schafft. Déi App déi ech benotzt hun - Hipstamatic - get mettlerweil och emmer méi vun professionellen Fotografen an Grafiker agesaat. Ech wetten wann ech meng Fotoen mat der DSLR gemaat hätt, wieren se ugeholl gin.
Et as schons en Aarmut wann ech Leit perséinlech kenneléieren déi hei op Photogen Fotoen agestallt hun an dann mat hierer deierer Nikon ugetrabt kommen an mir da soen wann se mäin Auto gesin, dann hätt ech jo och eppes fir unzegin, well ech jo keen esou en flappegen Fotoaparat hun.
Vive de Materialismus zu Luxusbuerg! Waat een Aarmut!
Adios Dir Materialisten!
PS: Meng Fotoen hun ech selwer geläscht. Ech bieden dorems dass och mäin Profil geläscht gëtt w.e.g. well do get et jo leider keng Option dass een den selwer läsche kann.
|
|
10.04.2011 21:19 |
|
|
WorldTraveler unregistriert
|
|
Ech wärt den Quaffit vermessen...
|
|
10.04.2011 21:57 |
|
|
|
Ray
Mitglied
Dabei seit: 18.12.2006
Beiträge: 25
|
|
Ma gei ob Fotocommunity.de do gin se ungeholl an kriss och Kommentaren dobai , + viel Forumen do
)
Ray
|
|
23.07.2011 19:51 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also déi meescht déi sech bis elo doriwwer opgereegt hunn wann se eng Foto net ugeholl kruten, déi hate Fotoen wou esou op der Limit waren wou mer sujust gesot Nee décidéiert hunn. Mee bei dësen, wann een dann nach däin Text liest ... Wat een dann do iwwerhaapt besser ka maachen ? Also ganz éierlech, do seet jiddereen deen e bëssen epeps vu Fotoen kennt dass déi näischt sinn.
Et ass en immens immens langweilegt Motiv, oninteressant an allen Hisiichten, an domat fängt et schonn emol un. Dann ass d' Perspektiv genee déi an ders de d' Motiv och erwaards, also net ongewéinlech. Eng Idee ass an der Foto och net, e Konzept oder esou. Zesummefaassung: Du hues der keng Gedanke gemaach wéi s du kanns eng flott Foto maachen, an dat fängt bei der Motiv-wahl un.
An eng DSLR brauch een net fir gutt Fotoen ze maachen, se erméiglech engem just technesch vill méi ëm ze setzen, senger Kreativitéit méi Ausdrock ze ginn. Mee e gudde Fotograf kann och mat enem iPhone eng gutt Foto maachen, awer dofir muss ee mol e gudde Fotograf als éischt ginn.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.04.2011 22:01 |
|
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Alt erëm dat leidegt Thema dat sech wéi een rouden Fuedem duerch d'Geschicht vum Site zitt zënter dass ech dobäi sinn. Et ass ëmmer erëm schued wann een aktiven (virun allem méi aktiv wéi ech) Member den Site dowéinst verléisst.
Schued... Awer, déi eenzeg Saach déi net zoutrëfft ass d'Ausso iwwert déi vermeintlecht deier Kameraen. Dat ass relativ. Haut kann een mat enger gudder Partyknips (G12, Nex-5, X11) oder Handy och ganz gutt Fotoen maachen. An, wann een vill op der Rees ass, dann mierkt een eréischt wéi nerflech et kann sinn mat sou enger Touristenknips (D300, D700, 1D, 5D, 7D, etc.) duerch d'Géigend ze lafen. All Mënsch leeft dach haut mat enger décker Nikon oder Canon duerch d'Géigend, an huet wéinstens een Objektiv drop mat dem een d'Dauwen vum Kierchtuerm kann erofschéissen. An dobäi maachen bestëmmt mol keng 10% vun deenen Leit anstänneg Fotoen domat, awer d'Haaptsaach, et huet een méi een "deckt Stéck" wéi den Noper (mein Haus, mein Auto, mein Boot). Ech denken net dass hei d'Aktivatioun vun enger Foto vun dem Apparat ofhängeg ass, wéi den Johny och schon bemierkt huet.
Ech hoffen dass den Quaffit hei um Site bleift well hien awer aktiv matgeschafft huet (net sou wéi ech). An eng deier Touristenknips brauch een dofir och net. Schwanzverglach ass do fehl op der Platz. Haaptsaach d'Foto ass gutt, egal mat wat een se gemeet huet.
|
|
10.04.2011 23:07 |
|
|
Mika
Doppel-As
Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143
|
|
Ech denken, bei der Konscht ass de Wee d'Ziel...wann de Quaffit sech daat bessen duerch de Kapp gi gelooss huet, wäert en och villäicht remkommen ;-)
|
|
11.04.2011 11:14 |
|
|
Zersch
Jungspund
Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10
|
|
Jo dat do as Schued wann een Member geet. Ech kennen ausser 2 Leit (nach) keen perseinlech hei , sin jo och nach net laang dobäi. Och ech kréien munchmol eng net ugeholl Photo mat déer Begrënnung , et hätt ee kenne besser maachen... an ech denken , Admins vum Site mussen et halt décideiren op si se wëllen oder nët et as jo och "hiren Site". Ech kann domadder liewen.
Waat mech awer och opreegt as wann ech eng Foto eroplueden déi wulegemierkt menges Erachtens gudd as , se dann refuséiert kréien , haat ech eben Pech. As voll ok esou. Duerno awer gesinn ech waat fir en , Pardon , "Schrott" ( dohingeknipst , total onschoarf , Qualitéit) munchmol acceptéiert gët eng hallef Stonn nodeems meng refuséiert gouf , dann stellt sech den User heiansdo Froen. Ech haat och schon eng refuséiert Photo 2 Deeg duerno nach emol
eropgelueden , an kuck hei , dun as se ugeholl gin. An dat Bescht , se koum och nach gudd un bei munch User. An ech perséinlech sin hei fir ze léiren waat ech kann besser maan , do kéinten en puer aaner Argumenter geschriwwen gin ewei "et hätt een sech méi Gedanken
kënnen maachen". Anerwärts wees ech och waat dat fir Arbecht as als Admin do dëst an daat ze kucken , an et kann een jo nët all User eng privat Mail maachen mat : Belichtungszäit hätt missen hei , Fokuspunkt do etc... Kann ech och verstoen. Dofir bleiwt sou munch een waat dese Sujet ugeet wuel tëschent deenen berühmten Still sëtzen. An eng Foto déi hei vun mir nët ugeholl gët kann ech jo nach emmer op meng eegen Page sëtzen. An deem Sënn : Schued awer fir all Member deen geet.
|
|
11.04.2011 11:30 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
Mengen dat kann io ab un zu mol virkommen, gud mengen mussen Leit hei och verstohen, Sait soll interessant bleiwen an Qualitativ dass dei Sait och weider bestohen werd bleiwen an Zukunft..
Bon zu dem Satz ( Déi App déi ech benotzt hun - Hipstamatic - get mettlerweil och emmer méi vun professionellen Fotografen an Grafiker agesaat. Ech wetten wann ech meng Fotoen mat der DSLR gemaat hätt, wieren se ugeholl gin.)
Do kann esh mech net uschleissen, op elo eng DSLR oder Iphone, dat ass net wiekleg roll wat hei spillt dass eng Foto akzepteiert get, mengen, Technik an Vesrtändnis zu da Photography soll passen, och mat Endproduien wei enger 1D/etc an kompanie, kann een schlecht biller man..
An op elo Professioneller dei APP do benotzen oder net, dat ass onwischteg, sin da och genuch hei dei net mam PS eenz gin, an awa stemmt de Bildopbau vlait, de sujet, oder. oder oder..
P.s. kuk mol wat en Iphone kascht an wat eng einsteiger Dslr kasscht...? muss een wessen wat en gären mescht, telefoneieren oder knipsen...dat wuert Materialisten ass hei fehl um platz, Fotografie ass en deieren Hobby an werten och emmer bleiwen, dass wei mat allem.
|
|
11.04.2011 13:06 |
|
|
Zersch
Jungspund
Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10
|
|
Jo gi87 , do schléissen ech mech dir gären un. Hues schon recht , meng perséinlech Meenung as souwisou déi hei , datt een deen e gudd Aa huet an eng Idii fir et emzesetzen , déi bescht Viraussëtzung huet fir Photoen ze maan. Material an Technik-Wëssen kënnt duerno. Gesin ech zumindest esou. An et wärt bei den Photoen esou bleiwen wei an der Musek , à chacun son propre goût. Egal wei wärt dat Thema "Deng Photo as net ugeholl gin well" éiweg bleiwen. To be continued...
|
|
11.04.2011 13:33 |
|
|
ZachOry unregistriert
|
|
Sou laaaaaaangen Text....
Well ech mech heimat:
"Ech hun es einfach saat wann ech ausserdem liesen dass muench Leit aneren direkt dohinner balleren hier Foto wier onscharf obwouel se mol net richteg gekuckt haaten. Esou war et mir och gang, dofir haat ech déi Foto erem geläscht. All aneren Mensch den ech gefrot hun, soot mir sie war do scharf wou se scharf sollt sin."
Perseinlech ugesprach fillen, lee'en ech main Pefferkär och na gären dobei.
Fakt as desen: ech kann et net hun wann ech hei lo muss liesen wats du zu denger Foto sees dis du geläscht hos (well se kritiseiert gouf?!). Ech hun dir eng negativ Kritik gin, an bis elo war ech der Meenung dat desen Forum dofier do wir fier Kritik ze kreien, am postivien wei am negativen.
Wann ech eng Foto uploaden an ech keng Comments dozou kreien sen ech bedreckt well ech eppes leieren well. Hun negativ Kritiken suguer leiwer wei di aaner dovun oofgesin.
Firwat ech dir dohen geschriwen hon: "di Foto as leider net nemmen ganz dohannen am Eck onscharf." as einfach dowinst geweest well an mengen aan ALLES op der Foto komplett onscharf war bis op deen Tippi deens de Fotografeiert hos, obwuels du kloer gefroot hos: "di onschärft vun der Lok am Hannergrond ass gewollt sou, besser alles scharf ze maachen oder net?" An sou dat NET nemmen d'Lock am Hannergrond onscharf war mee halt alles waat um Bild ze gesin war bis op deen Mann, hun ech daat geschriwen. Waat an mengen aan an deem Moment gerechtfaerdecht as. Et war io net fier dech ze "mobben", mee et war einfach eppes wat ech bessen komesch fonnt hon.
En plus well ech mech elo bessen verteidegen...
Och wann ech Ufaenger sen etc, an bestemmt net su lang dobei sen wis du an verschidden anerer, gesin ech net an firwats du schreifs: "obwuel se se mol net richteg gekukt haaten."
wann ech daat NET gemeet haett dann wiren mir di louche Effeten di enorm gesteiert hun wahrscheinlech net opgefall (op den fensteren uewen lenks, di Hand vum Fotograf asw.). Well opgefall sen di Effet'en engem definitif ereichten dann wann een sech Zeit geholl hot fier d'Foto ze kucken.
Ausserdem fannen ech et z.b. net gud dats du daat direkt mat Qualiteitsverloscht winst dem konverteieren rechtfaerdegen wells. Ech war io net deen eenzegen deem et opgefall as an och net den eenzegen deen seet dat daat absolut neist/net vill mat dem konverteieren ze dun hot.
Et war eng konstruktiv Kritik, oder nenn et weis de wells. Mee dats du dann "oofblocks", bzw aner User dohenner stells wi wann se Männecher gingen gesin as net ok... Wei gesoot, et war just eng Kritik, deis de an mengen Aan einfach haes kennen agesin. Ech mengen een deen d'Foto genau gekukt hot as di Saach mat den Effet'en di duerch eng schlecht nobearbeschten Foto komm sen secher opgefall!
Ech hun mech lo NET amuseiert fier elo ze kuken wats du bis elo alles zu Photogen beigedro hos, an wei fern dats du well mi oft "negativ" Kritiken kriit hos an op dei reageiert hos, well et ma un sech egal as. Ech bezeien mech NEMMEN op deen Fall wou ech mech selwer ugesprach fillen, also di Saach mat daer gelöschter Foto. An daat fannen ech zimlech null eierlech gesoot. Ech verstin Leit net di hier Fotoen loeschen gin well een seet si wir neist, oder wann se einfach eng Kritik kreien di hinnen net passt.
An zur Saach mam Materialismus: Ech hun na keng Foto refuseiert kritt bis ewel, an ech hun keng deier Apparater!! (och wann ech di eischt geupload Fotoen mettlerweil selwer fuerchbar schlecht fannen^^). Hun ma di bellegst Canon kaaf di ze kreien war an bessen eppes daagt, Stativ kruut ech geschenckt (as och keen deiert). An bis ech ma daat naechst Objetktiv kann nokaafen dauert nach eiweg!
Daat alles as bestemmt net beis gemengt, et hot een aner Saachen ze dun wi aner Leit wellen an engem Forum "ze mobben". Mee trotzdem wollt ech daat kloer stellen an mech selwer do bessen raus zeien aus där Saach do.
An zur Saach mat den Fotoen vun dir di net ugeholl gin well se einfach "net gudd" sen: do haalen ech mech eraus well et net deng/meng Seit as. Wann en Admin et décideiert hot en sein Grond firwat en se net wollt op senger Seit hon.
LG
|
|
11.04.2011 16:31 |
|
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
...hmmm... ech war grad d'Fotoen mol kucken an ech mengen et ass gutt dass ech net muss decidéieren wat ugeholl gëtt an wat refuséiert gëtt. Well bei mir wieren vun der ganzer Galerie just d'Fotoen 18,19,20,21 an 22 ugeholl ginn. Sorry Quaffit
, awer déi zwou éischten Fotoen hätt ech och net aktivéiert... Ech hat nach keng Zäit kritt d'Gallerie ze kucken awer ech wollt dat zur Verdeedegung vun eisen "Aktivatoren" nach bäifügen...
|
|
11.04.2011 19:09 |
|
|
| |
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Menger Meenung no kommen vill Problemer an den Qualitéitsverloscht an der läscht doduerch dat nei Fotografen sech ze fréi umellen, Fotoen rop lueden, an oft nach erwaarden dat een se gutt fënnt.
Ech war lo grad eng Kéier kucken, an als éischten Saz wann een sech umellen well steet nach ëmmer:
''Fier Fotoen hei eropzelueden sollt een schonn en bessen Ahnung hun vun der Fotografie, respektiv bessen wëssen waat esou wichteg ass fier eng Foto propper kënnen ze realiséieren.''
Wéi ech vir d'éischt op Photogen gestouss sinn (éischter gestouss gi sinn), hunn ech net direkt drop lass ropgelueden, obwuel ech ech dunn no iwwert engem Joer wäerden endlech meng éischt DSLR hat, mee ech hunn mol nach en Joer Fotoen gemaach, mat Koleegen driwwer geschwat, an gekuckt vir mol d'Basis ze verstoen an mam Material (och Ps) eenz ze ginn.
An menger ganzer Zäit op Photogen hunn ech dann och nëmmen eng eenzeg Foto refuséiert kritt, an dat war eng wou ech aus Jux rop lueden wollt well ech se witzeg fonnt hunn, och wann se technesch zwar net gutt, awer an der Rei war. Ech sinn sécher dat se no heitegen Kriterien acceptéiert ginn wier.
Bon well lo net soen dat jiddereen muss sou 'fäerten' vir Fotoen rop ze lueden, mee et wier awer net schlecht wann een virdrun kuckt sou vill ze kennen dat een d'Kritiken versteet an och deelweis ëmsetzen kann. Wann een als éischt mol selwer kuckt ze léieren, kritt een awer virun allem en kriteschen Bléck vir seng Aarbecht, d'léisst een sech net alles vun den aneren User vir knaen, an 't luet een net all Schäiss rop wou een, 10s nodeems een en fabrizéiert huet, nach gutt fënnt!
En bëssen Selbstzensur vun jidderengem géif dem Site och am groussen ganzen gutt doen, d'allgemeng Qualitéit géif rop goen, d'Kritiken géifen sech net méi zu 95% op basistechnech Saachen beschränken, mee géifen och mol méi oft iwwer méi komplizéiert Aspekter dréinen. Et brauch een keen vir gesot ze kréien dat eng Foto onschäerf ass, mee vir Detailer ze korrigéieren.
Sou géif et dann och nees Spaass maachen ze Kommentéieren an ze Diskutéieren, well 't ass net wierklech interessant 20x den Dag ze schreiwen 'D'Foto ass net schäerf', 'Keng Kompositioun',...
Virun nach net all ze laanger Zäit ass nach vill méi Diskutéiert ginn hei, dat leit sécher och drun, dat et manner Leit waren, déi sech méi kannt hunn, mee awer och vill dat d'Qualitéit vill méi héich war an een net d'Gefill hat virun enger Sisiphos-Aarbecht ze stoen, all Kéier wann een sech frësch aloggt.
Dat hei huet zwar lo net 100% eppes mat dem Thread ze dinn, mee wollt ech awer mol endlech eng Kéier lass ginn. Och well ech der Meenung sinn, dat vill aner Leit ähnlech denken, wann déi 50st 08/15-Foto vir deen Dag rop gelueden gëtt, net well se gutt ass, mee einfach well se gemaach gouf.
Vergiesst net dat et eigentlech drëms geet iwwer Konscht ze diskutéieren, an net eng Biller-Datenbank ze bedreiwen, an och net engem ze soen dat en eng Kéier virum knipsen den Ausléiser soll lues un tippen, dat seng Kamera och mol schäerf stellt.
Ich habe fertig...
(P.S: Sinn mol gespaant, wéi vill Leit dat hei iwwerhaapt liesen, et wimmelt jo schon un laangen Äntwerten bei 'Ech sinn en aarmen geschloenen Fotograf'-Treads)
__________________ Anti-Signature
|
|
12.04.2011 00:07 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech zitéieren "ouni des App wier se total langweilig gin an wierklech net publizérenswert gewiescht" - voilà : hei hu mer den übleche Problem:
Foto maachen -> schlecht Resultat. Dann verschaffen oder verschaffe loosse vun engem Programm -> Gutt Resultat.
Dat ass genee déi FALSCH Denkweis déi muencher hunn. Wann een net direkt eng schonn flott Foto huet, huet et och kee Wärt se ze verschaffen. am Fall wou een och nach e Programm déi ganz Aarbecht fir ee maache léisst ass et jo nach méi schlëmm well dann huet ee selwer 0 Kreativitéit dra gestach.
__________________ 404 - Not found
|
|
12.04.2011 00:20 |
|
|
|
ZachOry unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Ech zitéieren "ouni des App wier se total langweilig gin an wierklech net publizérenswert gewiescht" - voilà : hei hu mer den übleche Problem:
Foto maachen -> schlecht Resultat. Dann verschaffen oder verschaffe loosse vun engem Programm -> Gutt Resultat.
Dat ass genee déi FALSCH Denkweis déi muencher hunn. Wann een net direkt eng schonn flott Foto huet, huet et och kee Wärt se ze verschaffen. am Fall wou een och nach e Programm déi ganz Aarbecht fir ee maache léisst ass et jo nach méi schlëmm well dann huet ee selwer 0 Kreativitéit dra gestach. |
Gene daat a den problem... ! An den witz dobei as dat et o genau dei leit sen di sech direkt gemobbt, onfair behandelt, perseinlech ugegraff an sech zu deifst verletzt fillen wann den X dann einfach d'Ee'er hut fier als eischt ze soen dat d'Foto net esou daat as, fir waat den foograf se hällt.
Di diskussioun hei fannen ech u sech interessant, mee u sech och därmossen schued, well u sech alles op da hand leit, an dat alles wat elo diskuteiert gouf u sech jidderengem misst kloer sen ouni dat eng stonn lang muss diskuteiert gin. Et as schon kloer dat iwer den goux ze streiden as. Mee di elementar saachen dei zu enger "gudder" foto geheieren hot an mengen aan neist mi mat goux ze dun, mee einfach zu technik vum fotografeieren...
Et as bei mir zb ganz oft, bzw meeschtens wann net suguer quasi emmer esou, dat di foto di ech perseinlech meeeeega fannen, bei den aneren leit oft guer net ukennt, als ze "normal" empfond get oder oder oder. Eng foto di ech dann selwer als "normal" empfannen get vun den leit dann oft heich gelueft, waat ech selwer meeschtens net verstin. An genau aus deem grond erwaarden ech mir kritiken wann ech eng foto erop gelueden hun, fier mech einfach eppes besseren beleieren ze loosen wat reng dqualiteit vun der foto ubelaangt, zb motiv, bildopbbau, as se interessant oder net asw.
An duerch dat bessen erfahrung di ech bis ewel gesammelt hon durch di circa 4000fotoen di ech bis elo gemeet hon, an duerch fillt liesen iwer fotografie, fotoen vun aneren kuken asw wollt ech meng eischt fotoen bei photogen all loescen well ech se einfach nemmen nach grotten schlecht fannen^^ mee hun se geloos fir dat di aner vleit den progres gesin falls et se interesseiert
|
|
12.04.2011 07:37 |
|
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Ech zitéieren "ouni des App wier se total langweilig gin an wierklech net publizérenswert gewiescht" - voilà : hei hu mer den übleche Problem:
Foto maachen -> schlecht Resultat. Dann verschaffen oder verschaffe loosse vun engem Programm -> Gutt Resultat.
Dat ass genee déi FALSCH Denkweis déi muencher hunn. Wann een net direkt eng schonn flott Foto huet, huet et och kee Wärt se ze verschaffen. am Fall wou een och nach e Programm déi ganz Aarbecht fir ee maache léisst ass et jo nach méi schlëmm well dann huet ee selwer 0 Kreativitéit dra gestach. |
Jo kloer du hues net Onrecht.
Daat alleng do ass mir awer als pauschal Aussoe ze einfach. Ok, een grottenschlecht Motiv get och mat Veraerbechting keen Meeschterwierk méi. Mee Biller déi out of the box opp den eischten Bleck langweilig sin, kenn duerch Bea hiert Potentiel entfalten. Alleng schon duerch cadréiren, SW, Kontraster an aner einfach modifen kann en draus eng interessant Bild maachen. Sidd mol éiherlech mat iech selwer wéivill out of the box Biller huet dier selwer schon direkt opp photogen publizéiert? Wéivill Biller sin duerch aer Bea iwerhaapt interessant gin?
Vill probéieren sech hei als Gralshüter vun der "gudder" Photograhie hinzestellen. Mee ass PS gekniwels net och schon eng Zort Dopping an teschnicht Wettrüsten? Een gudden Apple/PC mat orignal PS Software ass och net graad geschenkt.
|
|
12.04.2011 18:36 |
|
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
dat contestéiert jo keen, ech hun en sonden eng foto gemeet déi fad an den kontraster ass, et war nët méi do. me d'kompo ass ok, an och soss ass d'qualitéit gudd. ech hat e plang an wosst schons wat ech géif am ps maan.
wanns de lo déi 2 biller nierft eneen lees, sees de "et ass nët wouer"
me dat ass méi wéi legitim ;-)
ech sin bestëmmt villes me keen digital-hasser an ech denken vill vun denen aaneren och nët. do muss een just wëssen den ënnerscheed ze maan matt wéi engem ausgangsmaterial geschafft gët...
|
|
12.04.2011 18:41 |
|
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Goufen dann firun 20-30 Joer ouni PS schlechter Fotoen gemaach?
|
|
12.04.2011 18:50 |
|
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
du giffs laachen wat fréier d'jongen alles an der dunkelkammer gemeet hun, sin grad am gaangen déi welt ze entdecken, do bleift der den verstand stoen
seriös geschwat sin déi saachen déi's de am ps hues baséiert op processer déi aus der dunkelkammer kommen, quit dass et do wierklëch dann ënnerscheeder an der méiglechkeet gët
an neen, op kee fall woren déi saachen schlecht, ech sin e groussen bewonnerer vun den alen meeschter, do kann een nëmmen léiren an genéissen ;-)
me et wier awer och nët schlau déi nei digital techniken ze refuséiren an sech géint den fortschrëtt ze stellen oder?
|
|
12.04.2011 18:55 |
|
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
|
12.04.2011 19:02 |
|
|
|
|
|