Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (5): « vorherige 1 [2] 3 4 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
MB-Photos
Jungspund


Dabei seit: 12.04.2008
Beiträge: 11

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Quaffit dat huet neicht mat Ausrüstung ze din oder sos eppes deng Foto as verweigert gin, genee zu denen Grenn dei den Johny der geschriwen huet an wanns de dat net wells angesin dann muss ech leider dozou soen das de vun der Fotographie nach lang neicht verstannen hues!
12.04.2011 18:10 MB-Photos ist offline E-Mail an MB-Photos senden Beiträge von MB-Photos suchen Nehmen Sie MB-Photos in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Ech zitéieren "ouni des App wier se total langweilig gin an wierklech net publizérenswert gewiescht" - voilà: hei hu mer den übleche Problem:
Foto maachen -> schlecht Resultat. Dann verschaffen oder verschaffe loosse vun engem Programm -> Gutt Resultat.

Dat ass genee déi FALSCH Denkweis déi muencher hunn. Wann een net direkt eng schonn flott Foto huet, huet et och kee Wärt se ze verschaffen. am Fall wou een och nach e Programm déi ganz Aarbecht fir ee maache léisst ass et jo nach méi schlëmm well dann huet ee selwer 0 Kreativitéit dra gestach.


Jo kloer du hues net Onrecht.

Daat alleng do ass mir awer als pauschal Aussoe ze einfach. Ok, een grottenschlecht Motiv get och mat Veraerbechting keen Meeschterwierk méi. Mee Biller déi out of the box opp den eischten Bleck langweilig sin, kenn duerch Bea hiert Potentiel entfalten. Alleng schon duerch cadréiren, SW, Kontraster an aner einfach modifen kann en draus eng interessant Bild maachen. Sidd mol éiherlech mat iech selwer wéivill out of the box Biller huet dier selwer schon direkt opp photogen publizéiert? Wéivill Biller sin duerch aer Bea iwerhaapt interessant gin?

Vill probéieren sech hei als Gralshüter vun der "gudder" Photograhie hinzestellen. Mee ass PS gekniwels net och schon eng Zort Dopping an teschnicht Wettrüsten? Een gudden Apple/PC mat orignal PS Software ass och net graad geschenkt.
12.04.2011 18:36 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

dat contestéiert jo keen, ech hun en sonden eng foto gemeet déi fad an den kontraster ass, et war nët méi do. me d'kompo ass ok, an och soss ass d'qualitéit gudd. ech hat e plang an wosst schons wat ech géif am ps maan.

wanns de lo déi 2 biller nierft eneen lees, sees de "et ass nët wouer"
me dat ass méi wéi legitim ;-)

ech sin bestëmmt villes me keen digital-hasser an ech denken vill vun denen aaneren och nët. do muss een just wëssen den ënnerscheed ze maan matt wéi engem ausgangsmaterial geschafft gët...
12.04.2011 18:41
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Goufen dann firun 20-30 Joer ouni PS schlechter Fotoen gemaach?
12.04.2011 18:50 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

du giffs laachen wat fréier d'jongen alles an der dunkelkammer gemeet hun, sin grad am gaangen déi welt ze entdecken, do bleift der den verstand stoen

seriös geschwat sin déi saachen déi's de am ps hues baséiert op processer déi aus der dunkelkammer kommen, quit dass et do wierklëch dann ënnerscheeder an der méiglechkeet gët

an neen, op kee fall woren déi saachen schlecht, ech sin e groussen bewonnerer vun den alen meeschter, do kann een nëmmen léiren an genéissen ;-)

me et wier awer och nët schlau déi nei digital techniken ze refuséiren an sech géint den fortschrëtt ze stellen oder?
12.04.2011 18:55
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

cqfd
12.04.2011 19:02 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Eng Foto déi een am RAW mécht out of the box erop ze lueden ass Quatsch well eng RAW Foto muss quasi verschafft ginn, mee dat ass en anert thema. Dat ännert naischt um Fakt dass een net kann aus enger doutlangweileger Foto eng mega interessant Foto maachen mat normaler Veraarbechtung. Du kanns Faarwen dra klaaken an Grafiken an wat weess ech, mee dann ass et herno keng wierklech Foto méi smile

Wisou ass et dopen wann et en Tool ass wat der erméiglech deng kreativ Idéeën méi genee esou duerzestellen wéi s du et wolls? Mee dofir muss en Urspungsgedanken do sinn deen bëssen weiderentwéckelt gouf, wat awer bei villen, wéi mir se nennen "geknipstene Fotoen", einfach just feelt.

__________________
404 - Not found
12.04.2011 20:19 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ok een komplett ratéiert Motiv kann een net méi retten. Do sin mer eis eens.

Mee eng Photo déi awer elo un der limite fier kënnen akzeptéiert ze gin kann een alleng duerch een méi interessanten cadrage retten.

Mat "technischem dopen" mengen ech den Thema vum "deirer Profi DSLR" vs rapport zu der einfacher Digicam/Iphone/ 1,99 Hispamatic App.

Och bei der Beaerbechtung get et "Vorsprung durch Technik". Deen awer och deier bezuehlt ass: Net jidfereen kann mol einfach 900 EUR opp den Dësch léen fier eng original PS CS4 Vollversioun.
12.04.2011 20:33 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an der leschter ausgab vun fine art printer wor e profi den matt Hispamatic App genial saachen gemeet huet, me et war eben gewusst wie, et geet me drop lassballeren funktionéiert eben nët
12.04.2011 20:45
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat Argument mat der Technik ass vir mech irrelevant, souguer komplett falsch. Wanns de engem End Nikon D3 an de Grap gëss, deen nach nie mat eppes anescht wéi Point&Shoot geschafft huet, ginn deem seng Biller sécher net besser. Sou Apparater sinn Handwierksgeschir, se erméiglechen engem dat ze maachen wat een well, mee dofir muss een awer vir d'éischt mol wëssen wéi een dat dann och kann maachen. An engem Autosgarage hunn se och bessert Geschir wéi den Pitti doheem, d'Wahrscheinlechkeet dat den Pitti awer am Garage säin Auto selwer kann flécken wann eppes richteg vreckt ass tendéiert awer géint Null, wann en virdrun nach ni ënnert den Capot vun engem Auto gekuckt huet.

__________________
Anti-Signature
12.04.2011 21:12 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
Miisamm
Mitglied


Dabei seit: 22.02.2010
Beiträge: 40

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Woah wat e blah! Wann ee keng suen huet, Ebay 2-50€, e Film5€, 36 mol drecken entweckelen (loosen)10-30€ kucken, Freen. Eng Cd dobäifroen, an dann huet ee suguer Digital Fotoen :-).

Wann een dann och nach eppes deck aales kaaf huet, wei di Voigtländer VitoCL (20€) dei ech erwescht hun, dann huet eenjust e Beliichtungsmiesser, an de rescht ass Zäit + Blend, an nix 4000/1s oder sou. Da leiert een an engems wei daat funktionneiert, an et huet ee mol keng Fokushellef mee just eng skala mat distanzen drop stoen.

Mat esou saachen hun se an der Zäit , an elo och konscht gemeet, fir Hipstamatic Style, einfach en film draklaaken, deen an den '90 ofgelaaf ass ;-).

An och wann een dei Pissblumm domadder geknippst hätt, keint ee soen "Respekt", mee bon, et wier aawer emmer "nemmen" eng Pissblumm mat engem Luschen Effekt.

Ech hun och puer Fotoen Refuseiert krut, begrennung hun ech awer meeschtens einfach zu Härtz geholl, an (meeschtens) no puer stonnen/deeg verstaanen, an accordeiert.

Fannen hei op Photogen leiert een u sech masseg bäi, wann ee bedenkt, dass ech lo reicht knapp annerhalleft Joer mei "seriö" Fotoen maachen.
12.04.2011 21:13 Miisamm ist offline E-Mail an Miisamm senden Beiträge von Miisamm suchen Nehmen Sie Miisamm in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Eben daat Technik Argument duerf net ziellen.

Dofier soll och keen offstempelt gin deen elo awer mat Iphone an enger 0,99 EUR App seng Biller mescht.

Dann soll och keen iwert deen meckeren deem seng Biller net mat PS verschafft goufen an se einfach out-of-the-box eranstellt oder scannt.

Mat dem Motiv ass jo nach enger aner Geschicht an effektif haett ech am Quaffit senger Plaatz och een anert Motiv drangesaat wéi déi eng "Pissblumme". Et gin dausenden méi dankbar Motiver fier déi App.

Fakt ass awer och: et gin hei um site einfach verschidden langweilig, extrem kromm an onscharf Motiver déi sech um selwechten resp. schlechteren Niveau befannen wéi déi faméis "Pissblummen".
Déi Photoen sin scheinbar duerch all Kontrollinstanzen duerchegrutscht an sin awer proper akzeptéiert gin. Vun Objektivitéit kann een do net schwetzen. Beispieler vun denen Biller gin et esouguer haut opp desem Daach e puer. Ech well keen mam Numm nennen, mee ween bessi haut an der Lêscht wullt wees waat fier Biller gemengt sin.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von VeloBen am 12.04.2011 22:07.

12.04.2011 22:04 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

kann ma virstellen wei eng dasste mengs!!
12.04.2011 22:20 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daat stemmt ! Menger Meennung no ginn an der leschter Zeit zevill Photoen hei ugeoll déi an mengen Aen d'Critèren net erfellen, d.h. weder vum techneschen, artisteschen oder aktuellen point de vue eppes Besonnesches sin.

Wann een dann esou eng Photo wierklech kritiséiert, dann leeft een Gefor, dass dem Auteur seng "Kollegen" oder "Kolleginnen" direkt zu Hellef kommen, an nemmen well se den Auteur kennen, Lorbeeren ausdeelen.
Meng Meenung.
16.04.2011 21:00 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hun virun puer deeg och eng Foto refüseiert kruut, bon mengen meng zweet oder drett.... Eigentlech wollt ech neischt desgleichen hei schreiwen oder sou, wollt am Fong neischt drop gin, mee dann awa och elo mei Pefferkär hei bei droen.

Dei foto wou ech refüseiert kruut war eng vun engem ganz klengen ferngesteierten Helikopter, während dem fleihen geknipst, den Heli selwer war schein scharf an den Hannergrond eben schein onscharf, et huet een Probelleren schein an da rotoatioun gesin etc, bon eben vleit lo neisccht spektakuläres, mee schein ze kucken....

Kriss dann deen Standart Satz dohinner gesaat, wei "ech sollt ma mei Gedanken nexten Keier maan... Hun et mat engem schmunzeln ugeholl.

Mee wann ech dann awa gesin, waat vir eng Fotoen erem akzepteiert gin, wei zB "deen gielen Kraan"- "TEREX @ Work", höööm dann stellen ech ma zwar erem Froen !?

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von _MiAmI_ am 29.04.2011 22:09.

29.04.2011 22:04 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

D' Fotoen vun dem Kran den s de uschwätz sinn an der Kategorie "Allgemeng »» Doku an Reportage", dat ass eng speziell Kategorie fir sech wou den Haaptptunkt eben drop läit dass d' Foto e bëssen eppes dokumentéiert.

Iwwert deng léisst sech awer effektiv streiden.

__________________
404 - Not found
29.04.2011 22:21 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
BerBe BerBe ist männlich
Eroberer


Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wei den Johny et gesot hud sinn meng zwou Sérien als Doku geduet, also als Série dei en Ereigniss dokumentiert dat do Fotoen net onbedingt jidereen interessieren ass nun mol leider esou( och wann een net all Daag een 500Tonnen-Kran beim Spidol geseit). Dat änert awer neischt drun dass bei deenen Fotoen eng gewess Arbescht hannendrun ass, well ech hun dei läscht zwee Deeg 4 Stonnen do verbrucht fir dat ganzt ze dokumentieren.

An dass de (_MiAmI_ ) dann sos neischt ze dinn hues wann deng eegen Foto net ugeholl get wei aner Leit schlecht ze machen fannen ech einfach nemmen aarmséileg, well et ginn nunmol Leit dei sech fir Spotten an dokumentieren interressieren, an wanns do eben anerer Meenung bass, dann verstinn ech dat och, mee et ass awer dann keen Grond fir esou een Blödsinn ze schreiwen.
Well ech hun och schon aner Fotoen refusiert kritt, wou ech et net verstanen hunn(an dat waren weder Dok nach Spotting Fotoen!), dofir hunn ech awer dann keen ugegraff deen esou Fotoen akzeptiert kritt hud.
30.04.2011 10:48 BerBe ist offline E-Mail an BerBe senden Homepage von BerBe Beiträge von BerBe suchen Nehmen Sie BerBe in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

De Problem ass dass de _Miami_ just d' Foto gekuckt huet an net d' Kategorie, dann hätt en et jo vläicht och gesinn a verstan. Kee Grond direkt sech op ze friessen Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
30.04.2011 11:30 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
BerBe BerBe ist männlich
Eroberer


Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

IO keng Angst, ech hun mech schon erem beruhegt Zunge raus
30.04.2011 11:46 BerBe ist offline E-Mail an BerBe senden Homepage von BerBe Beiträge von BerBe suchen Nehmen Sie BerBe in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

...passt alles gud an den aktuellen concours "alles warm Loft".
30.04.2011 12:06 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Seiten (5): « vorherige 1 [2] 3 4 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH