Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » "Deng Foto as net ugehol gin" » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (5): « vorherige 1 [2] 3 4 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen "Deng Foto as net ugehol gin"  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dito!
27.12.2010 14:19 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
TomEwert
Doppel-As


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107

mein klengen pefferkaer Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech giff mech dann och gaeren zu deser debatte äusseren, wann och nemmen ganz kuerz.

d'fro vum aktivéiren oder net ass secherlech keng nei an waert och an zukunft emmer erem opkommen. an menger meenung no och zu recht. muss een den problem awer emmer vun beiden saiten kucken.

ech sin elo seit enger jett joeren och schons bei pg dobai, an kruet demols am ufank vun menger aktivitéit hei och déi eng oder aaner photos refuséirt. ech hun do natiirlech och deelweis nogehakt an kruet eben méng aentwert, dass z.b. beliichtung oder faarwen oder einfach nemmen d'schaerft net gestemmt hun.

wann eng foto einfach qualitativ nennen mir et schlecht ass, also schons vun der prise vum cliché aus fort, ass et effektiv fraglich op déi foto dann soll um site sin.

op der aanerer seit muss een awer effektiv den geleefegen system vielleicht net kritiséiren mais awer och kennen an fro stellen. ech mengen och dass et deelweis net emmer gerechtfertegt riwerkennt dass eng réih vun persounen (ech sierf hei gesot ech kennen an schaetzen dei leit ganz besonneg) iwert d'publicatioun oder net d'publicatioun vun enger foto entscheeden. daat kéint een als form vun zensur erkennen oder verstoen. op der aanerer seit mengen ech muss een déi entscheedung wéi se momentan besteet grondsaetzlech net als optimal léisung mais als kompromess gellen sollt. ech mengen heivunner sin sech d'leit vun pg och duerchaus bewosst an wann een hei sollt wierklech eng méi effizient idée sollt hun wéi een den system kéint verbesseren huelen déi leit och secherlech all gudden rotschlag vun haerzen un, an wann et nemmen ass fir esou diskussiounen aus dem wee ze gin smile op der aanere seit muss een awer och umierken dass et am zeitungswiesen (ech wees net op een daat kann 1 zu 1 iwerdroen op der internetsecteur) esou ass, dass den redacteur en chef schlussendlich och d'wiel huet en artikel ze publizéiren oder net. op daat elo an engem forum-sënn basisdemokratesch à 100 pour cent ass oder net, doriwer léisst sech effektiv streiden.

an dem senn giff ech et gudd fannen wann d'leit vielleicht giffen alternativen bidden, an zwar alternativen déi och emsetzbar sin. un desem punkt nach engkéier merci un déi leit déi sech hei aktiv asetzen fir photos ze aktivéiren oder net, kann mer virstellen dass daat en jett sin an dass do vill FREIZEIT drop geet.

// EDIT

ma dann hei och mol direkt eng méiglechkeet z.b. fir déi leit wou d'photos refuséirt gin sin, an déi trotzdem en feedback wellen kréien.

d'foto op engem vun villen gratis server roplueden : bsp. tinypic.com
an dann herno am forum den link zu deser photo posten. dei leit dei dann giffen ennert emstaenn eppes dobai schreiwen wann photo aktiveirt gin waer, huelen sech dann och secher zeit d'foto direkt am forum zu kommentéiren an eventuell verbesserungsvirschléi dobaischreiwen. duerch des methode get d'iwersichtlechkeet vun pg beigehaalen an keen weider webspace um pg server benotzt.

__________________
Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von TomEwert am 27.12.2010 23:41.

27.12.2010 23:24 TomEwert ist offline E-Mail an TomEwert senden Beiträge von TomEwert suchen Nehmen Sie TomEwert in Ihre Freundesliste auf
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hei kann ee noliesen

http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=775

a gesin dass sech zu dësem Thema an 2,5 Joer nët vill verännert huet.
28.12.2010 07:31
ludiol
Foren As


Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech fannen d'Zensur am Fong gudd, well ech selwer keng Zäit hun op flickr oder fotocommunity (obwuel ech do Member sin) tonnen Schrott ze kucken. Ech fannen d'Administrateuren sin heiernsdo nach ze fäin, well et get nach vill duerch gelooss, waat een am beschten Fall als Schnappschoss bezeechnen kann, fir fein ze bleiwen.
29.12.2010 15:32 ludiol ist offline E-Mail an ludiol senden Beiträge von ludiol suchen Nehmen Sie ludiol in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech hun just eng kleng remarque ze machen :
dei "zensur" "kontrol" oder wei een et och emmer well nennen, as wuel net schlecht gemenkt an berechtegt ... ech muss soen, zenter der läschten diskusioun hun ech selwer och e bessen en aaneren point de vue dorobber ... (niveau qualiteit)
ech kann daat awer nemmen novollzeien, fier "nei" user, dei wierklech nach an den Kannerschong sin ...
wann ech awer gesin, dat een "admin" vun (reng fiktiv) 25 Joer, engem "user" vun 50 Joer deen seit mei wei 25 Joer fotoen mecht, well erklären waat en anescht soll machen ... dann as daat net mei vertriedbar...et as ee Witz! an daat wor och den ausleiser fier dei läscht hefteg diskusioun hei ... wou ech jo och bedeelegt wor ... soit, ech hun emmer gesoot dat gewessen sachen sollen gefiltert gin, schon aleng aus gesetzlechen grenn ... mais et gin och grenzen ... an een "aalen Hues" wert och secher selwer agesin wann en mol geiff epes "mannerwerteges" eroplueden, dat et no e puer gudd geschriwenen kritiken , enenrt sengem niveau as, an se erem läschen, schon aleng fier seng galerie "um niveau" ze haalen !
dofier geiff ech perseinlech mengen, dat am fong t'leisung schon existeiert, et kann een jo "freigeschalt" gin.
ech mengen gewessen leit hei um site hun et wierklech net mei neideg "iwerwacht" ze gin, just froen ech mech, fierwaat der sou weineg dei "exclusiviteit" hun ?
ausserdem geiff et den administratoren vill arbescht erspueren !
29.12.2010 21:01
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Gaga
an een "aalen Hues" wert och secher selwer agesin wann en mol geiff epes "mannerwerteges" eroplueden, dat et no e puer gudd geschriwenen kritiken , enenrt sengem niveau as, an se erem läschen, schon aleng fier seng galerie "um niveau" ze haalen !

Et mengt een dat misst de Fall sinn an ech géif mer wënschen dass de och Recht häss domat. Leider ass dat awer net de Fall.

Et sinn der genuch fräigeschalt. Wann eis een opfällt deen héich qualitativ Fotoen erop lued an dee mir aschätzen als een deen och d' Regelen respektéiert (muss jo och absolut sinn!), dann schalte mer de jeeneche fräi.

__________________
404 - Not found
30.12.2010 00:01 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

natierlech Johny,
gin der 100% recht, mais wou dei gellen Linn leit ab weini daat de fall as, resp. weini den "risiko" calculeierbar as engem daat Recht ze gin, daat as natierlech ganz schweier ze defineieren an jidereen wert do seng eegen usicht hun.

ech hun och guer keen problem dermat et net ze hun, bis elo haat ech jo och nach keen problem domader. an eierlech gesoot, hoffen ech och net eng keier sou dernierft ze leien, dat ech een kricht, et brauch een sech jo un net vill ze haalen.

Ech geiff gären wessen weivill vun den refuen mol beim "photograph sein kommentar" naischt stoen haaten? wann ech mer net secher sin, erklàren ech schon meng grenn fierwaat ech et awer well weisen do, an ech denken (hoffen) dat t'leit dei freischalten, sech den kommentar och ukucken iert se jugeieren ob se erop kennt oder net, oder?

ausserdem gin et jo och nach aaner grenn wei spamboten oder esou dei duerch eng menschlech iwerwachung keng chance hun.
30.12.2010 02:07
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ "Et sinn der genuch fräigeschalt" . Wann eis een opfällt deen héich qualitativ Fotoen erop @lued an dee mir aschätzen als een deen och d' Regelen respektéiert (muss jo och absolut @sinn!), dann schalte mer de jeeneche fräi.

Ech schaffe nach ëmmer dorunner, .... wann der awer scho genuch do sinn ?
motiwéiert dat awer elo net, esou immens smile

Léit déi en A, E oder M FIAP hun, déer gin et hei jo um Site, zb MFIAP'en gin et ech mengen Weltwäit nëmmen 300 ? an et kann jiddereen selwer nokucken wat déi Léit hu misse bréngen. ... muss do gekuckt ginn op hir Biller gutt genuch sinn ?

Ech wollt elo net stëppelen awer et kéint een mol driwwer nodenken Augenzwinkern
02.01.2011 11:09 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ Suraki. Wann een kukt waat heinsdo ob nationalen Concouren weit fier derbei as, jo souguer Medailen kritt, dann kann een sech awer och heinsdo wonneren... Do get och zevill "ugeholl" an wärt an mengen aan all dei offiziell titelen oof. Mech reitzt et doweinst zum Beispill net mei bei nationalen oder internationalen Fotoconcouren vun Fotoclib matzemaachen och wann ech dann an 40 Joer engkeier iegenteen MFIAP kreien keint...mee ganz eierlech, waat hun ech dovun?

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
02.01.2011 11:39 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wann's de international Gold, Sëlwer, Bronze oder nëmmen eng Mentioun bei nëmmen engem vun deenen verlangtenen Konkurre krut hues, ass dat Bild wat do um Dëch léit, topp Augenzwinkern
Do loossen sech acht Jurroren aus verschiddenen Länner net huelen.

Wats de dervunner hues, ënnert den top 300 vun Weltwäit Dausenden vun Ufroen, ze sinn .... kann ech fir dech net beuerteelen. Ech bezweiwelen awer ob et der ( an och natierlech mer selwer !! ) iwwerhaapt méiglech wär, en M ze kréien, ... dann ass et einfacht ze soen, wat hun ech dervunner Augenzwinkern

Du kanns als Equipe Fussball spillen ouni federéiert ze sinn, an einfach Spass um Spillen hun,
(esou wéi ech dat selwer, net méi an engem Club, mat menge Fotoen maachen ) an dech och net u Mätscher bedeelegen. Déi Gross, déi et awer maachen, hunn ganz bestëmmt eppes dervunner, a kennen och bei den Fräizäitspiller matspillen .... oder ? smile )

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 02.01.2011 12:19.

02.01.2011 12:18 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dei Foto dei eng Medaille kritt as fleit Teschnesch gudd, oft as se awer vun der Idee hier langweileg. Dei Medaillen dei ech bis lo, national krut waren emmer dei langweileg Saachen dei ech unsech matgin hun fier obzefellen, dei richteg flott Fotoen, dei gin nie accepteiert...

Fier den recht gin ech der komplett recht

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
02.01.2011 12:27 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech riskéieren zwar elo mat dësem Kommentar eng rieseg Diskussioun aus ze léisen, mee ech hun d'Gefill wéiwann et misst sinn: Mir wëssen alleguer dass iwwerall an Federatiounen etc déi meescht pensionnéiert Leit sinn. Och déi sichen Fotoen eraus déi herno en Titel kréien. An et ass einfach net drann, dass al Leit déi selwecht Fotoen gutt fannen wéi jonker déi gäeren experimentéieren a ganz spezielles maachen. An ech wëll, fir ganz éierlech ze sinn, op der Schinn bleiwen vum experimentéieren hei. Mir wëlle mat der Zäit goen, net stoen bleiwen.

__________________
404 - Not found
02.01.2011 13:18 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Johny: My words, ech wollt et just net soen!

Ech wollt och schon probeieren do eppes ze änneren an haat mech als Jure gemellt, leider klappt daat mat der Zeit net sou.

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von mmphotos am 02.01.2011 13:39.

02.01.2011 13:19 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

edit:well et sech iwwerschnidden huet
@mmphotos:


ech kann der do nëmmen deelweis Recht ginn, vu sechs maximale Punkten, déi all Juror ka gin sin der 3 wann d'Bild technech ganz ok as, ... déi aner Punkten muss een sech mat Iddé, den Ahaeffekt an an erkämpfen.

d'Riets ass jo awer iwwert FIAPdistinctioune gaang, national an international léien nach ëmmer Welten dertëscht , dat ass eng aner Liga. Gett hei e Konkour ausgeschriwwe, muss aus dem wéinegen wat era kennt, eben eppes gewielt ginn. International ass d'Qualitéit an och Quantitéit eppes ganz aneschters, d'Jurore sinn do och international a gin ausgesicht.

Du hues Recht dat national Medaillen net ëmmer de Numm verdéngt hunn.Wann awer de Johny hei nëmme Brach giff erakréien , da kéim (wahrscheinlech ??) de Punkt wou Bach giff gewise ginn ... Ween ka sech erlaben eng Woch nëicht ze bréngen oder bei enger Ausstellung vun engem Konkour nëmmen eng Dosen Biller, an déi aner schlecht Dozen nët opzehänken ?

Ech bleiwen awer derbäi ze soen, dat en A oder wéien FIAP et ass , kann jugéieren a wées wat ze weisen ass, a wat een de Léit zoutraue kann.
Enn deen no e puer Joer hei op PG derbäi ass, kennt oder misst d'Réegele kennen.

Et ass a wäert en ëmmer erëm Thema mat Pro a Kontra sinn a bleiwen smile ))))



edit: lo wars de méi séier an hues mer dertëscht geschriwwe Johny , dat mecht een net mat aale Léit lol gell

Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 02.01.2011 20:39.

02.01.2011 13:43 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Vill Leit ginn och net aktivéiert well se riskéieren zevill Quantitéit erop ze lueden am Plaz Qualitéit, och wann all Foto eenzel fir sech vlaicht ganz ok ass, wann all Dag 2 souer kommen dann hëlleft dat weder dem Fotograf, nach de Leit.

__________________
404 - Not found
02.01.2011 13:58 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

dat doten, et steet jo ënner mengem Beitrag, ass jo wuel fir mech geduecht Johny ?

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 02.01.2011 14:34.

02.01.2011 14:24 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

D' Äntwert ass un dech geriicht, jo, mee et geet net ëm dech Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
02.01.2011 14:42 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech gesinn der awer hei, déi all, also bal all Dach e Bild weisen, an ech déi Biller och gäre kucken. Kennt vläit dervunner dat verschiddener vun deenen an menger Altersklass léien haha .

Nee elo am eescht, en Zesummenhang vun Alter an Art vu Biller ass sécherlech do, dovir och fléicht Virléiften bei dénen , ... fir elo net al ze soen, ...déenen déi et nach selwer gemaach hunn, ... ewéi Polaroid , sch/w, verschidden Drocktechniken, as dach gutt dat déi Richtung och e bësse gewise gëtt.

Dat well jo net heeschen dat eppes abstraktes oder modernes oder iwwerhaapt eppes neies enger Eelerer Generatioun net soll gefalen. Et muss jo net grad eent sinn dat sech am Bësch huppt Augenzwinkern ( ok, .... ech sinn awer e bëssen al lol )

ah jo Johny, ... du wées jo dat mer Aler mei piipech, emfindlech an dobei och nach e bessen méi " ätepetäte " sinn *lol*

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 02.01.2011 16:18.

02.01.2011 16:16 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Maimonides Maimonides ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Ech riskéieren zwar elo mat dësem Kommentar eng rieseg Diskussioun aus ze léisen, mee ech hun d'Gefill wéiwann et misst sinn: Mir wëssen alleguer dass iwwerall an Federatiounen etc déi meescht pensionnéiert Leit sinn. Och déi sichen Fotoen eraus déi herno en Titel kréien. An et ass einfach net drann, dass al Leit déi selwecht Fotoen gutt fannen wéi jonker déi gäeren experimentéieren a ganz spezielles maachen. An ech wëll, fir ganz éierlech ze sinn, op der Schinn bleiwen vum experimentéieren hei. Mir wëlle mat der Zäit goen, net stoen bleiwen.


Johnny,
dat do ënnerschraiwen ech dir direkt. A wann da sollt eng riesen Diskussioun muss geféiert ginn, da soll dat och esou sinn. Schonns zimlich aal, mais nach net pensionneiert, weess ech wat hei leeft a gewise gett. Ech weess awer net wat net gewise gett.
Och dat ass e choix. "Expérimentéieren" ass ëmmer gutt, esou laang wéi ee kee "choix" imposéiert kritt. Photogen wärt nëmmen esou laang interessant bläiwen wéi fair driwer diskutéiert ka ginn.

Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von Maimonides am 02.01.2011 16:56.

02.01.2011 16:51 Maimonides ist offline E-Mail an Maimonides senden Beiträge von Maimonides suchen Nehmen Sie Maimonides in Ihre Freundesliste auf
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mir wëssen alleguer dass iwwerall an Federatiounen etc déi meescht pensionnéiert Leit sinn. Och déi sichen Fotoen eraus déi herno en Titel kréien. An et ass einfach net drann, dass al Leit déi selwecht Fotoen gutt fannen wéi jonker déi gäeren experimentéieren a ganz spezielles maachen. An ech wëll, fir ganz éierlech ze sinn, op der Schinn bleiwen vum experimentéieren hei. Mir wëlle mat der Zäit goen, net stoen bleiwen.

Johny, déng Ausso as ganz interessant.

Du kritiséiers, dass eng Kategorie vu Leit déi eng Fotoen gudd, an di aner Fotoen schlecht fënnt. Op der anerer Säit hëllt Photogen sech hei um Site awer genau dat Recht a wëll séng Vue duechsetzen.

Du schreifs, dass Photogen Wert op Experimentéieren a ganz Spezielles setzt. Op der anerer Säit hëllt Photogen sech awer d'Recht, esou Saachen deelweis ze refuséieren a vehement ze kritiséieren.

Du geheis eelere Leit fier, dass se nët gären experimentéieren a näischt spezielles maachen. Op der anerer Säit stellt Photogen sech awer emmer sou duer, wéi wann et sech un all Alter riichte géif.

Was du geschriwwen hues steet an engem extremen Widdersproch mat demm wat Photogen angeblech erreeche wëll.
02.01.2011 20:21
Seiten (5): « vorherige 1 [2] 3 4 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » "Deng Foto as net ugehol gin"

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH