spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
lowepro slingshot an eng 5DMKII |
|
Hallo,
wei all puer Meint erem sin ech nees drun mer wellen een neien Fotorucksaack zouzeléen.
Et ass sou dat ech zwar ee grousse Saack hun, deen och mai ganzt Material packt, allerdengs weilt ech och eng mei "lightweight" optioun fir wann ech mech an der Vakanz emmer nach well probleemlos an mat netzevill Balast well fortbewege kennen.
Ech hu mer den Lowepro slingshot ugekuckt an och schon am Internet gelies dat an den 102 AW Modell eng 5DMKII mat 2Objektiver erapasse keint. ech hun meeschtens een 28-135mm an een 17-40mm Objektiv dobai. Huet een Erfahrung mat deene Saeck a keint mer do eventuell eng Info zou gin?
geif mech fréen!
Spako
|
|
10.11.2010 19:30 |
|
|
|
ZerberuZ
Jungspund
Dabei seit: 09.08.2010
Beiträge: 17
|
|
RE: lowepro slingshot an eng 5DMKII |
|
Also ech hun en Slingshot 200AW dei aal versioun dofunner.
do passt ganz labber meng Nikon D200 mat batteriegreff an 18-70 dran en SB-600 an ass nach plaatz fier en Objektiv an klengegkeeten.
sin richteg zefridden domaden.
|
|
10.11.2010 20:44 |
|
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
RE: lowepro slingshot an eng 5DMKII |
|
Ech hun de Slingshot 300AW. An do geet eppes dran. Kuck mol hei! Mais deen ass dir vläicht ze grouss???
Do passt den D700 mat Batteriepack an dem 70-200VR dran & 16-35mm & 24-70mm & 60mm Macro & 5omm Normalobjektiv & 35mm & 8MM fisheye & Blëtz & AA-Batterie-Rack & Karten a Filteren .... an nach eng Schmier...
Wéivill manner an dee Modell, wéi en dir vierschwieft, drapasst, kann ech elo net soen, mais et misst awer schon och eng 5D MkII passen. Mäi Vendeur deemols sot, Lowepro géif déi Rucksäck sou maachen, datt déck Apparater mat engem Telezoom an d'Haaptgefaach passe géifen. Dat ass jo hei manifestement de Fall.
Ech hoffen ech konnt dir heimadder hëllefen.
Nico
|
|
18.11.2010 15:36 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
Themenstarter
|
|
Merci fir deng Fotoen!
majo ech war an de Butteck testen ;-) waat wuel am einfachsten ass, an ech hu gefaart dat mer dei eenzel schnall fir iwwert d'Scheller flait aawer herno Reckweih waert brengen dofir hun ech mer elo ee flipside 200 bestallt deen och kleng ass a wou aawer och villes drapasst. natierlech huet en deen effekt net dat een am stoe seng saache kann auspaae mee bon :-) tragekomfort daerf ee jo net ennerschaetzen :-)
|
|
18.11.2010 21:46 |
|
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Woubäi de Fait, datt een am Stoen den Apparat grëffbereed huet, och net ëmmer vu Virdeel ass, well mam Batteriegrëff passt den Apparat awer ni sou ganz gudd an d'Fach vun där Säit aus, a virun allem wann een den Tele net drop huet, da passt e schlecht an di aaner Gefaacher dran....
Ech hun och een 2. Rucksaack vun Tarmac, deen de Prinzip vum Slingshot mat der "Säitenöffnung" an déi 2 Rimmer matenee verbënnt. Dat klappt och, och wann een de Rucksaak muss ausdoe, fir un den Apparat ze kommen.
Bis dann a schéi Gréiss,
Nico
|
|
19.11.2010 12:03 |
|
|
|
|
|