deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
Salut Leit,
Also d'Saach ass déi hei, ech hun mäin Sigma 24-70 f/2.8 DG EX lo scho mi laang do trellen ouni et ze benotzen, well et mir einfach net mi wiirklech zouseet, ech benotzen momentan main Tokina 11-16 relativ vill fiir alles waat ebe Wäitwénkel ass an fiir alles waat doriwwer rausgeet benotzen ech greisstendeels den Nikkor 50mm f/1.4 an den Nikkor 80-200 f/2.8 IF-ED.
De grond fiirwaat ech daat hei an de Forum setzen an eng unsech eng ganz einfach fro huet et fiir mech en Senn den SIgma duerch deen neien Nikkor 16-35 f/4 ze ersetzen fiir deen dee moment als besseren Allrounder kennen ze benotzen. De Sigma ass menger Meenung no an 2. Hinsichten fiir mech net mi wiirklech intressant:
1. Et ass en Sigma, an ech well wa méiglech keng 3rd parties méi (ausser mäin Tokina waat wiirklech DE WAHN ass
), sprech ech well et sws iegentwann ersetzen
2. eng Brennwait vun ongeféier 40-105 op menger DX camera net mi wiirklech intressant ass... wann ech et mam 16-35 op der DX (also +- 25-55mm) vergläichen
Mee ech froen dofiir hei em Root well ech net gär déi eng oder aaner Meenung zum Thema ging héieren, éier ech einfach mol rem drop lass handelen :p
Merci!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
27.02.2010 18:36 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
En Objektiv kafen, wat als Super-Wäit-Wénkel fier d'Vollformat geduecht as, an dat dann als "Allrounder" fier DX-Crop ze benotzen, as ménger Meenung no Blödsinn an d'Suen zuer Fënster erausgeheit. Du schleefs Glas mat, wat nët fier däi Bild benotzt get, an du bas secher mam ageschränkte Brennwäiteberäich enttäuscht. Ausserdeem as d'Objektiv dann nët optimal gerechent.
Fier de selweschte Präis kriss de en 17-55/2.8. Dat as en Allroundobjektiv wat an dénger Sammlung fehlt.
En Allroundobjektiv as jo doduech gekennzeechent, dass et vum Wäitwénkel bis an de liichten Tele-Bräich geet. Fier drenner an driwwer hues de jo schons dat richtegt.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 27.02.2010 19:03.
|
|
27.02.2010 19:02 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Dat as natierlech eng gudd Fro.
Kuck dass de esou schnell wéi méiglech eens bas, wat s de wells entweder DX oder FX. Well soss geess de emmer Kompromisser an a bas nët zefridden.
Ech hun deemols och genau esou wéi s du gehandelt. DX Kamera an FX-Objektiver, well ech och eng Kéier wiessele wollt. Dat huet mech immes genervt, well d'Brennwäiten nët méi gepasst hun. Hun dunn eng D700 kaft a färdeg.
|
|
27.02.2010 20:18 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
Themenstarter
|
|
"Hun dunn eng D700 kaft a färdeg"
daat gleewen ech der gär!!
wis de sees ech muss kucken dass ech mer eenz gin... also fiir mech ass et ganz kloer dass ech eng keier op eng d700 resp. speider equivalent wiesselen, d fro ass sust weini...
mee jo wanns ech effektiv sou dovun oofgeroode krein kompromesser anzegoen...
merci op allefall fiir de support!!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
27.02.2010 20:29 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Also! Bei mir ass et och esou, datt ech, obschon ech nach méng D80 hat, mir an engem Supermarché no bei der Stad, wou ee Fotobuttek ausverkaaft huet, den 28-70, f/2,8 kaaft hat (och wann de 24-70 schon deemols raus war), datt ech dat Objektiv dunn quasi ëmmer montéiert hat, dunn hun ech mir de 60mm Macro f/2,8 geleescht (fir den 90mm Tamron am Tirang ze vergiessen), nach ëmmer op der D80, well et deemols vun Nikon just den D3 als FX gouf. Ech wousst awer du schon, datt ech bei der éischter Geleeënheet mir ee fullframe géif kaafen, a wi dunn d'D700 do war, du war d'D80 direkt déclasséiert (sprich: mäi Jong huet se verierft kritt). An elo sin ech méi wi happy, datt ech dat deemols esou gemaach hun. Well ech hu mat deenen Objektiver suwuel mat der D80 wi elo och (a grad) mat der D700 echt knackeg Fotoe gemaach. Kee Verglach mat de Sigma an Tamron Fläschebiedem, déi ech nach hat. An deem Sënn géif ech elo keng DX-Optike méi kaafen, wann ech net wéilt am DX-Format bleiwen. Du muss einfach décidéieren, ob's du eng D300s (oder een Nofolleger dervun) wëlls, oder awer eng D700 aut simile. (Laut www.macandphotos.com soll de 4. März eppes Neies vun Nikon virgestallt gin, et weess een awer nach net sou richteg wat dat ass, villäicht eng DSLR am DX-Format ouni Sucher???? ) Wann s du déi Decisioun geholl hues, dann ass et mi einfach. Et sief dann, de Portemonnaie géif rouspetéieren. Well FX get net bëlleg.
Ech hun op alle fall mol de 16-35mm bestallt. Wann ech en da mol bis hun, da kann ech jo een Erfahrungsbericht dervunner maachen.
Bis dann, Nico
|
|
28.02.2010 21:50 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
Themenstarter
|
|
Merci fiir deng äntwert Nico! Jo also fiir mech ass et keng fro dass ech op FF emsteigen et ass eben just eng fro vun der Zait, déi Decisioun wier also scho getraff! Et ass ebe just esou dass wann ech mer lo eng lens fiir en decke gro'en kaafen mer de portemonnaie net mi onbedengt erlaapt mol su labber nach 2 mille fiir eng d700 sprangen ze loossn!
An deem senn ging ech mech wiirklech iwwert en klengen bericht iwwer den 16-35 freen!!
Merci nach eng kéier fiir deng hëllef!
Ben.
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
28.02.2010 22:36 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Huet elo vieleicht naischt mam Objektiv hei ze din mee ech hun mir virun 5 Meint wei ech mir D300s kaaft hun och dei doten Fro gestallt, DX oder FX.
Waat fir een Vierdeel huet dann FX vis-Ã -vis vum DX ausser deen besseren Weitwenkel, wou ech awer beim DX mat engem Sigma 10-20mm och schon weit kommen.
Dofir hun ech awer bei groußen Brennwaiten den Crop.
(70-200mm deckt bei enger FX 130mm of, bei enger DX 195mm)
Ech (Hobbyfotographe deen keen Geld mat Fotoen verdingt) hun an vill Foren gelies, vill hei verglach an do verglach an muss soen daß fir mech den DX dei besser alternativ ass eben och weinst deenen mei "bellegen" Objektiven.
Awer och fir den Rescht konnt ech keen Plus am FX erkennen
An elo wou Sigma den 8-16mm annonceiert huet (fir ob DX'en) kreien ech nach mei Weitwenkel ouni Fescha wei eng FX (wann ech do richteg am Bild sin...)
Well ech awer elo bestemmt net well behaapten daß DX besser wei FX ass, mee ech kennen keen Grond dofir. An deen Artikel hei hun ech un sech elo geschriwwen fir deen gewuer ze gin.
Well jo bestemmt an menger Iwwerléung een Hocken ass deen ech awer net erkennen kann...
__________________ Laurent
|
|
01.03.2010 08:31 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
"Awer och fir den Rescht konnt ech keen Plus am FX erkennen" Dann hues de awer net gudd gekukt. Ech kann der hei lo ganz kuerz 3 punkten obzielen dei schon entscheedend sin fier en FX ze kaafen
1. Een sucher deen vill vill mei grouss as, an wou et vill mei agreabel as derdurch ze kuken an Fotoen ze maachen.
2. Een rauschen, bei den ISO waat bei weitem manner staark as.
3. Een vun den Haabtgrenn, deng Deiften onschaerft get bei weitem mei grouss (an mei schein) wanns de een FX objectiv hues.
Alleng den 1ten an 3ten Punkt sin fier mech als entscheedungsgrond fier FX duergaang.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
01.03.2010 09:02 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
@Marc, du hues nach vergiess daat Vollformat e gudd Steck mei schwaarf ass wei APSC
gin eigentlech just drai Argumenter vir APSC: Prais Gewicht an Tele. (Et muss een eben emmer kompromesser agoen)
|
|
01.03.2010 10:12 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Ok, genau esou eppes wollt ech heieren....!
Dann wees dch daat och elo.
Bis elo hun ech just mein 1 Objektiv waat een DX ass, dei aner hun ech bis elo an waisser Hinsicht trotzdem nach all am FX geholl.....
__________________ Laurent
|
|
01.03.2010 20:10 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Ajo dPrais Argument ass am gaang ze verschwannen.... bai Sony kriss de schon vir 1600 Euro eng Vollformat....
|
|
01.03.2010 20:18 |
|
|
|