Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
DeMisch
Grünschnabel


Dabei seit: 06.07.2008
Beiträge: 7

brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut alleguerten,

en donnschden as et esouwait. Dann hun ech no 6 Joer studieieren (gut Ding will weile haben ) endlech meng Diplomprüfung an sin dann hoffentlech Magister der Philosophie. Bis dohin stin nach 3 ellen Deeg mat léieren fir un mer.
Mee kommen mer zu Thema. A mengem 2te Prüfungsfach get et em en philosopeschen Zougang zur Fotografie. Ech haat gescht e Gespraich matt mengem Proff(waat een Psychoanalytiker as) iwwert waat mer alles schwätze waerten. Dobei sin folgend Froen opgedaucht:

- Firwaat wellen verschidden Leit sech partout net fotograféiren lossen?
- Firwat as et engem onméiglech enger Persoun di een gaeren huet op enger Foto d´Aen auszestiechen?
- Wou as den Zesummenhang teschent Fotograf an Fotograféiertem?
- Waat well en Fotograf? (realitéit festhaalen, besetz ergreiffen...)
- Waat sin di onbewossten Absichten vun engem Fotograf?
- Waat as di besonneg Magie an enger Foto?

Daat sin elo puer Froen di opgedaucht sin. Natiirlech hun ech mer schon Gedanken iwwert di verschidden Äntwerte gemaach. Schreiwwen se awer lo express net heihin, sou dass ech vun ierch neien Input kreien. Vlait gin meng Gedanken zevill an eng Richtung. Wir frou wann der mer e puer nei Gedankegäng kéint propséiren.

(Meng Haaptlitteratur besteht aus Roland Barthes: La chambre claire an Walter Benjamin: kleine Geschichte der Fotografie)


Villmols Merci am fiiraus


Misch
12.10.2009 14:00 DeMisch ist offline E-Mail an DeMisch senden Beiträge von DeMisch suchen Nehmen Sie DeMisch in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Den Camera Lucida wier lo dat éischt gewiercht wat ech der proposéiert hätt mee deen hues de jo schon!
Nach eng Sammlung vun Essayen zu denen Themen as Susan Sonntag - On Photography (iwwersat gin op Däitsch: Über Fotografie).

Als klengen Denkustouss, ech fannen et interessant am Zesummanhang mat Fotografie iwwer Muecht ze denken, also ween huet do Muecht iwwer ween, iwwer sech selwer? An wéi dréckt dat sech aus?

__________________
www.gloda.net
12.10.2009 14:08 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Maimonides Maimonides ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189

RE: brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Misch,

déi do Froën kënne jo bal nëmmen vun engem Psychoanalytiker kommen: déi rische jo well förmlich no Muecht, Magie a Manipulatioun. Bref: no Voodoo, an dat ass méiglicherweis grad esou een anachronistische Firlefanz wéi d'Psychanalyse selwer, och wann déi 2 awer déif kënne sëtzen.
* well se färten d'Kontroll ze verléieren, iwer sëch selwer an iwert dat Bild wat ëntsteet. Och well se färten dass dat Bild wat ënsteet nët deem Bild ëntsprëcht wat sie vun sech selwer hun.
* an deem spezielle Kontext do gëtt "gär hun" mat "mir gehéieren" verwiesselt. Ech maachen dach menge eege Saachen nët futti. Eng aaner Fro wär di hei gewiecht: Kann een ën Nu vun där Fra déi ee gär huet, offiziel an offen aanere weisen? Oder ass dat "privat"?
* Déi Relatioun ass nët aanischt wéi engem Moler seng zu sengem Sujet. Artisitisch-interprétativ an egoïstisch: dat ass mäi Sujet an ech hun d'Recht deen esou z'interprétéieren wéi dat mir gefällt an domat hoffen dass ën och nach ganz villen aanere gefällt. Ech sin den Auteur vu menger eegener Interprétatioun (de Sujet gëtt also seng Rechter oof) an ech kann domat maachen wat ech wëll.
* Wann de Fotograph nët ee pathologische "Voyeur" ass, da wëllt heen nët méi wi dat wat ee Mooler oder ë Sculpteur wëllt: d'Réalitéit perséinlich interprétéieren ouni vun hir Besëtz ergreifen ze wëllen, si dann anneren weisen an hoffen dass se och hinnen esou gefäellt.
* De Psychoanalytiker no sin dëm Fotograf seng onbewossten Absichten sich sei Sujet un ze eegenen an domat maachen ze därfen wat hee wëllt. E Portrait gëtt e Mënsch deen ech därf am Photoshop manipuléieren. Esou gesin si mir dann hei ganz no beim Voodoo. (Mais do gin Noolen a Poppe gepickt.)
* di besonnich Magie an enger Foto ergëtt sich aus deem wat virdru gesoot gin ass. Fotografie ass een duebele Striptease, engt Offeléën vun 2 Séilen: déi vum Sujet an déi vum Fotograf: "und ein Buhlen ums Publikum".

Do géif ët awer nach ganz Vill ze soën.

charel
12.10.2009 21:41 Maimonides ist offline E-Mail an Maimonides senden Beiträge von Maimonides suchen Nehmen Sie Maimonides in Ihre Freundesliste auf
Ochiniwa
Eroberer


Dabei seit: 13.08.2006
Beiträge: 62

RE: brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun eng Äntwert (vun ganz villen):

Waat well en Photograph... eigentlech ganz vill Saachen awer dorenner och d'Zäit unhalen, de besoin nom post-mortem Liewen.

Wanns de den Catcher in the Rye vum Salinger kenns deen huet deelweis schons eng Äntwert op dei Fro smile

MFG
Ochi
12.10.2009 23:05 Ochiniwa ist offline E-Mail an Ochiniwa senden Beiträge von Ochiniwa suchen Nehmen Sie Ochiniwa in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser


images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

also déi dräi lescht punkte gi jo schon mol an eng eenzeg richtung fannen ech.

apropos magie, absicht a.s.w. ... bessi brainstorming iwwert alles wats de elo gefrot hues:

ech perséinlech sichen emmer rem dat beweeschtend bild (movie), mee eng foto huet eppes ganz besonneches. hällt net nemmen e moment oder eng szeen fest, mee ganz elleng nemmen eng mini-mini-sekonn dovun. net nemmen "a moment of my life" mee "a SLICE of life" a ménge gedanke gesin ech coh eng scheiw vun enger sekonn déi ech klauen a vir emmer veréiwegen. sougesin as och eppes drun un däer iddi, dass eng séil an der foto ka gefange gin. mee nemmen aus dem fotograf sénger perspektive. also wann eppes engkéier ofgeliicht as, da gehéiert et mäer. mee ouni dass ech eppes klauen. copy-paste eben ...... net cut-paste

eng persoun déi sech net fotograféiere léisst braucht dat och net. wat ech méi intressant fannen: et get FOTOGRAFEN déi sech net welle fotograféiere loossen. ech si jo do eng ausnahm. ech loosse mech immens gäer fotograféieren a man och autoportraits (och rem intressant) ech sin der meenung dass autoportraits eng gudd therapie sin (wann en dat esou nenne well) ech roden et ganz ville leit déi sech net-acceptéiert oder elleng villen.

ausserdem intressant: geff mer 2 persounen: eng well fotograféiert gin an eng partout net! MECH reizt déi zweet persoun vill méi ze fotograféieren wéi déi éischt. e bessi vir den challenge, mee och e bessi well mech déi astellung stéiert. dat as onfair, mee boff ....

apropos absicht vum fotograf: ech denke scho lang driwwer no. als beruffsfotograf sollt 't absicht dach sin suen ze verdéngen. an éischter ligne. dann réischt kënnt dat kënschtlerecht. dobäi woar fotografie als konscht an experimentéier-fach virt éischt do. sougesin as 't absicht eigendlech "FOTO-GRAFIE", d.h. mat LUUCHT DUERZESTELLEN. wou mer rem bei der magie wieren: all form op der welt kann ech mat verschiddenarteger luucht komplett anecht duerstellen. dovir brauch ech jo net emol e fotoapparat. nee, ech brauch nemme luucht, an en objekt. de fotoapparat hällt just fest wat mer gemolt hun. an der zweeter stuf kann dann de komputer (oder 't wierl vum film&pobeier a.s.w.) dat bild nach esou abstrahéieren dass et och dat duerstellt wat a MENGER vue esou schéin un dem objet an u ménger liichtféierung as. ...

themawiessel...
onbewossten absichte vun engem fotograf: wat ech mer dat méi lang ukucken wat et mer méi bewosst get -och bei mäer selwer- : unerkennung, luew .... onbewosst welle mer dat alleguer. wann och net op an éischter stell, mee onbewosst fläit awer ....

zesumenhang tescht fotograf an "modell" ??
freck, lo treffs de mech. gudd fro professor!
..... also dat do as witzeg: den zesummenhang as amfong e fäerdecht bild giff ech mengen. den zesummenhang as also amfong nach net existent dee moment wou fotograf a modell madenee "molen" .. hihi, dat s mer nach net esou bewosst gewiecht. dat eenzegt wou déi zwee gezwonge sin zesummenzeschaffen as op dem wee vir bei hiert ziel. mee bei dat ziel selwer kann de fotograf amfong elleng. bzw. dee mënsch deen aus der fotografie e fäerdecht bild meet.

ech si mer awer anch net genz mat deem wuert "zesummenhang" eenz... wann dat gläichtzäiteg "verbildung" heescht da schwetzen ech guer net méi "nemme" vun engem bild, mee vun engem ganze koup communikatioun, intimitéit, sproch (mam mond a mam kierper)
intressant dobäi as dat hei: soll mäi modell eng emotioun duerstellen a kann dat och ganz gudd (mimik, kierpersproch) muss dat beim fotograf dee moment guernet emol esou eriwwerkommen. an dann an 't fro: fotograféiert de fotograf nemmen 't luucht déi sech um modell brëcht, oder coh eng emotioun. wat as wann 't kierpersproch an déi momentan emotioun net harmoniséieren? kann een eng emotional foto mat enger wachsfigur man?

natiirlech get et jo net nemme poséiert a gestalten emotiounen, mee och déi réell.... z.b. wann den James Nachtwey eng trauerend famill fotograféiert. hätt en déi selwecht leit 3 deeg virdrun bei de leit geschellt a gefrot ob en einfach esou eng foto dierft vun hinne man, da wieren se fläit vun der kamera geflücht. a wann net giffen se sech fläit virun der kamera verstellen
kuck: dee video (KLICK) ab 5:47

lo sin ech eidel well ech dee video gekuckt hun ...
kuck och deen: (KLICK) ab 5:37 ... mee kuck einfach dee ganze film nach virum donnesten ....

muss!
nuecht

__________________

13.10.2009 00:47 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
DeMisch
Grünschnabel


Dabei seit: 06.07.2008
Beiträge: 7

Themenstarter Thema begonnen von DeMisch
smile Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

SAlut alleguerten,

ech soen ierch merci fir aeren konstruktiven input. Hun all aer iddien konnte verwenden an hun der och vill an menger leschter prüfng kommte matt abrengen.
Sin elo offiziell Magister der Philosohie :-)

Merci fir aer Heleff


Misch
15.10.2009 16:31 DeMisch ist offline E-Mail an DeMisch senden Beiträge von DeMisch suchen Nehmen Sie DeMisch in Ihre Freundesliste auf
Maimonides Maimonides ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Meng Félicitatiounen.

charel
15.10.2009 21:25 Maimonides ist offline E-Mail an Maimonides senden Beiträge von Maimonides suchen Nehmen Sie Maimonides in Ihre Freundesliste auf
Shogun
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hi !

Als eischt Mol merci fier dese Post. As eng super Gelegenheet mai klenge Kapp mol rem bessi unzestrenegen an jo..mier huet ett eppes bruecht. THX smile

Mee egal, ech wees ech sin ze speit, sorry, konnt daat hei lo awer net si loossen. Daat hei as sait laangem mol rem eng interessant Diskussioun hei op PG an ech wollt einfach Mol sou eppes klenges tippen. Bon, ech si weder Philosoph, nach Psycholog an och kee wandelnde Larousse dofier pardon wann ech lo hei net mat deenen allerschlauste Wieder kommen, mee ech hoffen ett waert ee mech verstoen. Folgend wäert einfach nemmen e klengen Erfahrungsbericht sin oder einfach nemen meng eegen Art a Weis iwwert verschidde Saachen ze denken. Ob daat lo soss een ausser dech interesseiert as mer och zimlech egal, mee ech soe mer wanns de schon sou eppes studeiers wäert ett dech secherlech och net mei domm maachen, op daat waat ech der lo schraiwen schlau oder dähmlech as kanns du ja do fier dech selwer decideieren. Daat geht mech dann naischt mei un obwuel ett mech natierlech free geng datt och lo nodeems de dain Exame gepackt hues (yeah ! congrats !!!!!) nach Interesse un daer ‘Diskussioun’ fenns ans de mai Gesabbels bessi interessant fenns… an dem Senn vill Spaass beim Liesen.. J

- Firwaat wellen verschidden Leit sech partout net fotograféiren lossen?

Bah, dei Fro ze beantwere grenzt fier mech un d'Onmeiglecht. Ech denken do leie mer dem Domaine vun der Psycho effektif mei no wei der Philo oder ech weisst net richteg wei ech perseinlech dei Fro lo reng philosophesch keint ugoen. Dobai mus een dann o nach betruechte weie Fall gesaat as. Freet een dee Mensch einfach sou fier e shooting am Studio, fier perseinlech Zwecker, schwaetze mer vun der Strooss, wou Jenny a Menny ka fotografeiert ‘kann’ gin ? As ett allgemeng gemengt, mus en sech fotografeiere loosse fier Passfotoen oder soss eppes?… ech denke mer daat Thema alleng as schon en hallwe Roman waert…

Ech maan ett awer lo sou datt ech wei och aanerer schon hei einfach meng eege Mehnung dozou schraiwen, zu verschiddenen Aspekter, ouni lo all zevill an den Detail an ze goen.

Bon, kuerz gesoht, ech denken do gin ett honnerte vun Uersaachen dei emmer just op bestemmten Charachtertypen zougeschnidde sin.

De banalste Fall gesaat : dei eng sin ganz einfach net zefridde mat sech selwer a kennen egal wei net mat dem Bild emgoe waat en anscheinend realiteits-getreit Medium vun hinne remspiggelt. Hei fanne mer awer lo daat Wuert Spiggel a schon do geht oft de Problem un.

Huet schon eng Keier een den Test gemaach sech mei genau am Spiggel ze kucken an dann eng Foto vu sech ze maan, mam Selbstausloeser? Waat mierke mer do? Ma datt daat Bild waat mer am Spiggel gesin horizontal gespiggelt as am Verglach zu dem waat duerno aus der Kamera kennt. Ha! Daat waat mier all Moien am Spiggel gesin as also schon e ganz aanert Bild wei daat waat eis d’Kamera liwwert a mer sin ett net gewinnt eis aus den Aan vun engem aaneren ze gesin, sou getrei dem seng Visioun och as. Spiggelt mol en Autoportrait vun iech an dier waert erstaunt si waat do fier riesen Differenze sin, dier gidd zu engem ganz aanere Mensch, ett sieff dier geifft perfekten Idealer enspriechen an aert Gesiicht waer effektif total symmetresch. Ech wees awer lo nemmei wen die genormte Regelen opgestallt hat. Kann de Michelangelo gewiescht si mee bref... Die mannste sin ett awer. Ech denken awer och net datt der iech moies fierun den Eizo Bildschirm setzt, mam Live-view doteschend geschalt fier iech d’Zaenn ze botzen… Augenzwinkern

Aanerer kenne sech net am Spiggel gesin, verdroen hiert eegent Bild net, mee do lo d'Uersaachen ze siche geht definitif an d'Psycho iwwer. Daat kann lo dru leien datt ebe graad d'Medien eis Idealer fiergaukelen denen sie an hieren Aan bai Waitem net entspriechen, reng baseiert op daat Visuellt wat a mengen Aan awer ganz enk mat den ennerleche Waerter zesummen haengt. L'habit ne fait pas le moine soen se. Do keint ee lo och soen : le visage ou le corps ne font pas le charactère. D’accord.. averstaanen. An awer beaflosst daat engt daat aanert denken ech mer a vill Leit sin sech daers och bewosst a schummen sech dofier… Bei wem de Fehler lo lait sieff dohinner gestallt an jo..do schwaetzt de Gloda Muecht un.. eis Medien hun haut der Dee eng vill ze grouss Muecht... mee do lait ett och u jidderengem sech beaflossen ze loossen oder net...alt rem Charactersaach...

E witzege Phenomen a mengen Aan as den hei: d'gi Leit dei gesi wierklech net sonneg aus, banal, naischt pregnantes, net opgemotzt an nix...simple... sou eng kommen oft an e Studio a soen: ooh..wesst der, bei mier as sws naischt mei ze retten a laachen, setzen sech op de Stull, sympatesch Kuck, d'Saach as a Sekonne geschitt an siehe da.. se gesi super aus op der Foto. Aanerer brauchen eng Eiwegkeet beim Spiggel, recken alles riit waat riit ze recken as...da mus een 5 oder mei Fotoe maan, nie as eppes gut an d'Resultat? ..flaach.. schei Coiffure, super gestyled an eng ausstrahlung dei seht: f**** iech all, ech sin de Scheinsten, ech sin eppes besseres, du gesais jo wei gut ech ausgesin... do gefaale mier dei 1st dann awer bai Waitem besser well se mei natierlech sin...wourunner lait daat da wuel? Wen as do verklemmt a wen net? Alt rem eng Saach vun der Astellung. Ech hu leiwer Leit dei mer sympatesch si wei opgemotzen..*****.... Zunge raus

Aanerer sin einfach schei, wellen sech net beobachtet fillen like big brother is watching you, shooting you.

Aanerer fannen daat Ganzt einfach dämlech a sin der Mehung datt net d'Ausgesin alleng zielt, d'si vlaicht Menschen dei net super ausgesin mee eng super Austrahlung hun dei awer op Fotoen net sou riwwer kennt an daat suckt verschiddener eben (bei wem lait do de Fehler mus een sech dann natierlech och rem froen? an daat as och rem ganz ennerschiddlech denken ech (heindsdo as ett de Fotograf, heindsdo och net... ).. vlaicht loossen sech doweinster och Leit net knippse well se e granzegen Delpess fierun sech haaten den se op dei eng aaner Weis enttaeuscht huet, duerch seng grotteschlecht Fotoen oder ebe seng Art a Weis mam Mensch em ze goen dei carrement doniewt war.

Aanerer sin einfach genervt, fuerchtbar genervt datt jiddereen se nemme vu Fotoen an aus dem idioteschen Internet kennt. Sou Leit wellen hier Anonymiteit gaaaaaaaaaanz gäere behaalen an si verdammt ugepisst subaal aanerer mat hieren riesege Knipps-Maschinen zu Laaiff recken. Se wellen einfach hier Rouh a verzichte ganz gaeren op de Rummel den em se enstoe keint.
Ech kennen dech dach !?! Du bas dach op Photogen oder net ?!? Daat as zB eng Fro wou verschiddener ganz allergesch drop reageieren.
Datts de su domm frehs seht jo schon datt mer eis NET kennen soss gengs de net su domm froen. A Leit dei op domme small-talk an dem Genre gaere verzichte.. jo..dei suckt sou eppes verdammt vill.... *ggg*

Ech kennen zB een den sou denkt. Dee freht sech heindsdo waat d’Leit iwwerhaapt vun him welle well en es saat as vun de Leit op daat reduzeiert ze gin waat d’Leit vun him am Internet matkreien oder schlemmer nach vun aanere fier ge gaukelt kreien. lol.. Daat hei war lo e Saaz wei wann ee bei de Psychiater geht a seht: ech hun e Kolleg den.... mauahhaha... t'as gut.. dier hutt verstaanen ....

Ett kann een e Mensch dach net classifieren andeems ee Fotoe vun hinne kuckt… daat as dach bullshit. Daat nervt vlaicht och e puer Steck a wellen sech dofier net fotografeiere loosen. Net weinst dem photographeschen Deel mee weinst dem waat duerno mat de bilelr geschitt. An do komme mer dem philosopesche scho vill mei no. As ett de Mensch selwer de mer op der Foto gesin, as ett just en Oofbild, as ett iwwerhaapt iergendeppes waat ee keint beuerteele well un sech as d’Bild waat ensteht jo sws nemmen eng Reflektioun, e Phenomen deen optrett duerch d’Briechung vun der Luucht dei op e bestemmtene Support optrefft. Wann ett iwwerhaapt eng Realiteit gett, daers mer eis Mol guer net sou secher kenne si wa mer den Denkidealer vu verschiddene Philosophen nogin, wi kann een dann iwwerhaapt e realiteits-getreit Oofbild maan ? Bon, wei gesoht : Philo as net meng Staerkt mee waat ech mier denken : jidderee liewt a senger ganz eegener Realiteit, dovunner sin ech iwwerzeecht, sieff ett lo philosophesch begrennt oder net… Wann daat lo awer de Fall wier, wei kenne mer da behaapten eng real Reproduktioun dovunner ze maan wa sws jiddereen seng eegen huet ?.. kee Plang… ech wees keng Aentwerten op sou Froen mee da kommen ech awer op de Schluss datt d’Photographie eng Art Ausdrocksmettel as wou jidderee maachen a loosse ka waat e well… an dofier hun ech ett och opgin Leit Tipps ze gin oder eppes ze beuerteele. Ech fanne jo sws meeschtens alles Null, ugefaange bei mengen eegene Biller mee bon, jidderengem Senges, dei eng sin ebe super vu sech iwwerzeecht, aaner Leit hun aaner Usprech…soit... live and let live…..oops.. ausgeschweift… Zunge raus Zunge raus Zunge raus

Aanerer sin einfach der Mehnung datt dei Fotoen dei se selwer vu sech maan besser si wei dei dei aanerer vun hinne maan an boff... ze verzichten einfach drop. En plus kennen se sech dann sou duerstelle wei sie wellen waat rem op dem Maimonides seng Aentwert zreck feiert.

Oh..ech mengen daat geht lo Mol duer zu dem Thema… next…

- Firwat as et engem onméiglech enger Persoun di een gaeren huet op enger Foto d´Aen auszestiechen?

LOL ! Oh f*** bas de secher datt ett dengem Proff gut geht ??? Zunge raus Zunge raus Zunge raus

Maimonides liwwert eng Uersaach, as scho gesoht, an ech daer Mehnung sin ech och.

Ech perseinlech denke mer awer och datt de greissten Deel vun der Austrahlung vun engem Mensch duerch d’Aan riwwer kennt. Ech huele lo mai Fall einfach an en dommt Beispill :

Wann ech un eng Beziehung zreck denken dei mer wichteg war erenneren ech mech ganz vill u Momenter wou eng gewesse Compliciteit do war. Momenter wou een sech lang oder kuerz deiff an d’Aan gekuckt huet an een am leiwsten nie mei fort gekuckt haett. Ett huet ee getraff wei e Bletz. D’Aan sin e super Mettel engem eppes ze soen ouni missen de Baak op ze din an ech denke mer e Mensch deen e bessi emotions-fäheg as, kann an den Aan suguer mei liese wei a Wieder. Do fleissen einfach Energien an ett fillt een sech gebuerge an dem Bleck den engem d’Impressioun get ett waer ee gebuergen. D’Aan sin e super Wee eppes op en aanere Mensch ze kanaliseieren an alles ronderem ze vergiessen. Tunnel-effekt wei wann ee mat 300 mam Moto fiert.. schwusch…..high speed fast lane … Hellt een engem Mensch daat fort, as ett wei wann een Emotion-delete geng drecken. Ett bleckt een an e schwaarzt Lach an ett keint e genau sou gut ‘the ring’ oder ‘the grudge’ op dvd kucken… ett as onnatierlech an ett mecht engem Angscht. Net emsoss hun Alien meeschtens schwarz Aan op de Biller.. Alienation pur...

Fotoe wou lo eng super geformten a gestylte Moss do steht, gekleed an high-heels a Plüsch-Schal si fier mech oft mei banal wei e simple Portrait well einfach keng Energie an den Aan as. (mini Klammer op : Verschiddener hei op pg sin zB oft op workshops entstaanen an nja… loin de do-it-yourself.. pickt mech kee Meter sou Fotoen… just su niewebai gesoht) Net emsoss gett oft gesoht datt een bei Portraits soll Catchlights an de Guckelie soll verstaerken oder wann se ganz fehlen dobai setze fier datt eng Foto net su ‘seelenlos’ as (am Normalfall). Aan dei funkelen si bai Waitem och mei attraktif mei Aan wou 0 Liewen dran as.

A lo laach net, lo kommen ech mat star-wars : do you want to join the dark side ???? De Mensch as ett gewinnt Luucht an alles waat hell as als frendlech un ze gesin, alles waat daischter an duester as als bedrohlech… Kucke mer an dei 2 Laecher dei gepickt sin si mer op der dark side…of Kodak Crystal…ah nee shit.. dei as jo och waiss…lol… just kiddin…As ett Abildung ? As ett vlaicht en onbewosstenen Trieb den eis ugebuer gin as, vlaicht aus dem Alter wou mer nach kee Feier haaten an de Fred an d’Wilma Schiss haate subaal ett daischter gin as, vun den Dino’e gebufft ze gin.. kee Plang…fro de Freud...mee dee kennt der da jo rem mat Baakuewen an sou Scenen..LOL…

- Wou as den Zesummenhang teschent Fotograf an Fotograféiertem?

Oh meih oh meih… ech denken do schweifen d’Aentwerten och meilewait auserneen. E puer Steck gouffe jo schon opgezielt….

Waat ech vlaicht dozou bai-fuege well : fier mech as ett e reng mentalen Zesummenhang, sieff ett lo Model-photographie, still-life, Natur, Architektur..whatever…

Lo schwaetzen ech Mol rem vu mier selwer : ech hu meng Idee, ech hu meng Realiteit, ech hu main eegene bessi vill stuere Character mee en as secherlech polariseiert (hoffentlech och polariseierend mee vue datt der net wesst wen ech si kann iech daat och ganz egal sin an ech waert daat och am Moment secher net raus fannen wei ett lo ass) an eng bestemmte Richtung. An ech well datt daat a menge Fotoe riwwer kennt. Punkt. Ett as mai choix alleng. E ganz egoisteschen an egozentrechen wei de Maimonides soht. Jo. Daat as ett. Meng Fotoe si vlaicht grotteschaiss mee ech fanne mech doranner rem. jojo..so lo net : an aanere Wieder fenns de dech selwer also och grotteschlecht wann ech deng Usiichte sou novollzeihe weis de se hei duerstells ?!?... jein…ech denke mer : de Mensch SOLL sech a Fro stellen. Sech a waat e mecht. Daat as a mengen Aan e geniale Wee weider ze kommen. Vill Leit protze mat hiere Biller, fannen emmer rem dat sie dei bescht sin apattatiapattaf*** … Do mus ech katze wa sou Leit mer iwwert de Wee laafen. Meechtens grinsen ech zwar emmer nemmen dähmlech…hähä…soit.. Fier no fier ze goen, mus een eppes hannert sech loossen, en Deel vu sech an en Deel vun dem waat e bis dohinner geschaaf huet ouni ett ze verdrängen. T'soll en ett a Memoire haale fier draus ze leieren.

Ett as e mentalen Process an dem Senn, sech bei all Photo einfach nemmen den Challenge ze setzen eppes ze maan waat ee fier sech als Nei betruecht. Tscha… daat erennert mech un eng bestemmten Diskussioun hei op PG wou engem ennerstallt gouff eppes einfach nemme copeiert ze hun ouni sech weider creatif Gedanke gemaach ze hun… loosst mech eng 1/125s grübelen an ech äentweren : sorry, daat as vlaicht just meng eege Mehnung, denke ka jo jidderee waat e well mee : f*** that !!! Hei am Land gett ett fier mech 1 eenzege Fotograf den sai Fach WIERKLECH GUT beherrscht an dee wees wisou a waat e mecht fier genau daat an daat hin ze kreien an do erenneren ech mech un 1 Saaz obwuel ett scho gaaaaaaanz laang hier as an nach su zimlech alles op Plan-film geschoss gin ass waat diermols an der Produktioun war, ouni vill sech keinten z’erlaaben spilli spilli an testi testi gratis mat dem digitalen ze maan: wees de, ett as einfach eng creatif Foto ze maan, do kanns de maachen a loosse waats de wells. A waat as scho creatif a waat net… ?!? huet e mer mat sengem breede Grinse baibruecht. Waat wierklech schweier as, as eng Foto genau sou nozemaan wei schon en aaneren se gemaach huet wells de der als eischt Mol d’Fro stelle mus : wei huet deen daat gemaach ? An do mus een da Mol als eischt iwwerleen… … … a Recht gin ech dem gudde Mann ! En Tutorial einfach sou nomaan as rem eng aaner Saach mee dofier sin se jo do… nee ?... no offense..my pov…

Creatif si ka jiddereen. Produktif an efficace sin as eng ganz aaner Saach. Ett as eng Art sech selwer a seng eege Grenzen ze erfuerschen, Poblemer ze leisen dei am Ufank als onleisbar erscheinen, nei Weer sichen oder sech als Ziel setze mat sou weineg Opwand, Käschten an Zait wei meiglech zu engem adequate Resultat ze kommen. Fierplangen a Fierausdenken etc….

Bon, lo gin ett Sujeen dei loossen dem Fotograf total frai an interageieren net mat him wei am Beispill vun Objee’n, Landschaften an Architektur zB. Do as den Zesummenhang eischter eesaiteg well kee geigesaitegen input do as obwuel daat jo och nie richteg de Fall as well bei engem Zesummenhang jo awer mussen 2 ‘Stecker’ do si mussen dei ee verbanne kann.

Huele mer lo de Fall vun der people-Fotografie. Do get ett scho mei kriddleg an awer blaiwen ech bei menger Mehnung. Wisou komme bei verschiddene Fotoen d’Leit aaneschters, mei spontan, natierlech riwwer wei op aaneren ? Ech denke mer och do spillt dem Fotograf seng eegen Approche eng riese Roll. As hien capabel e Mensch deen total verklemmt as sou op ze lockeren datt och deen fier e kuerze Moment opbleit, sieff och nemme fier dei 1/125s wou de Fotograf op den Ausleiser dreckt. Huet de Fotograf Freed a Spaass dru mat all Zort Mensch ze schaffen da mierkt een daat och op de Fotoen an ech soot mer do schon emmer : eng Foto dreit e groussen Deel vum Character vum Fotograf mat sech. Dei eng si motiveiert, gin sech Meih, daat mierkt een an der Foto… wougeint bei aanere naischt riwwer kennt. Copeieren ech just eppes kann ett zwar vlaicht ganz gut si, mee ett as secher dann och rem naischt wou een sech soe keint : yeah : dei Foto as vun dem an dem, do mus ech Mol net den Numm drenner liese fier ze wesse vu wem se as… sou Fotoe fannen ech och am interessantesten eierlech gesoht. Mee soit…

Daat alles brengt mech zur Conclusion datt den Zesummenhang, wann een daat misst defineieren einfach d’perseinlech Approche as an dei varieiert ebe vu Persoun zu Persoun waat die aaner hei och schon ugedeit hun. Wei eng Zieler de Fotograf dobai verfollegt faellt rem eischter an die naechst Fro an ech denken net daat daat ausschlagebend wier fier des Fro lo… next…

- Waat well en Fotograf? (realitéit festhaalen, besetz ergreiffen...)


Kuerz, fannen daat ze vast an ze individuell.
Hei kanns de theoretesch no all Saaz en ‘an’ oder en ‘oder’ setzen.. kee Plang wei d’Leit all ticke mee hei mol puer Meiglechkeete vu villen :

-Geld maachen
-bekannt gin
-besser gin
-sech selwer entdecken
-die perfekt Foto maan
-su no wei meiglech un seng eege Fierstellung vum perfekte Bild rukomme well en sech bewosst as datte tt daat sws net get
-Leit schockeieren
-Leit emotional beweegen
-engem aanere Mensch e flotte Souvenir fier d’Liewe schenken an em waehrend dem shooting d’Gefill gi fier e Moment den Zentrum vun der Welt ze sin
-nei Weer goen
-einfach nemme creatif sin
-Spaass hun
-sech mat eppes techneschem ausernee setze waat bessi de Kapp ustrengt
-Zait killen
-Scheinheet festhaalen
-sech selwer ausdrecken
-e Message vermettelen
-eppes dokumenteieren
-eppes weise waat d’Leit soss net ze gesi kreien
-d’Realiteit festhaalen
-d’Realiteit verdreien
-Leit auspioneieren
-no der Foto soen : hei kuck wei gail hun ech daat gemaach
-duerno soe kennen : ech war do
-se op Photogen setzen an hoffen datt se Foto vun der Woch get… LOL !... Zunge raus
-perseinlech Momenter fasthaaen als Souvenir
-Konscht maachen
-mat Leit schaffen
-an de Star-Milieu antauchen
-ett als hybrid Technik benotzen
-seng Wunneng mat Fotoen decoreieren
etc etc....

Nee komm.. ech haale lo op… ech fannen die Fro och net immens usprochsvoll…
22.10.2009 12:43
Shogun
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

LOOOOL system Meldung :ihre Nachricht ist zu lang.... muahahahha.......

- Waat sin di onbewossten Absichten vun engem Fotograf?

as scho vill mei usprochsvoll.... ech geng dain 'besetz ergraiffen och eischter hei gesin...'...

Na Itchy.. was machen wir denn heute ? Wir erobern die Welt.. Punkt. Sidd eirlech mat iech selwer : nemme gaaaaaanz weineg Leit sin sou Zen a relax datt ett hinnen net em perseinleche Profit geht, op wei enger Ebene och emmer. Ego-flip. Ech well fier MECH besser gin, oder ech well datt jidderee MECH gut fennt an ech well datt jidderee gesait wei eng genial Approche ECH zur Fotografie hun. Fier mech as dest Thema oofgehaakt. Me, me , me..meep meep…. Dream on… it’s your right… großes Grinsen

Nee..komm…sou krass mus ett jo och rem net sin, d’gi jo anscheinend och Leit dei bessi mei wait denken an aaner Absichten un.

Ech soht ech wier eng Paiff An der Philo..stemmt mee all Mensch kennt de Saaz : ech denken also sin ech. Kann een dann net och soen : ech hun des Foto gemaach also war ech do ? kA du bas de Meeschter a kanns daat secher ausbauen Augenzwinkern

Eigentlech keint een des Fro eischter op dei vu fierdru bezeihen vu wegen well de Fotograf Besetz ergraiffen etc... well wee wees scho waat wierklech a sengem eegene Kapp fiergeht ...... an ech denke mer do gin ett och alt rem Tonnen Aetweren.....

- Waat as di besonneg Magie an enger Foto?

A weienger Foto? …

A lo hun ech keng Loscht mei… ech hun Honger a gin iessen...

Ciao a merci smile

sorry fier d'Tippfehler... großes Grinsen

PS 2 Stonne mei speit...: sou.... lo nervs de mech... waat ech mei iwwerlee waat rem mei Froe kommen...djoeeee.... Zunge raus Zunge raus Zunge raus maan de Geck..as ganz ok sou ...

vlaicht kennt jo eng Keier nach eppes no zu verschiddenen Thema'en... Lust, Zeit und Laune

have fun
bis da vlaicht^^

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Shogun am 22.10.2009 13:55.

22.10.2009 12:44
Schlimpitz
Tripel-As


Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Super Viertrag Shogun

Hunn en mat genoss geliess großes Grinsen
24.10.2009 11:21 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » brauch aer Heleff-Philosopesch Gedanke zum Thema Fotografie

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH