Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Ansprech evtl. ze héisch? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (8): [1] 2 3 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Ansprech evtl. ze héisch? 2 Bewertungen - Durchschnitt: 9,002 Bewertungen - Durchschnitt: 9,002 Bewertungen - Durchschnitt: 9,002 Bewertungen - Durchschnitt: 9,00  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
systray
Jungspund


Dabei seit: 18.12.2008
Beiträge: 11

Ansprech evtl. ze héisch? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

N'Owend,

d'ass vill Biller héi net ungeholl gin, well sie net an d'Image ran passen ass schon ganz verständlech. Mee awer: Hun geschter eng Foto vun mengem Hond 'Happy' ropgelueden, gouf awer net ungeholl aus folgendem Grond:

"Bildopbau feelt, Perspektiv ass eigentlech OK, mee et ass ëmmer nach just säin Hausdéier geknipst, wéi déi meescht sou Fotoen. De Kommentar deen s de geschriwwen hues, weist dann dass de just den Hond weisen wolls an net eng bestëmmten Idee an der Emsetzung has."

Dozou puer Froen: Wat bedéit Bildopbau?
An wann ech ganz eierlech sin, kann ech deen Kommentar net sou noempfannen. Ech hun mech mol an där Kategorie emgeguckt, an oft schreiwen vill bei souengen Biller hin "haat keent aanert Motiv, also hun ech mein Hond geholl" oder "Mein Hond beim faulenzen". Ech mengen net, d'ass dei meescht hei emmer eng bestemmt Idee oder Intentioun haaten, wann sie hier Saachen hei roplueden.

Hei wier et meih eierlech, ze soen "photogen.lu huet genuch Foto's vun Hausdeiren, deint brauchen mir och nach net, wann du lo keen speziellen Grond haats, et erop ze lueden". Eieiei, wann ech daat liesen, verleiren ech sou lues d'Loscht dorun, nach iwwerhaapt hei eppes erop ze lueden. Wien awer meng Foto gesin well, deem weisen ech se nach gär.

Greiss.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von systray am 14.04.2009 23:20.

14.04.2009 23:19 systray ist offline E-Mail an systray senden Beiträge von systray suchen Nehmen Sie systray in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bildopbau bedeit dass de der Idee mëss drëm wéi däi Bild opgebaut ass. Ech weess, dat liest sech wéi just eng emschreiwung vum Wuert, mee dat ass et. Als Beispill: Net säi Motiv gesicht, an d'Mëtt gesat, an geknipst. Mee z.B. iwwerluet: den Hond kuckt no riets, dann loossen ech riets méi Plaz well säi Bléck dohin geet, also kënnt den Hond lénks. Ass lo en einfacht Beispill.

E spezielle Grond eng Foto erop ze lueden sollt een ëmmer hun, egal ob et em en Hond geet oder soss eppes.

"Ech mengen net, d'ass dei meescht hei emmer eng bestemmt Idee oder Intentioun haaten, wann sie hier Saachen hei roplueden." -> dach, definitiv, déi meescht allerdings. Och wann et engem als Ufänger vläicht net sou firkënnt.

An du sees du kéins de Kommenrtar net noempfannen, trotzdem, sou wéi s de durno schreifs, kënnt et mer fir wéiwann s de der bewosst wirs dass et sou war. Dobäi weess de jo mol net wat mat Bildopbau gemengt war. E Widdersproch, oder verstinn ech dech falsch?

Huel et net perséinlech, mee deng Foto hat näischt mat Kreativitéit ze dinn oder eng Idee emsetzen, dat weess de jo warscheinlech selwer. An dann, well mer déi net unhuelen, sollen d'Usprech ze héich sinn? Dann musse mer jo alles unhuelen wat .jpg als Endung huet...

Vill Leit sinn bei eis komm an waren net averstan dass se Fotoen refuséiert kritt hunn, ma vill Leit sinn puer Méint durno awer och komm an hu gesot "hey, dir hat jo absolut Recht, ech maachen elo vill besser Fotoen".

__________________
404 - Not found
14.04.2009 23:57 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
LP
Doppel-As


Dabei seit: 04.01.2009
Beiträge: 103

Daumen hoch! Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Muss dem Johny do leider recht gin Augenzwinkern
kruut der och schon 1 oder 2 refuseiert. Mee wan ech dei fotoen lo nach eng keier kuken 1-2 meint mei speit verstin ech et an giff dei och lo net mei rop lueden
Fannen des Sait eng gudd meiglechkeet vir am ufank ganz schnell progreen zeman, mee och vir hanno rotschlei vun denen mei erfahren zekreien smile

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von LP am 15.04.2009 00:05.

15.04.2009 00:02 LP ist offline E-Mail an LP senden Beiträge von LP suchen Nehmen Sie LP in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Da weis mer mol déng Foto an da kucke mer bessi méi am Detail firwat déng net ugeholl gouf. An dovun get d'Welt och net ënner.

__________________
www.gloda.net
15.04.2009 00:16 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
systray
Jungspund


Dabei seit: 18.12.2008
Beiträge: 11

Themenstarter Thema begonnen von systray
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Bildopbau bedeit dass de der Idee mëss drëm wéi däi Bild opgebaut ass. Ech weess, dat liest sech wéi just eng emschreiwung vum Wuert, mee dat ass et. Als Beispill: Net säi Motiv gesicht, an d'Mëtt gesat, an geknipst. Mee z.B. iwwerluet: den Hond kuckt no riets, dann loossen ech riets méi Plaz well säi Bléck dohin geet, also kënnt den Hond lénks. Ass lo en einfacht Beispill.

Den Hond guckt no lénks? Eieieiei.. Ganz secher net, deen guckt eischter mech un, well en denkt "Deen hellt mir mein Knacken eweg". Vun dohir kann ech hei och behaapten, d'ass mein Bildopbau guer net sou falsch war.
Zitat:
Original von Johny
"Ech mengen net, d'ass dei meescht hei emmer eng bestemmt Idee oder Intentioun haaten, wann sie hier Saachen hei roplueden." -> dach, definitiv, déi meescht allerdings. Och wann et engem als Ufänger vläicht net sou firkënnt.

Dann guck mol an är eegen Gallerie. Do fannen ech och vill, wou dem net esou ass. Oder fenns du, wann ech schreiwen "hun keen besseren Motiv fonnt", d'ass et hei eng speziall Idee gouf? Mengen net.

Zitat:
Original von Johny
Huel et net perséinlech, mee deng Foto hat näischt mat Kreativitéit ze dinn oder eng Idee emsetzen, dat weess de jo warscheinlech selwer. An dann, well mer déi net unhuelen, sollen d'Usprech ze héich sinn? Dann musse mer jo alles unhuelen wat .jpg als Endung huet...

Vun engem Extrem an daat aanert. smile Neischt fier ongudd. Awer ech sin der Meenung, d'ass meng lescht Foto geigen puer aanerer keng schlecht Chancen huet. Bei iesch gin et vill Fotoen, dei eischter "schéin mat un ze gucken sin", wei d'ass se emmer kreativ sin.
Zitat:
Original von Johny
Vill Leit sinn bei eis komm an waren net averstan dass se Fotoen refuséiert kritt hunn, ma vill Leit sinn puer Méint durno awer och komm an hu gesot "hey, dir hat jo absolut Recht, ech maachen elo vill besser Fotoen".

Soll ech mir dorun lo eent gudd Beispill huelen? Wann dem esou wier, geif ech iesch un deser Stell net kritiseiren. Augenzwinkern

Greiss.
15.04.2009 00:33 systray ist offline E-Mail an systray senden Beiträge von systray suchen Nehmen Sie systray in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zum éischten Deel: Wisou hunn ech wuel geschriwwen et wir e Beispill? Du wolls wëssen wat Bildopbau ass! Ech hu mech guer net op deng Foto bezunn, ech duet dat wir awer wéinstens kloer...

Wann ech meng eegen Galerien kucken, dann gesinn ech an KENGER Foto eppes wou ech duet "oh hey motiv, *knips* - roplued". An ech wetten dem gloda geet et och esou. Ech hat vlaicht net genee op der Plaz geplangt dat Motiv ze fotograféiren, mee fotograféiert hunn ech mat Hannergedanken an Ëmsetzungsidee. An fir ze wëssen wéi ech, dat wat ech wollt maachen, emgesat hunn, lueden ech se erop. Dat ass de Sënn vu PG.

Selwer ass ee vun senge Fotoen um Ufank bal ëmmer iwwerzeegt. Bis een abeemol gesäit dass hannert eng Foto immens vill Aarbecht stécht, a Form vun Denken an Probéieren. A wann een dat bis réaliséiert huet, kënns de an dee Stadium wou s de keng Foto méi wirklech gutt fënns, an do ass een dann richteg, well do wëll een ëmmer besser ginn an eppes erreechen. Wann een direkt vun Ufank u mengt seng Fotoen wiren dach ganz gutt asw, dat bréngt kengem eppes. Et ass eben nach ni e Meeschter vum Himmel gefall smile

Den LP huet der jo gewisen, dass dat wouer ass wat ech geschriwwen hunn. Un dir lo ze gleewen ob eppes drunn ass oder net.

__________________
404 - Not found
15.04.2009 00:46 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Amen !
15.04.2009 00:50 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
systray
Jungspund


Dabei seit: 18.12.2008
Beiträge: 11

Themenstarter Thema begonnen von systray
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Zum éischten Deel: Wisou hunn ech wuel geschriwwen et wir e Beispill? Du wolls wëssen wat Bildopbau ass! Ech hu mech guer net op deng Foto bezunn, ech duet dat wir awer wéinstens kloer...

Dann lies, wat ech schreiwen. Ech hun nemmen nachengkeier gesoot, d'ass ech bei denger Definitioun vun "Bildopbau" nach emmer keng schweier Fehler erkennen kann.
Zitat:
Original von Johny
Wann ech meng eegen Galerien kucken, dann gesinn ech an KENGER Foto eppes wou ech duet "oh hey motiv, *knips* - roplued". An ech wetten dem gloda geet et och esou. Ech hat vlaicht net genee op der Plaz geplangt dat Motiv ze fotograféiren, mee fotograféiert hunn ech mat Hannergedanken an Ëmsetzungsidee. An fir ze wëssen wéi ech, dat wat ech wollt maachen, emgesat hunn, lueden ech se erop. Dat ass de Sënn vu PG.

Wann ech heidrop angoen, misst ech dir schon Links schecken, mee daat loossen mir lo emol. Guck einfach an der Kategorie "Hausdéiren".
Zitat:
Original von Johny
Den LP huet der jo gewisen, dass dat wouer ass wat ech geschriwwen hunn. Un dir lo ze gleewen ob eppes drunn ass oder net.

Nemmen, wann zwee daat selwescht schreiwen (wouvun an desem Fall vllt. een daat Foto mol net gesin huet), heescht daat eben nach laang net, d'ass et esou richteg ass.

Greiss.
15.04.2009 00:53 systray ist offline E-Mail an systray senden Beiträge von systray suchen Nehmen Sie systray in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bon den Zuch fir mat der Foto gehollef ze kréien as elo fort, sorry.

__________________
www.gloda.net
15.04.2009 00:55 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hu gelies wat s de schreiws an du hues mol net verstan dass ech mech net op deng Foto bezunn hunn. Wee liest also net gutt? smile Ech hun d'Foto och elo net méi genee am Kapp also kann ech der sou prezis och lo keng Erklärunge méi ginn. Mäin Text war eben nëmmen en Bsp.

Merci, dass de zwee User (een dovun ech an soumat net just User), als Ligner dohin stells smile An et geet jo hei net em deng Foto mee ëm de Prinzip vum Refuséieren.

Du bass iwwregens gefrot ginn fir d'Foto ze weisen, häss se schonn kënnen 10 mol erop lueden an Tëschenzäit.

__________________
404 - Not found
15.04.2009 00:57 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
systray
Jungspund


Dabei seit: 18.12.2008
Beiträge: 11

Themenstarter Thema begonnen von systray
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Ech hu gelies wat s de schreiws an du hues mol net verstan dass ech mech net op deng Foto bezunn hunn. Wee liest also net gutt? smile Ech hun d'Foto och elo net méi genee am Kapp also kann ech der sou prezis och lo keng Erklärunge méi ginn. Mäin Text war eben nëmmen en Bsp.

An nachengkeier: Genau daat hun ech verstaan. An ech hun geschriwwen, wei ech daat bei mengem Bild gesin, punkt. Hun jo net geschriwwen "du kannst net liesen" verwirrt
Zitat:
Original von Johny
Merci, dass de zwee User (een dovun ech an soumat net just User), als Ligner dohin stells smile An et geet jo hei net em deng Foto mee ëm de Prinzip vum Refuséieren.

Hä? Wann een engem widersprecht ennerstellt een dem aaneren gleich een Ligner ze sin? Eieieiei..
Zitat:
Original von Johny
Du bass iwwregens gefrot ginn fir d'Foto ze weisen, häss se schonn kënnen 10 mol erop lueden an Tëschenzäit.

Voila: http://www.mclux.lu/happy.jpg

Greiss.
15.04.2009 01:05 systray ist offline E-Mail an systray senden Beiträge von systray suchen Nehmen Sie systray in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hm, witzeg, dann war mäi Beispill mam Bildopbau jo trotzdem passend smile Kuck, du hues däin Hond gesinn, an de Sucher gesat, an geknipst. Dobäi hues de d'Haaptelement matzen an d'Mëtt vum Bild gesat. Genee dat weist dass et feelt un Iwwerléung fir Bildopbau. An genee dat wëlle mer de Leit bäibréngen dass se sech awer musse Gedanken driwwer maachen.

Den LP huet beschriwwen wéi et him selwer gaang ass, an du sees dat muss net wouer sinn. Dat ass net engem widderspriechen oder eng aner Meenung hunn, nee, dat ass soen dass den aneren litt smile

//EDIT: Fazit ass, d' Usprech sinn net ze héich, probéier deng Motiver ze wielen mat Idee an Ëmsetzung, probéier dech ze verbesseren, bei ganz villen anere Leit huet et ganz vill bruecht. Nuecht.

__________________
404 - Not found
15.04.2009 01:10 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
n0kle
Foren As


Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83

Pfeil Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

et get dach beim Bildobbau dei dengens mat 1/3 (sou kruut ech daat enkeier erklärt)

hei en Beispill:



sou, do huet een elo 4 punkten wu sech dei horizontal mat denen vertikalen linnen schneiden, an do soll een jeweils sein motiv setzen... mei oder weineger...

hoffen daat as zumdeel richteg sou unglücklich
15.04.2009 14:13 n0kle ist offline E-Mail an n0kle senden Beiträge von n0kle suchen Nehmen Sie n0kle in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat soll engem eng Richtlinn ginn fir säi Motiv ongeféier ze plazéieren. Hei liesen: http://www.photogen.lu/?page=view_tut&id=33

smile

__________________
404 - Not found
15.04.2009 14:24 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

jo also systray, ech muss soen, wann ech deng aaner fotoen kucken, sin dei fill besser wei dei fum happy !

also huel et net sou eescht an probeier se einfach nach en keier (besser) ze machen !
15.04.2009 15:38
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
BP: @Ed: andeems du hai een verglach zu denger Foto zeis, setzde dech amfong op den fotografechen Niveau fun DESER Foto/User roof!ech mengen NET dass dest unbruecht as, du hues secherlech puer Joer mei um Bockel (apsolutst positiv gemengt!), folschlech FILL mei Erfahrung (Weissabgleich misst der een Begreff sin? Teufel )

daat ganzt ronderem dAktiveiren fannen ech soulues faul, ech fir main Deel gesin daat eischter als eng Motivatioun wei als een Nodeel, wann een dZIEL waat desen Site soll hun am Aan behällt, an am Senn fum FORTSCHRETT (ech widderhuelen mech) schafft dann geet daat kuasi wei fum selwen an et muss een sech nik wierklech mei Gedanken driwer man....

(sou, domat hett ech dann och meng Meenung zur Saach gesoot )
Zitat:
<a href="http://www.photogen.lu/index.php?page=member&id=543" class="comment">JADE[/url] virun 2m 42s
ech haat elo eng Äntwert bei Joy's PartyII geschriwwen an dun "Error" well se waerenddeems geläscht gin ass

also kuerz:
ech wollt just froen op d'Kriterien fir eng Foto ze aktivéieren méi "open" gin sin, fir eben graad bei "manner gutt" Fotoen Rootschléi ze kréien waat een dann besser/aanescht kéint machen
well dann géingen och verschidden User besser verstoen wisou verschidden Fotoen an leschter Zait aktivéiert gin sin

an daat géing fir mech och eppes aenneren, well dann géif ech villaicht erem probéieren Fotoen ze machen an se eroplueden (mee, ech mengen den Courage fehlt mir awer nach bessi )

bon, ech haett dest och kéinten am Forum diskutéieren, stemmt

sorry Chrissie, deng Foto ass elo wierklech Mettel zum Zweck gin ... [/url]<a onclick="return displaycommdiv(211172,41082, 'foto');" class="answer_btn" href="http://www.photogen.lu/index.php?page=photo&id=41082#">


Zitat:
<a class="comment" href="http://www.photogen.lu/index.php?page=member&id=2121">xaph32[/url] virun 1m 48s

ehhhh: dat war ëch, an den ed huet awer recht
hien ass ënner aller sau behandelt gin... an wéi et schingt nët aleng matt senger menong
an bp, so mer mol wivill juxfotoen hues du dann well ropgelueden ouni fortschrëtt? ech ka mëch do un déi eng oder aaner erënneren
déi sin och aktivéiert gin oder sin mer bei der animal farm ukomm wou et heescht: some animals are more equal than others

dat hei ass just d'konsequenz vun der inkonsequenz, oder doppelgesiichtëgkeet, nenn et wéi's de wëlls, me wann déi responsabel sëch nët äusseren, dann geet dat gemeckers wuel nach weider...
<a class="comment" href="http://www.photogen.lu/index.php?page=member&id=2121">[/url]
<a class="comment" href="http://www.photogen.lu/index.php?page=member&id=2121">[/url]

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
01.12.2009 20:03 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
JADE
Kaiser


Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Tip top BP, dass du d'Diskussioun hei weider laafen léiss:

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von JADE am 01.12.2009 20:13.

01.12.2009 20:09 JADE ist offline E-Mail an JADE senden Beiträge von JADE suchen Nehmen Sie JADE in Ihre Freundesliste auf
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wumat ma dann LO mol plusminus op där richtecher Plaatz wieren fir sou Exkurser an dDeiften fum System.... ;p

@Jade: du hues nik ganz onrecht mat denger Vue...ech geiff mengen dErklärung dass dei betraffen Foto online koum FIR DATT se kommenteiert get an den User gewuer get waat een kiint besser maachen as zimlech noh drun! fröhlich

weigesoot, ech gesin DEN GROND fir waat mir all hai sin als FORTSCHRETTERMAACHEN an baileiren!smile wannsde just deng Fotoen wels weisen kannsde da rukizuck een eegenen Site bastelen oder se op enger Plattform roplueden wou et einfach manner em Kritik geet... Augenzwinkern
an dem Senn: zöger nik eis eppes ze weisen, mengen dKritiken sin duerchaus sennvoll an OFT konstruktiv genuch fir kenen drop opzebauen! smile (dei meescht hai hun GANZ kleng ugefaang...mengn ech sin do nik den eenzichen!)


@Xaph:
Zitat:
hien ass ënner aller sau behandelt gin...
daat, mengen ech, as SOU hai nach keen! smile et kiinten sech hechstens puer Lait fun denen wou den Site hai opgebaut hun an iwer Joren um Liewen gehaalen hun driwer bekloen dass na laang net jidfreen den neidechen Respekt vis-a-vis fun deser Arbecht weisst!mir sin alleguerten aus SPASS un der Foto hai, an wann Ziel soll sin Politik ze maachen an Oppositiounen ze grennen asw mengnch trepplen ma liicht laanscht desen Kader....Augenzwinkern

ech soen net dass alles honnert Prozent konsekuent as, Gallerien zeeschnen sech doduerch aus dass se aus enger individueller Hand staamen...ausserdem as jidfer Bewärtung mei oder manner subjektiv sou dass ech mengn dass et ganz liicht einfach dei eegen Meenung driwer ausztauschen...


meng Diagnose as eischter dass wann een bis den Zweck fun deser Plattform aus den Aan verluer huet, et dann och igal as waat fireng Verschwörungen een iwerall gesait...mengn dann as dFoto souwisus nik mei daat waat zielt.... ^^

doropshin: Fraimaurer, gidd iech ze erkennen!et heescht LO oder NIE!! großes Grinsen großes Grinsen

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
01.12.2009 20:15 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
JADE
Kaiser


Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ BP:
mir sin ons jo awer kloer,dass virun enger méi oder manner langer Zait vill Fotoen emol guer net aktivéiert gin sin ... wéi haett een dann eppes zu SENGER Foto konnten bailéieren?
dofir hun ech och keng méi eropgelueden, well ech woust dass se net gutt genuch waren fir aktivéiert ze gin, an ech awer wessen wollt waat ech besser kéint machen ...
wéi haett ech déi Méiglechkeet dann kritt, wann ech se net aktivéiert kritt haett?
den Nooper froen? oder wéi? ...
bon, Ok main bess- méi-waiten-Nooper kennt zwar "e bessi eppes" vun der Saach Augenzwinkern , mee deen wollt ech och net stéieren, vu que dass jo een Site dofir gett

ech preziséieren, ech kruut ganz wéineger refuséiert, mee ech hun och baal keng (méi) eropgelueden

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von JADE am 01.12.2009 20:25.

01.12.2009 20:23 JADE ist offline E-Mail an JADE senden Beiträge von JADE suchen Nehmen Sie JADE in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech respektéiren duerchaus déi arbëcht déi dohannert stëcht ;-)
me wat dann lo: entweder oder??? matt aléatoiren kriterien an alleingäng gët dat naischt, dann mussen d'admins sëch regelen gin un déi se sëch haalen...

wann déi eng dierfen mëscht roplueden, dann déi aaner och, do gët et just schwarz/waiss, ass dach einfach oder?

an ech denken och dass déi déi dann bewerten musse neutral bleiwen, an dat wor hei nët geschitt, liest den leschten saatz:

Zitat:
MarcGerard:


ech ka mech awer drun erenneren dass mer schon esou aussoe bei leit wéi beim shanti sénge galerien, beim spako sénge fisheyes, oder bei ménge lilou-fotoen haten. ech hu bis elo fonnt dass déi ausso kengem geschued huet, an dass mer eis alleguer getraut hun weider ze beweegen. a soe mer mol sou: wann mech 't ausso gestéiert hätt, dann hatt ech se fläit ignoréiert. an deem hei fall as dat elo eppes anecht, well de suraki eben eng foto net konnt weisen, an ech a ménger charge als "aktivéierer" him dat esou eriwwerbruet hun.
(natiirlech ouni domat ze rechnen dass dat elo esou eng scharfkanteg diskussioun gett. mee virwat amfong net? ech well...)
ech kann och elo net richteg stellung huele bei deenen aussoe mat der perséinlecher meenung, an der ausnotzung vun admin-rechter. ech weess net, ob ech et fäerdech bréngen all foto als eenzelt objektiv ze bewäerten.
beispill: wann een neie user sech umelld an eng foto vu sénger katz eroplued get se prinzipiell aktivéiert -ausser se as tatsächlech lamentabel beliicht a.s.w.- wann allerdéngs de maimonides dat mecht refuséieren ech se ganz bestemmt, well ech genee weess dass him séng fotoen emmer iergendee verstoppte grafesche message hun, an dass déi langweilech katzefoto net séngem niveau entsprecht.

et as ganz kloer: ech hun aus perséinleche grënn gehandelt, an ech hätt et gäer méi fréi gemach, mee ech hu mech elo réicht iwwerwonnen.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 01.12.2009 20:34.

01.12.2009 20:23
Seiten (8): [1] 2 3 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Ansprech evtl. ze héisch?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH