Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Plagiat » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Plagiat  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
xaph32
unregistriert
Achtung Plagiat Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bon ech krut de virworf vum plagiat gemeet, entre temps hun ëch déi serie geläscht, an mëch bei demjenegen gemellt wou de virworf hirkoum, an notamment eng foto war wierklëch praktësch identësch.

ech hun awer do nach déi eng oder aaner remarque zu dem sujet:
1) wann dat geschitt ass, ass et nët bewosst geschitt, an et nervt mëch zimlëch..
2) ech sin mer sëcher (ouni dass ech d'portefeuillen vun denen aaneren speziell gutt kennen, well sin réicht sait +- 2-3 méint op PG), dass all eenzel foto déi ech op terres rouges oder bei der Philharmonie gemeet hun doudsëcher schons existéiert, an ech denken den problem hun och nach aanerer...
3) ech weess nët wat d'solutioun ass op den problem, ech bewegen mëch haaptsächlëch hei zu Lëtzebuerg, a wärt wuel nach méi wéi eng kéier matt dem problem konfrontéiert sin, dir wësst all wéi ët ass, et gesait een eppes an et fänkt een un matt knipsen...ech géif jo lo nie am liewen hingoen an eng foto nët maan well se vlait schons gemeet gin ass

ech wëll just ganz kloer stellen dass ech mëch nët wëll op aaneren hieren lorbeeren ausrouen, an wann den virworf kënnt an et kloer ass, läschen ëch se ouni diskussioun.

Ceci dit
Schéin ouschteren

xaph32
12.04.2009 10:08
Gaga
unregistriert
RE: Plagiat Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

waat der deiwel !
also et nerft mech dat hei sou fill leit sech opfeieren wei wann se den nächsten Picasso fun der fotographie wieren !
wann se sech als sou "schützenswert" Kenschtler gesin, dann macht eng Austellung an verkaaft är Biller fier 500€ un t'Leit, mais dann sollen se net hei hier Fotoen an t'internet setzen !!!! Ech well elo em gotteswellen net erem dei äntwerten fum Copyright heieren !
et as wei et as, fotoen dei um netz sin sin fier all Mensch zougänglech !
dei sollen sech mol alleguerten t'Fro stellen fier waat deen site hei gut as, ...
et soll een jo hei vermettelen, deelen, inspireieren .... een den dommader en problem huet as einfach op der falscher plaatz ...

ech fannen et graat interessant bei engem meeting wei mer et haaten, 3 Leit den selwechten sujet fun der selweschter plaatz aus knippsen, dann duerno hei um site den verglach ze machen ween seng foto wei verschaft huet, an wei deen sujet am beschten an t'bild gesaat gin as ... wann ech daat net well gin ech och net mat 9 leit op fototuer !!!!
also ech kann nemmen den kapp reselen, schon alleng dei arroganz engem esou een fierworf ze machen ! mier as et egal ween dei persoun elo as, mais ech hoffen dat en daat hei liest !
entweder en extremen fall fun narzismus, oder einfach en spillschoulsniveau as daat !

MBG
12.04.2009 10:21
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Gaga: beroueg dëch, déi eng foto war wierklëch praktësch identesch an allen beraicher (cadrage, objektiv, verarbëchtung asw.), also schons justifiéiert, ech wëll nëmmen drop opmierksam maan, dass et ganz schnell kann geschéien ouni dass eng schlecht intentioun hannen drun stëcht. Ech mengen nët dass et de but ass een aanren ze kopéieren, ech perséinlëch sin am moment ëmmer nach op der sich no engem eegenen stil an léieren nach ëmmer matt mengem materiel richteg ëmzegoen, an dann kann sou eppes geschéien

Ech hun déi foto eng kéier gesin, an sin dun sur place eben automatësch an den wënkel ofgedriftt, dat war onbewosst me och topesch...

déi aaner waren definitiv zoufallsprodukter
12.04.2009 10:36
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Schreif mer w.e.g. eng E-Mail oder PN ween dat war, an schéck mer och d'Foto w.e.g.

Soulaang an der Foto net iergendeppes wirklech immens spezielles gestach huet (an domat muss méi iwwerenee stëmmen wéi Kadrage, Material an Bildopbau), ass dat net berechtegt. Esou eppes kann ëmmer virkommen. Ech war selwer virun 3 Joer op der fouer ënnerwee mat engem Kolleeg, mer hun op enger Plaz genee déi selwecht Foto gemaach, meng ass Topfoto ginn gewiecht dun hei um Site. Mee wat spillt dat fir eng Roll, dat ka virkommen... (An hien ass souwisou besser wéi ech Augenzwinkern )

Wann eng speziell Idee an der Foto dran stécht, an déi mécht een no, mat en plus deene selwechten techneschen Charakteristiken (also perspektiv, bildopbau), dann ass et vläicht berechtegt, mee dofir muss d'Idee méi si wéi e Motiv fotograféieren.

__________________
404 - Not found
12.04.2009 13:08 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

merci johny, me bei der enger foto huet en recht, ech wëll just kloer stellen dass et nët main but ass ze kopéieren, an och denen sougenannten aalen huesen kloer maan dass et zimlëch séier kann geschéien, ouni grouss absiicht

meng nuetsphotoen vun der philharmonie loossen ech sou stoen (déi kann jo dann jiddereen kucken goen an sëch selwer eng iddi maan), well do sin an mengen aan 2 verschidden iddeen dohannert wou déi eng naischt matt der aanerer ze din huet

a nach ganz wichteg: dat hei ass vun menger sait keng straitdiskussioun, ech hun mëch an meng philosophie mattgedeelt iwwert den kanal vum forum eben fir dat eben kloer ze stellen

xaph32
12.04.2009 15:33
n0brein n0brein ist männlich
Foren As


images/avatars/avatar-17.gif

Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech war jo nach emmer der meenung datt d'leit mei laache mussen
12.04.2009 21:36 n0brein ist offline E-Mail an n0brein senden Beiträge von n0brein suchen Nehmen Sie n0brein in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von n0brein anzeigen
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von n0brein
ech war jo nach emmer der meenung datt d'leit mei laache mussen



du sees et !
12.04.2009 22:09
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Xaph:
ech hun mer dFotoen och ugekukt gehaat (ech schwetzn fun 3 Steck) an hun och direkt font dass se EXTREM no beineen giffen laien...
ech gin zou dass dPlaatzen net sou extravangant waren (Phila AS fillgeknipst, dGebai niewendrun bessi manner...an dBaggerscheppen op den Terrerouge gouf et o schons als solch)
allerdings din ech mech schweier un den Zoufall ze gleewen...ech man lo schons eng Zaitschen hai mat an hun selwer schons IMMENS fill Fotoen fun Plaatzen gesin dei ech genau kennen an dach war all eenzel anecht...an net nemmen bessi...

sech ze inspireiren as super, jidfreen mech daat, mee et soll een oppassen dass gencuh kreativiteit an der FOTO (ech schwetzn net fun der Bea) stecht fir dass se ANESCHT ausgesait...een anren Wenkel as GANZ SEIER gewielt an et kann een mat sou fillem spillen dass dResultat kuasi EMMER anescht get...
wann et dann awa dnemlcht get...an daat direkt puermol...as MINDESTENS inspiratioun am spill...an mindestens bessi kreativiteit vernolässecht gin...Augenzwinkern

et war secher fun kenger Sait als perseinlechen Ugreff geduercht an dofir mengen ech as alles halef sou well, mee et sin dach Saachen dei seng engem Fotograf einfach een Dua am Aan...Augenzwinkern
(och den picasso hett nik gär wann een mat denen nemlechten faarwen op den nemlechten pabeier daat nemlecht Bild molt an dann seet "joh mee ech haat joh nemmen daat blaat...an dei Faarwen!"....) :p


fir mech perseinlech as et emmer nees eng Erausfuerderung AAL MOTIVER sou ze weisen wei bis lo na keen se gesin huet!daat as oft schweier mee et reizt mech einfach mech dermat auserneen ze setzn an ech sen duerno oft frou wann ech dLait dermat kont begeeschteren...Augenzwinkern daat as mat eent fun den Happtzieler fun Fotoen dei ech weisen...


@Gaga: rouech Bludd......(ech wees net opsde wees fun weiengen Fotoen dRiet as asw...;o) )


peac&love
Roger&over

fG
BP

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
14.04.2009 20:15 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von BlackPanther
@Xaph:
...............................



@Gaga: rouech Bludd......(ech wees net opsde wees fun weiengen Fotoen dRiet as asw...;o) )


BP


jo, emmer, ech stemmen der och zou, mais 1. ech hun schon eng keier zu engem aaneren thema gesoot, wann een kopeiert get as daat eichtens mol en kompliment ..
2. wann een net well kopeiert gin, leit et och un engem selwer ze kucken dat seng sachen och net frei fier all mensch zougänglech sin ... ech hun schon ganz bewosst sachen porbeiert nozemachen, fier epes ze leieren, fier eben en verglach ze hun, an wann een mer daat fierwerft ... tsss ... reselen ech den kapp !
ech kann novollzeien waat t'leit bei esou sachen denken, sin awer eben der mehnung dat t'leit och selwer schold drun sin waat geschitt ... sech eben op e gesetz ze baseieren waat keen meter duerchsetzbar as, as mei wei naiv ! färdeg .. do get et keng diskusioun !
dat mer hei "intern" eben probeieren mam gudden beispill fier ze goen, as ok, mais ze gleewen dat net fun den top-fotoen hei schon dausenden kopien duerch t'welt laafen, as ... naiv ! et fällt mer keen aanert wuert dozou an !
3. fannen ech eben dei astellung hei engem doweinst en fierworf ze machen oder och nemmen eng remarque, as déplaceiert ! entweder ech gesin alles falsch, oder et muss mer dann emol een den senn fun desem site/desem club / deser community erklären ! as et nemmen "kuckt waat ech kann " oder sollt et een "matdeelen, inspireieren, an zesummen sech weiderentweckelen" sin ?
kann jo sin dat een mech do korrigeieren kann ... ech verstin et net
14.04.2009 20:52
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Gaga
den senn fun desem site/desem club / deser community erklären ! as et nemmen "kuckt waat ech kann " oder sollt et een "matdeelen, inspireieren, an zesummen sech weiderentweckelen" sin ?


Gesin et och sou...

Fannen och dass et interessant wier dei Fotoen hei ze weisen dass mei wei eeben eps dozou soen kann...

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
14.04.2009 20:56 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@BlackPanther: dain kommentar war u sëch nët viséiert, ech hun op basis vun engem aaneren reagéiert

me vu datt's de dëch schons mëlls:
d'baggerschëppen ok, dat war ouni geescht an och ouni ze iwwerleen vun menger sait, ech hun déi all geläscht ouni ze meckeren och vun mengem flickr, déi saach ass kloer gestallt, an jo dat ganzt ass mer onbewosst geschitt (du wärs et kaum kënnen gleewen, me och egal) obwuel ech am endeffekt zuguer d'foto kannt hun...

de commentaire vun der phila an vum hotel niewendrun, ëmfannen ëch als wierklëch onfair, wënkel hin oder hier, dat sin ganz aaner fotoen, an entre temps hun ech e bëssen recherchéiert an ech sin nët den eenzegen den den wënkel geholl huet

ech fannen dass een matt sengen kommentaren virsichtëg soll sin an do bass du mir heiansdo zevill schnell an nët nëmmen bei mengen fotoen.

ceci dit, dat ganzt ass e bëssen eng leideg diskussioun, well et féiert just dozou dass een veronsëchert ass, ech maan sait 1 1/2 joer fotoen, ech üben matt mengem material, an hei ass keen dobai den nët gezielt eppes ausprobéiert hätt op basis vun engem buch oder soss material, an wann een dann déi hürd iwwerwonnen huet, gët een vu mir aus zum spezialist den sëch dat nët méi dierf/kann erlaben.

nach eppes, hei gin et leit um site déi réicht kuerz dobai sin, et kann een definitiv nët erwarden dass een all foto vun jidderengem kennt

ech hun mëch bis well nie als spezialist gesin an hun mer bis well eigentlëch nie gedanken iwwer dat ganzt gemeet, dat hun ech lo nogeholl an meng conclusiounen draus gezun

ech denken béid saiten sollen sëch iwwerleen wat se maan an soen!
14.04.2009 22:53
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech maachen lo meng remarque vun gëschter owend nach komplett
1) ech nennen keng nimm an der geschicht hei, dat ass nët de but, den BP huet mer zwar och kommentaren hannerlooss wéi en selwer geschriwwen huet, me dat war nët d'ursaach fir hei ze posten
2) ech wollt eng diskussioun iwwer wat geet a wat nët geet
3) ech posten keng photoen vun aaneren hei am forum, (allerhëchstens meng eegen)
4) ech erënneren drun dass ech dat hei selwer ugeleiert hun, an mëch schons selwer jugéiert hun, dat heescht un der scholdfro sin ëch nët wierklëch méi interesséiert

Ech wier frou wann mer lo zrëck op d'diskussioun kinnten kommen, ouni (am beschten) mam fanger een op den aanerer ze weisen (wen dat wëll maan den kann jo e neit thema opmaan an déi diskussioun do féieren)

allez schéinen daag

et sin déi hei déi viséiert sin:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=34537
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=34536
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=34525

Dieser Beitrag wurde 5 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 15.04.2009 08:42.

15.04.2009 08:18
Baba Baba ist männlich
Eroberer


images/avatars/avatar-193.gif

Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Alleguer

Ech als Bluddegen Ufänger muss elo och emol elie diskutéieren Augenzwinkern

Ech fannen et och wichteg dat een einfach emol eng Foto déi engem gefällt "kopéiert" !
Ob een se dan och post oder net as jo dann engem selwer iwerlooss. Dobäi get en Bild waat elei eropgelueden gëtt jo och nach duerch eng "Kontroll"!
Wann een sech dann décidéiert d'Bild eropzelueden an se geet och duerch d'Kontroll, dann fannen ech et kann een och roueg derbäi schréiwen vun wat fier enger Foto een sech inspiréieren gelooss huet and och fierwaat een sech dozou inspiréieren léisst.

Et as schwiereg als Ufänger seng eegen Richtung ze fannen. Mee och fortgeschraten Fotografen oder Fotodesigner hun daat Recht Biller nozefotograféieren an eventuell hieren egenen Stiel materanzebrengen, sou laang een awer och dat uewenbeschriwwent respektéiert. Natiierlech muss een souwisou mt den Lizenze-Rechter vun verschiden Biller oppassen. Mee ech glewen net dat elei op PG een seng Foto'en mat Lizenz geschützt huet, ausser natiirlech Asunahmen ginn et emmer. (kann mech elei awer och elo gewalteg Ieren)!!

Objiddferfall gleewen ech net dat elei bei PG een user seng Foto'en eroplued ouni dat och en Aaneren dat dierf noprobéieren (och hei ginn et bestëmmt Ausnahmen).

Sou ech mengen dat geet elo mol duer vun mier.

Oh jo nach eng kleng Saach. Ech stëmmen dem Gaga och zou wann hien seet:
Zitat:
.. wann een kopeiert get as daat eichtens mol en kompliment ..


__________________
großes Grinsen Zunge raus cool traurig verwirrt
15.04.2009 10:19 Baba ist offline E-Mail an Baba senden Beiträge von Baba suchen Nehmen Sie Baba in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Majo, dann hei och nach meng Menung zu desem Thema.

Ech sin der Meenung dass een Artist eng Persoun ass déi schaaft (créer). Een richtegen Artist schaaft also eppes waat et virdrun nach net gin ass. Daat ass daat schéint un enger artistescher Kreation. Den Artist brengt e ganze Koup Sachen zesummen fir eppes neits ze erschaffen. Wann een well een richtegen Artist gin dann muss een sech menger Meenung no schon ganz fréi domat beschäftegen fir eppes aus dem neischt ze schaafen mat denen Mettlen déi een zur Verfügung huet. Dozou gehéiert bei der Fotografie eng Idee oder Philosophie, een Sujet, eng Bearbeschtung, een Typ vun Objectif, een Bleckwenkel, etc. etc. Et kann een déi Sachen endlos kombinéieren. Wann daat net de Fall wier, dann hätten mir irgendwann keng nei Musik méi, keng nei Fotoen an och keng aaner nei Konschtwierker méi.
Wann een awer elo een Konschtwierk, dozou gehéiert och eng Foto, kopéiert dann huet een jo just nach ganz wéineg dozou beigedroden dass eppes neits entstanen ass. Et gin awer Leit déi daat léiwer machen. Daat nennt een dann an der Musik eng "Coverband". Eng Coverband schaft neischt neits an si kopéiert just daat wat schon besteht, awer dann, mat dem Aferständnis vum Könschtler deen daat Wierk ursprünglech geschriwen huet.
Ech sin der Meenung dass d'Fotografie grad souvill Wert ass wéi all aaner Konscht. Bei der Fotografie ass et awer sou dass et jo verschidden Kategorien vun Fotoen gin. Grob besin gin et jo Schnappschess an et gin och Fotoen wou sech den Fotograf vieleicht een ganzen Daag Zeit geholl huet fir seng Visioun ze verwirklechen an fir dann déi Foto duerno och öffentlech auszestellen. An desem Fall fannen ech daat och ganz ubruecht dass sou een Wierk och durch Gesetzer geschützt sin. An desem Fall stin Stroffen vun 250 bis 250000 Euro.
Ech gin och net an firwaat dass een hei op Photogen keng sou eng Artisten sollt hun. Mir sin alleguerten sou Artisten well mir grad bei Photogen sin. Soss wieren mir guer net hei an giefen eis Vakanzenfotoen am klengen Familienkrees weisen. An ech fannen et äusserst Wichteg dass mir eis do eenz sin. Ech fannen net dass dess Debatte sollt an eng Richtung goen wou mir eis härno selwer schueden. Eis Konschtwierker sin Wert geschützt ze gin an dofir get een Droit d'Auteur an grad mir als Könschtler mussen eis drun halen.

Ech mengen den Xaph huet jo hei gesoot waat him passéiert ass. Ech denken daat sollt jo geduecht sin fir dass mir alleguerten eppes kennen doraus léieren an virun allem dass och mir mussen opassen op déi Gesetzer déi eis schützen. Wéini elo eppes een Plagiat ass oder net wees souwiesou déi Persoun am beschten déi d'Foto gemeet huet. Huet si d'Foto kannt an huet si d'Material, d'Bearbeschtung, d'Idee, den Sujet, den Cadrage, etc. etc. sou erausgesicht well si d'Foto schon kannt huet an d'Bild am Kapp hat....

Awer.... w.e.g. mir hun Gesetzer déi eis Aarbescht schützen an et ass net gudd dass grad mir déi an Fro stellen!
15.04.2009 11:14
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

merci Shantideva, dat fannen ech lo cool dass mer och eng meenung kréien vun engem den ëch perséinlëch als "professionnel" oder nach besser als "artiste" schätzen.

dain verglach matt der musek ass gutt gewielt, well een e cover eigentlëch ëmmer muss declaréiren als cover (hun 15 joer musëk gemeet, dat ass do definitiv e wichtegt thema)

ech muss dem shantideva a villen punkten recht gin: sait enger zaitchen hun ëch och ugefaangen meng fotoen ze plangen (zumindenst en deel dovunner), et geet een eng 1. kéier op eng plaatz, et gesait een eppes, an et probéiert een. et geet een heem an kuckt um computer: eng analyse vun den fehler, dann geet een zrëck eng 2. kéier, eng 3. kéier bis een et huet, lo hu mer nach nët ugefaangen matt der verarbëchtung etc...do kommen locker vill stonnen fir eng foto zesummen oder schlëmmstenfalls kënnt guer keng foto dobai raus.

vlait ass dat de wichtegsten message un jiddereen, déi arbëchten ze respektéiren...

et schéint mer och sou ze sin dass verschidden sujeten an der photographie méi exposéiert sin, notamment den URBEX, Architektur, me ech loossen mëch do gären korrigéieren.

iwregens no dëser diskussioun, géif ech haut meng phila-fotoen wahrscheinlëch nët méi roplueden, oder zumindenst ferm driwwer nodenken ob ech ët kinnt justifiéieren
15.04.2009 14:15
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

jo, richteg shanti an xaph, mais ech fannen et as en ennerscheet wann ech amateur zb eng Foto machen, an dann geht den shannti dohinner an mecht se besser ... en huet meng idde geklaut !

emgedreintn, gin ech an kopeieren dem shanti seng foto, hun ech mech inspireiert un engem deen fill besser as wei ech, fier ze LEIEREN !

daat as e groussen ennerscheet !

an ech fannen sou wei dier daat hei hinstellt, geht den ganzen aspekt fum leieren an inspireieren, resp. weisen an démonstreieren hei um site verluer !

kann een dermat liewen wann een seet, falls ech eng foto well nomachen, schreiwen ech am descriptif den lien op t'original, mat der erklärung dat ech probeiert hun daat nozemachen !

wier daat en problem fier een hei ?

zum shanti sengem beispill mat der musek :
ganz gut gewiellt, well en museker stellt jo och net seng lidder als mp3 an t'netz an reecht sech dann op dat leit et erooflueden an zb. nospillen resp. coveren ! fier t'musek dei copyright huet ze kreien muss een eng lizens bezuellen, dei an form fum cd matdrann as !
natiirlech kann een dann nach emmer net dohinenr goen an se selwer publizeieren an vermuarkten , mais daat mecht jo hei och keen !

Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 15.04.2009 15:51.

15.04.2009 15:49
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Gaga
jo, richteg shanti an xaph, mais ech fannen et as en ennerscheet wann ech amateur zb eng Foto machen, an dann geht den shannti dohinner an mecht se besser ... en huet meng idde geklaut !

emgedreintn, gin ech an kopeieren dem shanti seng foto, hun ech mech inspireiert un engem deen fill besser as wei ech, fier ze LEIEREN !

daat as e groussen ennerscheet !


A sou? Du dierfs Kopéieren an ech net... lol Zunge raus

Bei mir ass et sou dass ech nach nie engem verweigert hun eng Foto ze weisen déi een Sujet huet den ech och schon fotograféiert hun. Den Suraki hat mech souguer ugeschriwen wéinst dem Projekter den heen virun kurzem hei gepost huet. Ech hun domat iwerhaapt keen Problem. Virun allem well seng Foto jo grondverschidden ass vun menger.
Daat waat mech beim regelrechten "kopéieren" stéiert ass vill méi dass een dann jo net méi selwer eppes schaft (créer, schöpfen). An daat ass awer daat waat een gudden Fotograf ausmecht: Ideen ze hun fir een Sujet op seng eegen Art an Weis mat sengem eegenen Stil an Szene ze setzen. Hei sin vill Leit déi hiren Stil nach net font hun an ech fannen et dann och net gudd wann si engem aaneren seng Aarbescht kopéieren, well domat hun si hieren Stil jo awer och nach net font. Wann een wirklech eng Foto mecht mat der Absicht eng aaner Foto ze kopéieren, dann geseit een jo um Resultat ob et gelongen ass oder net. Dann brengt et jo och neischt wann een se dann hei eroplued well et jo neischt neits méi ass. An déi Kommentarer déi een dann kritt iwert den Cadrage, Veraarbeschtung, etc. etc. gellen jo dann eischter dem ursprünglechen Auteur vun der Foto ewéi der deem den se kopéiert huet. Waat brengt et wann ech dir soen dass déi Foto déis du vum XYZ kopéiert hues gudd cadréiert ass? Den Cadrage huet jo awer den XYZ erausgesicht.
Et kennt een egal wéi besser weider wann een probéiert eppes op seng ganz eegen Art an Weis duerzestellen. Den Stil vun enger aanerer Persoun ze kopéieren ass jo keen Thema. Et ass jo net well den een gären DRI mecht, dass deen Aaneren daat net dierf. Awer et brengt een net weider wann een eng Identkopie vun enger aanerer Foto mecht well een neischt aus den Kommentarer léieren kann.
Souwiesou ass daat jo just een Thema bei stateschen Objeten (dh. Nature Morte, Architektur, etc.), wéi den Xaph schon ugeschwaat hat. Wann een d'Natur fotograféiert huet een sech net mat desem Thema eremzeploen. Do ass een jo awer gezwongen seng eegen Ideen emzesetzen well d'Natur wart net bis den nächsten kennt fir déi selwescht Foto vun der Blum ze machen. Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 15.04.2009 16:20.

15.04.2009 16:14
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@gaga: ech denken nët dass ech e problem domatt hun wann een eppes nomëcht fir ze léieren an een dat kloer gesait, du kanns effektiv soen ech hun dat bei dem an dem gesin, ech hun sou saachen schons gesot...

ech denken den problem stellt sëch vill méi wann op eemol den ënnerscheed tëschend original an kopie quasi nët méi ze erkennen ass, an lo mol éierlëch wann's de dat bis hi kriss, kanns de dëch och nët méi wierklëch verstoppen mam argument, "ech léieren nach", well dann hues de well vill geléiert ;-)

vu mengem standpunkt hier solls de dëch nët viséiert fillen, du hues mer jo schons gesot dass de réicht sait kuerzem fotoen mëss, obwuel och well matt originellen an gudden saachen

xaph32
15.04.2009 16:16
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an jo, och do sin ech d'accord, beim urbex, architektur,... ass de cadrage den A und O, an mëcht schons de gros vun der foto aus, an doduerch ass et direkt vill méi problematësch wéi an aaneren beraicher, dat hun ech allerdëngs och réicht realiséiert wou ech mëch vill méi domatt auserneen gesat hun...
(wéi gesot ech denken lo schons eng rei deeg iwwer den sujet no, an et gët nët méi einfach)
15.04.2009 16:25
dr_kim_veis
Tripel-As


Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hmmm, daat hei as eng interessant diskussioun. vlaicht sollt ech och en klengen pefferkaer baidroen...e puer punkten:

1. Ech hun sympathie fier d'argument vum "inspireieren an leieren". An deem kontext fannen ech sollten dei leit dei als vierbild geholl gin sech geeiert fillen wann se eppes sou guddes geleescht hun dass aanerer sech dorunner inspireieren.

2. Ech hun och sympathie fier dei dei sech laang gedanken iwwert hier aarbescht gemaach hun, an vill dorunner geschafft hun dass se op iergend eng aart an weis wellen hier aarbescht schuetzen. Den haaptproblem dobai as dass wei den GaGa (mengen ech) gesoot huet den INternet en frait medium as an wann een een mool publizeiert dann as et zougaenglech fier jiddfereen. D'fro as wei een domadder emgeet.

3. Den Shantideva huet recht wann en seet dass et am eegenen viedeel as fier nei/fresch/innovativ ze sin. Och brengt et naischt fier Kritiken ze kreien dei sech eigentlech ob d'aarbecht vum "original" bezeien. Ech denken den ennerscheed zweschen deem engen an deem aaneren as den ennerscheed teschent konscht an konschthandwierk (wei ech et verstinn). All dei Coverbands op PG mussen sech iergendwann froen op et hinnen duer geet fier eng coverband ze sin oder op se mei wellen. Wann et hinnen duer geet fier eng coverband ze sin sollten se d'original respekteieren an op iergend eng aart a weis dorobber hinweisen (wei schon vun aaneren hei gesoot). Op der aanerer sait: dei leit dei fresch/innovativ etc. sin brauchen sech jo eigentlech net sou vill gedanken ze maan well sie waerten jo emmer rem mat gudden fotoen kennen kommen, d'coverbands mussen waarden bis dei kreativ mat eppes neiem kommen...

4. Den Problem besteet net nemmen hei. Och an der welt vun den professionellen Fotographen gett et emmer rem sou konflikter. Am enn as naischt nei mee wei den Shantideva seet, et as dei innovativ kombinatioun vun bekannten elementer dei d'leit iwwerrascht an den Wow effekt ausleist. Mee all coverband muss sech bewosst sin dass mat all cover den wow-effekt oofhellt. Daat brengt mech zu engem aaneren wichtegen Punkt:

5. Wou as d'grenz teschent Plagiat an Trend??? Ech sin net ganz secher waat dei historesch evolutioun vun digitaler fotografie zu letzebuerg ugeet mee ech behaapten einfach mool dass den shantideva (an aanerer sorry mee ech wees aer nimm net) zu deenen eischten geheiert huet deen urbex an HDR zu letzeburg verbonnen huet. Ech denken wann een sech d'selektioun vun fotoen op PG ukuckt dann huet hien mat sengen impressionanten aarbechten ganz kloer en trend gesaat. Och daat as eng maneier vun "no-maachen" wann och net sou offensichtlech...

6. Wann een vun deenen "wichtegen" Aarbechten schwetzt. Ech kann mer ganz gudd vierstellen dass een (wann och onbewosst) eent vun deenen Biller am Kapp huet wann een duerch terres rouges treppelt. Et muss een sech aktiv ustrengen fier net der versuuchung ze verfaalen dei "nemmlecht" foto ze maachen. Den Problem as einfach Letzebuerg as kleng, d'motiver beschraenkt an dees muss een sech emmer bewosst sin.


sou keng ahnung... ech wosst nach e puer aaner saachen mee ech hun se nees vergeess...
15.04.2009 18:07 dr_kim_veis ist offline E-Mail an dr_kim_veis senden Beiträge von dr_kim_veis suchen Nehmen Sie dr_kim_veis in Ihre Freundesliste auf
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Plagiat

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH