Buba
Eroberer
Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54
|
|
Bjour,
well mer an der nächst en neien Objekitv zouleen. Deen bellegen 18-55 vun Canon geet mer einfach op d'Stremp.
Hun do un en Makro geduet.
Haat mech um Internet schon relativ vill emgesin, mee naischt konkretes fond waat mer hellefen keint.
Also mei wei 500 well ech net ausgin.
Bei Tamron op de hp sin net vill makroen drop.
Canon huet der puer dei mech schon geifen interesseieren
An Sigma (dei hun ech am beschten fond) huet seng Makroen mat enger Liichtstärkt vun 2,8 an mat Brennwaiten vun 50, 70 an 100.
Haat en Test gelies, dass den 50 net gudd wier.
Kann een mer do weiderhellefen?
Merci
|
|
16.02.2007 17:06 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Ech hat den Sigma 105 mm an war eigentlech ganz zefridden dermadder.
den Canon as en besselchen mei seier (Ultraschallmotor /Focus ), mais hien as och mei deier.
fir meng Begreffer (déemols ) huet den Sigma mir gudd Dengschter geléescht, mais den 90 nn Tamron as, waat ëch vun Kollegen heieren hun, grad sou gudd.
Et gin awer och nach 150 , bzw. 180 mm Macroën, nëmmen fir ze soën.
Et kennt drop un, wei eng Cam. dat éen huet, bez. waat éen wëll fotografeieren.
Waat ëmmer gudd as, daat as, wann éen éent kënnt probeieren !!
|
|
16.02.2007 20:58 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Tamron hier Makroen sin bekannt fir eng immens staark optesch Qualiteit, mee dofir ass hiere Fokus matt den den am luesten ass. allerdings ass genee data emmer de Schwaachpunkt bei Makroen, ders muss de der bewosst sinn. Den AF ass oft grausam
Den vu Canon schneit do am beschten of mee wei schonn de Knolles soot, daat ass den deiersten.
Waat wells de dann iwwerhaapt matt dengem Makro fotografeiren? Insekten? Dann muss de op manst 90mm hun well soss bass de vill ze no drunn. 150 oder 180m sinn do scho bal e Muss.
__________________ 404 - Not found
|
|
17.02.2007 23:57 |
|
|
ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
Jo, also, ech senn och emmer op der Sich no engem Makro-Objektiv, zwar fier Nikon, mee do ass et am Fong egal wa mer lo vun Sigma oder Tamron, etc. schwätzen...
Et ass wei den Johny seet, wanns de lo Insekte knippse wells, muss de scho baal 90mm hun, soss muss een ze no run. Den Tamron ass och menger Meenung no am Preis-/Leeschtungsverhältnis wierklech gudd. Den Sigma 105mm ass och nach intressant, vum preis hier ass en flait 10 €uro mei deier wei den Tamron, mee do huss de awer rem mei brennweit,...
Tokina hudd och nach een 100mm, mee dat ass anscheiend dat schlechtesten am Trio Tamron 90mm, Sigma 105mm an Tokina 100mm.
Dann gett och gemunkelt, datt d'Sigma 70mm engt vun de beschten Makro-objektiver wirr, froe mech zwar, op dat sou ass. (Hängt och rem dervun oof, wat ee knippst)
150 an 180mm Makro ass natierlech dann super, mee dei senn och schein deier, op alle Fall wanns de net mei wei 500€uro ausgin wells. (Flait fenns de een op eBay, mee do senn se och schons deier)
Jo, mam Canon kennen ech mech net sou aus, mee schingt baal dat selwescht ze sin wei dat vun Nikon 105mm matt VR, Ultraschallautofokus, etc. mee dei senn deier! An d'Nikon 60mm kascht och schons mei wei d'Sigma an d'Tamron, (weess lo net wei dat bei canon ass), mee ech giff soen, datt een beim Tamron 90mm oder beim Sigma 105mm net vill falsch maache kann. Dei 2 senn secherlech gudd fier dee Preis, an et ass och schlussendlech de Porte-Monnaie deen entscheed. :-D
(Soss hätt ech och well en Nikon 180mm) :-) Mee et gett fier mech wahrscheinlech ee vun Sigma oder Tamron.
Hoffen, ech konnt e bessen weider hëllefen...
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
18.02.2007 11:43 |
|
|
Ochiniwa
Eroberer
Dabei seit: 13.08.2006
Beiträge: 62
|
|
Salut Buba,
Ech haat genau dei selwescht Fro an sinn dun op verschidden Tester gefall dei all Tamron Canon an Sigma Macroen getest hun.
Keent ass wirklech erausgestach mee den Tamron hat d'Nues liischt fir.
Ech hun en Tamron 90 kaaf an e puer Fotoen sin hei op desem Site drop, do kannst de an menger Galerie nokucken, eischter dei mei rezent photoen wei ..
[pg_img=12066]
[pg_img=11559]
[pg_img=13725]
[pg_img=10908]
[pg_img=10867]
...
|
|
18.02.2007 13:06 |
|
|
|