crochen
Grünschnabel
Dabei seit: 19.11.2010
Beiträge: 2
 |
|
Moien,
kann een mer hellfen wéi kann ech beim LR 6 eng Rumm rondërem eng Foto maachen? Ech fannen deen Tool net (wann et en gëtt).
Merci am Viraus.
Bescht Gréiss,
Caro
|
|
18.05.2016 17:12 |
|
|
gunman
Mitglied
 
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
 |
|
Moien,
Zenter dem 18.5. steet daat do elo hei am Forum, an keng S.. aentfert !
Wann ech hei liesen, dass vill Leit am Lightroom schaffen, dann fannen ech daat extrem traureg, an et léisst déif blecken waat d'Zukunft vun Photogen ugeet.
Meng Meenung.
Ps: Leider kennen ech mech am Lightroom och net gutt genuch aus, soss hätt ech gären gehollfef
|
|
04.06.2016 18:08 |
|
|
ornitho unregistriert
 |
|
Selwer benotzen ech dei Software net, mee Google froen heleft och ab und zu:
Ruhmen slewer op Biller setzen geht net esou einfach ewei am PS, awa am Drockbereich vum Lightroom kann en Biller esou platzeieren op e Blatt mat Borduren, an dono ofspeicheren als Jpeg Datei.
https://youtu.be/AKoWZlOa6t0
Hei iweert e Plugin fir de Lightroom:
https://youtu.be/Uay51Q-IeOY
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von ornitho am 05.06.2016 00:13.
|
|
05.06.2016 00:13 |
|
|
Pit
Mitglied
 
Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36
 |
|
RE: Rummen am Lightroom 6 |
 |
Salut,
also am LR ass dat net sou mat engem Klick ze machen, mee en klengen Tipp:
Lued der NIK Collection erof, déi ass jo elo gratis an kann am LR agebonnen ginn. Do hues du dann vill Méigelechkeeten, Rummen ze kréeieren.
MbG aus Kalifornien
Pit
|
|
05.06.2016 16:51 |
|
|
Pit
Mitglied
 
Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36
 |
|
Salut Gunman,
tjo, wat soll een dozou soen...
Fotoen kréien nach am Duerchschnëtt 200 Klicken, jiddereen kann alles eroplueden, Foto vun der Woch sinn och heinsdo nëmmen 3-5 Fotoen do fir ze wielen, an zu gudder Lescht ass et wéis de schons bemierkt hues esou, dat keen sech weider fir d'Froen vun aneren Leit inetresséiert. Kennt och nach dobai, dat Neier, déi sech bei Photogen unmëllen, keng Kritiik unhuelen wëllen, well se hir Biller fir top halen. Dobai sollt een den een oder aneren Tipp jo schons mol unheulen, well och dat ass jo d'Ziel vun Photogen. Ech wees net wat, mee muss een awer feststellen, dat bei Photogen vill falsch gemach gouf, Resultat dovunner gesinn mer jo an ass net ze verstoppen. Ech sinn net am Comité an well och net do dran, mee irgendeppes misst geännert ginn, oder et muss een zefridden sinn, wéi et elo ass...
Pit
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Pit am 05.06.2016 17:03.
|
|
05.06.2016 17:02 |
|
|
crochen
Grünschnabel
Dabei seit: 19.11.2010
Beiträge: 2
Themenstarter
 |
|
Hallo alleguerten,
Villmools Merci fir är Äntwerten
Jo googlen hunn ech och probéiert gehat, mee ijendwéis ass do net souvill gescheites erauskomm derbäi bzw. et ass oft em vill méi al Versioune vum LR gaang.
Ech kucken mer lo mol déi 2 Videoen an dat matt der Nik Collection un.
Léif Gréiss & schéine Sonnden nach,
C.
|
|
05.06.2016 18:50 |
|
|
gunman
Mitglied
 
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
 |
|
Moien Pit,
Daat wats Du do schreiws ennerschreiwen ech zu 100 Prozent. Et ass nun emol wéi et ass, mais trotzdem kucken ech baal all Daag hei waat esou gepost gett.
Schéin Vakanz !!
|
|
07.06.2016 20:25 |
|
|
BigVood
Grünschnabel
Dabei seit: 10.06.2016
Beiträge: 1
 |
|
RE: Rummen am Lightroom 6 |
 |
Salut,
Lued dir de Plugin "Mogrify2" erof:
http://www.photographers-toolbox.com/products/lrmogrify2.php
Domadder kanns du beim Export uginn, op eng Rumm soll bei d'Bild dobäi gemaach ginn. Déi Rumme kënne rondrëm d'Bild sinn (ouni d'Bild selwer ze iwwerdecken) oder d'Bild deelweis iwwerdecken. De Plugin kann och nach aner Saachen, fir Rummen ass en awer ideal.
|
|
10.06.2016 14:39 |
|
|
Metalbambi
Administrator
    

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
 |
|
Lightroom ass net vir soueppes geduecht. Dat ass den Domaine vum Ps. Lightroom ass geduecht vir Fotoen ze 'entwéckelen', d.h. just Faarf- an Hellegkeetsupassungen (mat Ausnahm vum Spot-Removal, ouni deen et awer einfach onkomplett wier). Alles wat doriwwer eraus geet an Pixelen verréckelt, wech mécht oder derbäi setz ass vir den Ps.
En plus géif ech der dervun ofroden Rummen fest an deng Fotoen ze setzen, well se je no Hannergrond virun deem d'Foto gekuckt gëtt einfach keen Sënn maachen. Vir eng Foto awer ob enger spezifescher Plaz ze weisen, bei eis hei zB, mécht et awer effektiv heiansdo Sënn.
Ceci dit... et gëtt definitiv keen offiziellen internen Tool, mee Nik an Co. sinn genau do vir dann ze hëllefen.
__________________ Anti-Signature
|
|
10.06.2016 19:08 |
|
|
|