Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Fotobearbëchtung » Lightroom oder Camera RAW ? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Lightroom oder Camera RAW ?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

Lightroom oder Camera RAW ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien gesoot,
ech schaffen well nemmen nach am RAW Format, well een do wirklech méi aus engem Bild nach eraus huelen kann. Wann ech mer lo awer den Camera RAW am Photoshop ukuken, an deen mam Lightroom verglaichen, gesinn ech net direkt, firwat et den Lightroom get. Et ass praktesch dat selwecht oder hunn ech do eppes iwersin ?
15.07.2015 11:11 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
ornitho
unregistriert
RE: Lightroom oder Camera RAW ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Pit,

De Lightroom ass am fong e gruppement vun engem Bildverwaltungs, Rawentwecklungs etc..-Program.. Wou am geigensatzt den Adobe Camera-RAW io just e Plugin ass fir de Photoshop.

Wannste wells deng Foto'en verwalten, Metadaten zoufügen etc... dann ass den Lightroom immens Interessant dofir. Och bei da bearbeschtung ass en ennerscheed, Du schaffs Emmer amfong um RAW-Fichier am Lightroom, dat heecht du kanns Emmer nees zereck goen op de Punkt 0 vun der Entwecklung

Den ACR, ass io wie gesot just e Plugin fir de Photoshop, dat heecht 1 x Foto am ACR korrigeiert, Optimiseiert, dann geht dain Bild am PSD op, an dann asset en Tiff ( oder PSD) oder soss irgendeppes an keen RAW mei...Kloer kannste dain Tiff oder PSD-Fichier nach emol iwert Fonktioun (Filter-Camera-Raw) opmachen am ACR, awa et ass keng RAW Datei dann mei...

De Lightroom notzen ech just elo wann Ech 200-400 Biller well entwecklen, do mecht et sen, och mam Klasseieren, de Biller Informatiounen zufügen fir sorteieren etc... ( kanns Astellungen an Änderungen direkt op mei Biller iwerdroen )

Ech selwer notzen awa leiwer Kombi ACR & PSD, oder den DPP & PSD (DPP=Digital-Profes.. vun Canon) Ech kommen op besser Resultater ewei mam Lightroom...Opweul et die nämmlech entwecklungsengine fir RAW-Dateien...

Ech hun leiwer, ech entrauschen mein Bild, an fügen eng Schärfung separat drop am PSD... Beim Lightroom do vermeschen sech Entrauschen an Schärfen , an dann gesait dat vir mein Gout net esou aus ewei ech et am ACR & PSD machen... Am Lightroom schaffste emmer Interaktiv um RAW, soumader heut en Parameter afloss op den anneren... an bei menger Variante schaffen ech Emmer op ofgeschlossen Fichiern.....

Soit mee do muss jidereen sain Mëttelwee fannen an seng Afahrungen sammeln...smile
15.07.2015 15:51
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

Themenstarter Thema begonnen von Pit
RE: Lightroom oder Camera RAW ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci ornitho,
dat war mol eng gudd Erklärung. Lo wees ech dat och emol. Hunn mer déi neisten Versioun DPP vun Canon och erofgelueden, schéint och net schlecht ze sinn.
Dann get lo mol domadder besschen getest, an dann muss ech kuken, wat mer am beschten leit.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Pit am 15.07.2015 18:48.

15.07.2015 18:48 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
ornitho
unregistriert
RE: Lightroom oder Camera RAW ? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

den Dpp ass eng schweier Applicatioun, den traitement freet vill resourcen vum PC oder Mac...
den Dpp ass awa den enzegen Program den da Canon Biller am beschten uweist, well Rauschen ass vill mei reng ewei am Acr, well et en Dretthiersteller Program ass, Wee kann besser sain Raw entwecklen als Canon?Canon selwer, och vun da Schärft an rengen Detailer , do kennt den Acr net no... doffier man ech meng grond entwecklung am DPP -> dann export/open am PSD, dann heuste en TIFF am 16 Bit an bechter Qualiteit, denste dann kanns do ferdeg bearbeschten...
15.07.2015 19:38
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wat och en groussen Pluspunkt vum Lr géigeniwwer vum Camera Raw ass, ass d'Méiglechkeet vill Biller mateneen ze entwéckelen. Wanns de 300 Fotoen an den selwechten Conditiounen opgeholl hues, zB e Sportsevent oder en Dag ob der Plage, kanns de einfach eng verschafen an mat all den aneren Fotoen synchroniséieren. Dann muss de do héchstens nach 2-3 minimal Upassungen maachen, wann iwwerhaapt, an du hues den ganzen Butték fäerdeg vir als JPG (oder soss eppes) ze exportéieren. Do kanns de ëm dann nach soen wéi grouss d'Fichieren sollen sinn, wéi se heeschen, wat vir een Profil, Waasserzeechen,... an du hues an 1-2h Aarbecht d'Fotoen fäerdeg vir un aner Leit weider ze leeden.

Dat ass menger Meenung no den gréissten Notzen vum Lr. Mat ACR muss de do all Foto separat obmaachen, verschaffen an nees späicheren.

Kann dat lo net mam DPP vergläichen well ech eng Sony hunn, dat muss de dann lo selwer ausprobéieren. Wanns de wëlls kanns de dat dann och nach hei bäifügen, dann kennen déi nächst mat der selwechter Fro och dervun profitéieren. smile

Hoffen konnt nach en bëssen weiderhëllefen.

__________________
Anti-Signature
16.07.2015 00:36 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
ornitho
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

salut Bob, dat ass ganz richteg waste schreiws, den ACR kann dat awa och, vill Biller beieneen verschaffen, du kanns tatsächlech eng ganz Serie am ACR opmachen, dei Syncen an deng Upassungen, beschneidungen etc.. machen, awa , elo kennt et, wannste dann 200 Dateien esou verschaft heus, dann mechten awa obemol all Foto enzel am PSD op, datt Echt du heus dono och 200 Enzel Dateien op, an dann muste manuell ofspeicheren goen....oder mees e script, mee bei sou villen Biller am PSD leeft da Maschine egal wei dann out of memory... Och mat 16 an 32 GB Ram
16.07.2015 07:12
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Fotobearbëchtung » Lightroom oder Camera RAW ?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH