MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
salut
ech hun och een apprentissage gemach, an ech hat chance dass ech bei deem éischte fotograf wou ech gefrot hat gehol gouw. am normale fall as dat vill méi ustrengend. ech giff mech emol bei der fédération des photographes mellen. kann näischt schueden Misst dat do sin...
a bei der ADEM muss de dech umellen. dat muss de herno souwisou, an et kënnt gudd, wanns de dat scho gemach hues. (ADEM: verpass keen eenzege RV, se sin nawell relativ sec gin.
an da muss de ebe sichen. mach der ee gäile portfolio, deen ee gudd presentéiere kann. du muss an dénger bewerbung an am interview beweisen dass de aarbecht gesäis, dass de flexibel mat déngem stil bas, an natiirlech dass de dat kann wats de denks dass dee fotograf am meeschte braucht. bei ville fotografe muss de och e minimum u Vente kënnen. a virun allem bereed sin et ze man. et kënnt op de beräich vum fotograf un, mee meng net dass de déi meescht zäit fotoe schéiss.
elo sichs de der en telefonsbuch, sichs der sämtlech fotografen am land eraus, a lass!
__________________
|
|