Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » "Deng Foto as net ugehol gin" » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (5): « erste ... « vorherige 3 4 [5] Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen "Deng Foto as net ugehol gin"  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Scorpius
Jungspund


Dabei seit: 18.09.2010
Beiträge: 18

Themenstarter Thema begonnen von Scorpius
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech muss dem Quaffit hei zwar zoustemmen. Ech sin just en amateur an der fotografie sou wei photoshop, me ech denken awer das een mat helef vun Photoshop seng fotoen opbesseren kann bzw korrekturen machen kann sou das dfoto besser as, soss genge mer dat jo net baal alleguer machen oder ?

Theoretesch gesin keint een mam photoshop jo quasi eng Foto zeechnen genau sou wei se och aus dem aparat geng komen. Theoretesch wuelbemiekt. Also gesin ech neicht wat dogeint schuetzt das een mat helef vum Photoshop eng foto keint opbesseren. Et huet natielech just nemi fill mat Fotografie ze din...
02.03.2011 14:49 Scorpius ist offline E-Mail an Scorpius senden Beiträge von Scorpius suchen Nehmen Sie Scorpius in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

De Problem ass net photoshop gebrauche fir Verbesserungen ze maachen, mee dass vill Leit denken dass se aus enger Foto, déi net gutt ass, mam PS eng gutt Foto kéinte maachen.

Et kann ee keng Foto am Photoshop zeechnen, och net theoretesch, well dann ass et der Definitioun no keng Fotografie méi Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
02.03.2011 15:12 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Quaffit Quaffit ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
De Problem ass net photoshop gebrauche fir Verbesserungen ze maachen, mee dass vill Leit denken dass se aus enger Foto, déi net gutt ass, mam PS eng gutt Foto kéinte maachen.

Et kann ee keng Foto am Photoshop zeechnen, och net theoretesch, well dann ass et der Definitioun no keng Fotografie méi Augenzwinkern


Fir hei drop zeréck ze kommen.... et kann een zwar d'Kompositoun vun enger Foto net mat PS verbesseren ausser et helt een se auserneen fir en digitalt Bild ze maachen, an dann as et jo keng Foto méih, awer et kann een dach awer:

1) Perspektiv korrigéieren (net emsos huet PS Profiles vir déi verschidden Objektiver)
2) den Bildausschnëtt verbesseren - waat immens vill kann un enger Foto änneren.
3) Faarwen korrigéieren
4) kleng Fehler ewechmaan wéi z.B. alles daat waat een ewech stempele kann
5) Proportiounen verbesseren - esouguer Topmodeler gin ge-shoppt fir besser auszegesin - z.B. Aan vergréissert.
6) fehlerhaft Beliichtung korrigéieren - net emsos erlabt PS Blendenkorrekturen vun +2 an -2. A wiem as et net schons geschitt, dass en den Aparat mol falsch agestallt haat? Fréiher hun mir am Geschäft ennerbeliichten Fotoen aussortéiert an se net geholl - haut kann een se meescht retten, wann se net grad total schwarz sin.

Et kann een natirlech dem Aparat verschiddenes iwerloossen awer dann stellt een en op Automatik an dofir brauch ech keng DSLR. Ech hun mir esou eng kaaft, well ech meng Fotoen selwer well erausschaffen.

Virun kurzem huet den WorldTraveler, een neien Member hei op photogen eng Foto vun engem Sonnenennergang agestallt an ech haat him do drop geäntwert dass ech an sengem Fall daat Stéck Palm uewen lénks am Bild ewech retouschéiert hätt. Ech hun him erklärt wéi daat geet an hien huet mir do drop geäntwert dass en awer net verstan huet waat ech gemengt hun. Ech hun mir dun erlabt seng Foto hei erofzelueden, se ze editéieren, an hun em se an denen verschiddenen Versiounen op mäin iDisk gesaat fir dass en gesäit waat ech gemengt haat. En war begeeschtert dovunner an huet mir direkt den Link op eng aner Foto gin, wou ech em och weidergehollef hun. D'Resultater kann jiddereen gären am Album vun mengem iDisk kucken: http://gallery.me.com/quaffit#100274

Ah jo: an waat soll "FaceBook-Niveau fir en Niveau sin? WIEN definéiert den? Ech kennen e puer Leit déi ganz ambitionéiert Hobby-Fotografen sin an och op FB hier Fotoen weisen. Ech maan daat och, an daat oft iert ech se hei op photogen iwerhapt astellen, fir mengen Frënn a Kollegen hier Meenung ze héieren iert ech se hei astellen. As daat dann och "just FaceBook-Niveau"? Fir mech as FB-Niveau déi typesch Tussi-Fotoen wou selbstverléiwten Hénger sech mat hierem iPhone virun de Spiggel stellen fir sech selwer ze knipsen, an esou Wierker hun ech zum Gléck nach net hei op photogen font. Awer do huet wouel jiddereen seng eege Meenung wéi en FB-Niveau definéiert.

Et as iwerhapt esou eng Saach... wéi définéiert een iwerhapt wéini eng Foto fehlerhaft as, a wéini nët? Fehlerhaft as se menger Meenung dach nemmen, wann vun vir eran festgeluecht gouf, waat fir engen Kriterien se entsprieche muss fir können ugeholl ze gin, wéi z.B. dass jiddereen sech un de gëllene Schnatt ze halen hätt a wien daat net mecht, dem seng Foto get net ugeholl. Wann awer déi Regelen zimlech lasch sin, kënt logescherweis och méi Material zesummen.
Ech sin allerdéngs der Meenung dass Regelen dofir do sin fir gebrach ze gin. Wa mir eng Foto gefällt, da gefällt se mir eben an et as mir puupegal ob se dann lo irgendwellechen Regelen entsprecht, oder net.

Leider hun ech geschter mussen schaffen dofir konnt ech net mat Iech all déck Bullen maachen. Awer vläit déi nächste Kéier Freude

Gast
03.03.2011 10:43 Quaffit ist offline E-Mail an Quaffit senden Homepage von Quaffit Beiträge von Quaffit suchen Nehmen Sie Quaffit in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Quaffit anzeigen
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

jo den photoshop...
en ass mega an och megageféierlëch.
well eppes hu mer hei nach nët gesot: den ps kann virun allem och aus enger gudder foto eng ganz schlecht maan ;-)

am eescht (an dann lossen ech et gutt sin), wéi jiddereen hun ech matt knipsen ugefaang an gemengt den ps mëcht de recht.

entre temps ass et sou dass ech komplett back to the roots sin an am léiren richteg ze photograféiren, an fir mëch nach vill méi an déi richtung ze zwëngen photograféiren ech haut och matt film (ech hun virdrun nie matt film geschafft), matt dem resultat, dass haut meng biller korrekt beliicht sin etc an zënterhier muss ech vill manner am lightroom korrigéiren...

et lount sëch also

(ech hoffen et passt nach iergentwéi zum Thema ;-) )
03.03.2011 10:48
Quaffit Quaffit ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 13.10.2008
Beiträge: 24
Herkunft: Luxemburg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von xaph32
jo den photoshop...
en ass mega an och megageféierlëch.
well eppes hu mer hei nach nët gesot: den ps kann virun allem och aus enger gudder foto eng ganz schlecht maan ;-)

am eescht (an dann lossen ech et gutt sin), wéi jiddereen hun ech matt knipsen ugefaang an gemengt den ps mëcht de recht.

entre temps ass et sou dass ech komplett back to the roots sin an am léiren richteg ze photograféiren, an fir mëch nach vill méi an déi richtung ze zwëngen photograféiren ech haut och matt film (ech hun virdrun nie matt film geschafft), matt dem resultat, dass haut meng biller korrekt beliicht sin etc an zënterhier muss ech vill manner am lightroom korrigéiren...

et lount sëch also

(ech hoffen et passt nach iergentwéi zum Thema ;-) )


Do sin ech awer voll Denger Meenung! Mäin Wee war eben just dass ech mat Film ugefang hun, an besonnesch am Ufank vill Schrott produzéiert hun. Eréischt mat Digital as et séier anescht gin well ech do direkt gesin hun waat falsch war, an dun war et méi einfach ze korrigéieren. Ech huelen un daat war well engem am Digitalen d'Werter ugewisen gin, mat denen een beliicht haat, waat een jo längst rem vergies haat wann een entwéckelt Fotoen erem zeréck kruut. Ech sin elo och erem um Wee zeréck op analog, awer parallel zu digital, well béides huet säin Reiz. Zum Gléck haat ech meng aal EOS100 net verkaaft.

Jo et louhnt sech wirklech fröhlich

Gast
03.03.2011 12:41 Quaffit ist offline E-Mail an Quaffit senden Homepage von Quaffit Beiträge von Quaffit suchen Nehmen Sie Quaffit in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Quaffit anzeigen
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

jo richteg, ech maan och béides an wert och nët den fehler maan mëch zum purist ze entwëckelen, d'zukunft lait zwar ëmmer am fortschrëtt me d'vergaangenheet sollt een och kennen
mir sin eis also eens
iwregens dës diskussioun emfannen ech nët als facebook-gelabers

an dësem sënn...
03.03.2011 13:59
Seiten (5): « erste ... « vorherige 3 4 [5] Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » "Deng Foto as net ugehol gin"

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH